Search

You may also like

Editorial: de Lëtzebuerger Journal net méi offiziell DP-Parteizeitung
Neiegkeeten

Editorial: de Lëtzebuerger Journal net méi offiziell DP-Parteizeitung

An der Mëttegstonn ee Samschden, war d‘Familljeministesch a Presidentin vun

Dem Prënz Charles säin éischte Gebuertsdag
Neiegkeeten

Dem Prënz Charles säin éischte Gebuertsdag

Haut feiert S.A.R. de Prënz Charles, Bouf vu LL.AA.RR. dem

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!
Neiegkeeten

Fräiheet fir katalanesch Separatisten!

Honnertdausend Mënschen hunn gëschter an de Stroosse vu Barcelona d‘Fräiloossung

OPGEPASST: Salmonellen a verschidden Zoossissen vu „La Provençale“

OPGEPASST: Salmonellen a verschidden Zoossissen vu „La Provençale“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffe wéinst Salmonelle véier Zorten Zoossiss vun „La Provençale“ zeréck. Si goufen zu Lëtzebuerg a grousse Supermäert, an de Butteker vun Tankstellen, an Epicerien a beim Metzler verkaaft.

Konsuméiert een de Produit, kann dat no bis zu 72 Stonnen zu Iwwelzegkeet, Erbriechen, Bauchkrämp, Duerchfall, Féiwer an/oder Kappwéi féieren. Besonnesch bei jonke Kanner, Persoune mat Immunschwächt an eelere Leit kënnen dës Symptomer ëmsou méi staark sinn. Huet een d’Zoossiss giess a weist Symptomer op, soll een esou schnell wéi méiglech en Dokter kontaktéieren.

Folgend Produite ginn zeréckgeruff:

  • Numm: Assortiment Saucisses Barbecue
  • Mark: La Provençale
  • Unitéit: 5 Stéck
  • Halbarkeetsdatum: All Datum tëscht dem 16/04/21 an dem 23/04/21
  • Lot: 520520 an 534534

Zoossis

  • Numm: Bierstumpen Mini
  • Mark: La Provençale
  • Unitéit: 4 Stéck mat ëm 50g (insgesamt 190 g)
  • Halbarkeetsdatum: 25/04/21
  • Lot: 513166

Zoossis

  • Numm: Mettwurst
  • Mark: La Provençale
  • Unitéit: 3 Stéck fir 340 g
  • Halbarkeetsdatum: 25/04/21
  • Lot: 513218

Zoossis

  • Numm: Mettwurst Cocktail Maison
  • Mark: La Provençale
  • Unitéit: 80 Stéck vu 15 g
  • Halbarkeetsdatum: 25/04/21
  • Lot: 530494

Zoossis
Related topics Assortiment Saucisse Barbecue, Bierstumpen Mini, La Provencale, Liewensmëttelsécherheet, Mettwurscht, Réckruff, Salmonellen, Zoossis
Next post Previous post