Réckruff: All Pizzae Fraich’Up vu Buitoni

D’Pizzae Fraich’Up vu Buitoni ginn zeréckgeruff, si kéinten E. Coli Bakterien enthalen. Dobäi ass all Pizza betraff, déi bis Enn Mäerz haltbar ass.

D’Produkt gëtt am Auchan verkaf, et kann awer net ausgeschloss ginn, datt d’Pizzaen och an anere Geschäfter ze fanne sinn.

E. Coli Bakterië kënnen eng Liewensmëttelvergëftung verursaachen. Symptomer si schwéier Mokrämp, esou wéi Mo-Daarm-Stéierungen. Bei eelere Persounen, klenge Kanner an immungeschwächte Leit kënnen d’Symptomer sech verschlëmmeren.

Persounen, déi dës Pizza konsuméiert hunn a Problemer mam Mo oder Daarm hunn, sollen den Hausdokter consultéieren.

Dernières nouvelles