Nach keen Hëllefspak a Siicht
No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee
No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee
D‘Gehälter am Gesondheetswiese bei eise belschen Nopere sinn net déi
Si goufe scho virun 2.000 Joer am ostasiatesche Raum beuecht,
De Méindegowend hunn dausenden Demonstranten zu Sofia géint déi korrupt nationalkonservativ Regierung vum Ministerpresident Boyko Borisov protestéiert. Et war dat de fënnefte Protestdag a Folleg. Vill vun den Demonstrante werfen de Regierung mafiéis Handlungsweise vir.
Gëschter Owend hunn d‘Demonstranten dann och de Récktrëtt vum Generalprocureur gefuerdert, deen eng Perquisitioun an de Büroe vun zwee Beroder vum Staatschef Rumen Radew ugeuerdent hat. Och de Récktrëtt vum Inneminister Mladen Marinow, gouf gefuerdert, datt wéinst erwisener Policegewalt géintiwwer engem Demonstrant. De friddlechen Opstand ass zanter en Donneschdeg net méi opzehalen.
D‘Leit déi sech hei am Stadzentrum vum Sofia versammelen, sinn es der zanter 2017 amtéierender Koalitiounsregierung iwwerdrësseg. Ënnerstëtzt ginn d‘Demonstrante vun den oppositionelle Sozialisten an dem pro-russesche Staatspresident Rumen Radew, dee leschten Donneschdeg selwer als Riedner bei der Maniff opgetruede war. Hien hat dozou opgeruff, d‘Mafia aus der Regierung ze verdreiwen.
Iwwert de Weekend hat de Boyko Borisov senge Landsleit erkläert, datt seng Regierung schon aus „Verantwortung“ net wäert zrécktrieden. Déi nächst Parlamentswahle sollen am Mäerz 2021 stattfannen, mee géif et zum gefuerderte Récktrëtt kommen, kéint eng virgezunne Wahl am spéiden Hiecht stattfannen. Dat ass dem Fait geschëlt, datt de Staatspresident laut Verfassung, als éischt muss eng Interim-Regierung asetzen.
De Protest, och wann dëse fundéiert ass, bereet dem Beruffsverband vun den Dokteren allerdéngs eppes Kappzerbrieches. Si verlaange vun den Demonstranten zumindest Gesiichtsmasken unzedoe well un ee Sécherheetsofstand net ze denken ass. Si weisen drop hin, datt zanter Mëtt Juni, d‘Zuel vun den Neiinfektioune rapid zouhëlt, an de bulgaresche Gesondheetssystem engem gréisseren Ausbroch net standhale kann.
mat indymedia/sof
Foto: © Mete Sohtaoglu (via Twitter)