D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet hu Friemkierper a Form vu Metallstécker am Sauerkraut mat Schwarzwälder Ham vun der Mark Kühne fonnt. Bei Consommatioun besteet Erstéckungsgefor an/oder de Risk vu bannenzege Blessuren.
Hei den Detail zum Produit:
- Numm: Sauerkraut mit Schwarzwälder Schinken Fix & Fertig Standbeutel
- Mark: Kühne
- Unitéit: 400 g
- Halbarkeetsdatum: 07/05/2023
De Produit gouf zu Massen verkaaft, allerdéngs kann net ausgeschloss ginn, datt och aner Geschäfter et an der Vente haten.