Réckruff vum „Reblochon de Savoie“ AOP

D‘Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen de „Reblochon de Savoie“ AOP vun der Mark Auchan MMM, sou wéi och dee vun der Mark Patrimoine Gourmand zeréck. Grond ass d‘Brucellose, eng bakteriell Infektiounskrankheet, déi bei enger Kou nogewise gouf.

Persounen déi de Kéis giess hunn an uschléissend Zeeche vu Middegkeet, Féiwer an/oder Péng a Kappwéi opweisen, sollen direkt bei den Hausdokter goen. D‘Inkubatiounszäit läit bei 2 bis 4 Wochen. Kéis, dee méi wéi 60 Deeg gelagert gouf oder am Schäffchen zoubereet gëtt, stellt kee Risiko méi duer.

Hei den Detail:

Reblochon de Savoie AOP

  • Numm: Reblochon de Savoie AOP
  • Mark: Auchan MMM
  • Unitéit: 450 g
  • Barcode: 3 596710 462773
  • Halbarkeetsdatum: 13.11.2021; 20.11.2021; 25.11.2021; 03.12.2021
  • Lot: 311920; 311927; 311933; 312012
  • Verkafsperiod: 30.09.2021 – 15.11.2021

Reblochon de Savoie AOP

  • Numm: Reblochon de Savoie AOP
  • Mark: Patrimoine Gourmand
  • Unitéit: 450 g
  • Barcode: 3 257985 003435
  • Halbarkeetsdatum: 22.11.2021; 30.11.2021; 03.12.2021; 05.12.2021; 06.12.2021; 14.12.2021; 18.12.2021
  • Lot: 311921; 311929; 311931; 311933; 311935; 312013; 312016

De Produit gouf am Auchan a Cora verkaaft. D‘Vente op enger anerer Plaz kann allerédngs net ausgeschloss ginn.

Dernières nouvelles