Search

You may also like

Heavy Petrol Unplugged: Akustesch Kläng zu Déifferdeng!
Neiegkeeten

Heavy Petrol Unplugged: Akustesch Kläng zu Déifferdeng!

Fir eng éischte Kéier wäert d’Lëtzebuerger Bluesgrupp Heavy Petrol um

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert
Neiegkeeten

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Um Mëttwoch hu moslemesch Leader d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als Haaptstad

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen
Neiegkeeten

Treffen tëscht Inneministère a SYVICOL: Méi Subside fir Gemengen

Gëschter huet sech d’Inneministesch Taina Bofferding mam SYVICOL zesummegesat, fir

OPGEPASST: Salmonellen an der katalanescher Wurscht vu SOLA

OPGEPASST: Salmonellen an der katalanescher Wurscht vu SOLA

D’Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt sech an der katalanescher Wurscht vun der Mark SOLA, déi am Auchan verkaaft ginn, Salmonelle befannen an de Produit dofir zeréckgeruff gëtt.

Et handelt sech souwuel ëm d’Wurschte vum Typ natur, mat Kraider, schwaarzem Peffer,roudem Peffer, wäissem Peffer, Knuewelek, Zwiwwel a Rosmarin.

De concernéierte Produit gouf direkt aus der Vente gezunn. Salmonelle kënne 6 bis 72 Stonnen no der Consommatioun zu Iwwelzechkeet, Bauchkrämp, Duerchfall, Féiwer, Kappwéi oder Iwwergi féieren.

Huet een de Produit zou sech geholl a weist een oder méi vun dëse Symtpomer op, gëtt geroden en Dokter opzesichen.

SOLA

Weider Detailer zu de betraffene Produiten:

  • Numm: Fuet Catalan, Fuet Catalan fines herbes, Fuet Catalan poivre noir, Fuet Catalan poivre rouge, Fuet Catalan poivre blanc, Fuet Catalan ail, Fuet Catalan oignons, Fuet Catalan rosmarin
  • Mark: SOLA
  • Unitéit: 150 g
  • EAN: 8420941003106, 8420941219019, 8420941219026, 8420941219033, 8420941219040, 8420941219057, 8420941219064, 8420941219071
  • Stempel: ES 10.12147/B CE, ES 10.01924/B CE
  • Lot: All
  • Halbarkeetsdatum: All
Related topics Auchan, Réckruff, SOLA, Wurscht
Next post Previous post