GovJobs mat iwwer 2.300 neie Plazen: Recrutements-Campagne an der Fonction Publique

Mat méi wéi 32.000 Agenten (Stand: 1. Mee 2022) ass de Staat de gréissten Employeur vum Land. Fir och op d‘Erausfuerderungen vun der Zukunft gefaasst ze sinn, wäerten op der Plattform GovJobs zuelräich weider Plazen am ëffentlechen Déngscht ugebuede ginn.

Zil ass et, an enger Welt déi sech immens schnell virun entwéckelt a verännert, virun allem d‘Ministèren an d‘Verwaltungen ze ënnerstëtzen, an dat mat der Kraaft vun neie motivéierten Talenter. Dobäi sinn Job-Offeren an de verschiddenste Beräicher an Aktivitéiten ze fannen.

Fir des oppe Plazen ervirzehiewen huet de Marc Hansen, Minister fir d‘Fonction Publique, haut déi nei Rekrutements-Campagne presentéiert, déi an den nächste Wochen op den ënnerschiddlechste Kanäl siichtbar wäert sinn. Zousätzlech gëtt och d‘Plattform GovJobs iwwerschafft, sou datt de Site net nëmmen op Franséisch, mee och op Lëtzebuergesch opruffbar ass.

GovJobs ass zanter senger Kreatioun am Joer 2017 d‘Plattform, op där Kandidaten Aarbechtsplazen am ëffentlechen Déngscht, an zanter kuerzem och fräi Plazen am Gemengesecteur fanne kennen. Zousätzlech kenne sech interesséiert Persounen esou online fir déi verschidde Staats- a Gemengenexamen aschreiwen. De Site gouf bis ewell iwwer 8,6 Millioune Mol opgeruff.

Dernières nouvelles