Search

You may also like

money
Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht
Neiegkeeten

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

E Freideg hat de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), der Finanz-

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat de Golanhéichten
Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat de Golanhéichten

Mat der Unerkennung vun de Golanhéichten als souveräänt Gebitt vun

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!
Neiegkeeten

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!

Veréierer vun de beléiften US-Maschinnen a Besëtzer vun engem historeschen

Récktrëtt aus der CSV: Villmools Merci Marco Schank!

Récktrëtt aus der CSV: Villmools Merci Marco Schank!

Den CSV-Politiker Marco Schank trëtt den 13. Oktober 2020, bei der éischter ëffentlecher Sitzung vun der neier Parlamentssessioun 2020-2021, als Deputéierten zeréck.

Heizou erkläert d’CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen: „Mir respektéieren d’Entscheedung aus perséinleche Grënn vun eisem Kolleg Marco Schank. Trotzdeem bedauere mir de politeschen a mënschleche Verloscht. De Marco Schank huet mat groussem Engagement d’CSV ekologesch méi nohalteg a sozial gerecht gemaach.

Och säin Asaz fir de ländleche Rau, de Bezierk Norden an den ëffentlechen Transport bleift onvergiess. Mir soen häerzlech Merci fir säin Engagement iwwert Joerzéngtenewch. Seng besonnesch a wäertorientéiert Stëmm wäert am Parlament an och bei eis feelen. Mee mir wäerten och an Zukunft säi Rot ze schätze wëssen. Villmools Merci Marco an alles Guddes fir deng perséinlech a politesch Zukunft!“

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun

Opmaacherbild © CSV

Related topics CSV, CSV-Fraktioun, Marco Schank, Merci, Politik, Récktrëtt
Next post Previous post