Search

You may also like

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem
Fail Neiegkeeten

CGFP, Arméi, Police a Regierung hunn ee Problem

E leschte Méindeg hat d‘CGFP zesumme mat der SPFP op

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL
Fail Neiegkeeten

De Landesverband vereenegt sech mam OGBL

De Verband vun den Eisebunner, Aarbechter aus dem Transport, Fonctionnaire

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)
Fail Neiegkeeten

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et wéinst dem Reamenagement vum Echangeur

dislike

Vun de neie Reegelen am Code de la Route profitéieren!

Vun de neie Reegelen am Code de la Route profitéieren!

Wéi déi lénk et richteg festgestallt huet, sinn den 1. Mee nei Reegelen am de Code de la Route a Kraaft getrueden. Déi Stater Sektioun huet déi dann och opgegraff, a fuerdert se am Sënn vum Bierger auszenotzen, an de Boulevard Royal fir Foussgänger a Cycliste méi sécher ze maachen.

D‘Mesure hätten awer och nëmmen dann en Impakt op d‘Mentalitéiten an de Behuel vun de Leit, wann se vun den entspriechenden Amenagementer begleet ginn, déi kuerzfristeg op deene Plaze virgeholl ginn, wou d‘Situatioun et verlaangt. Dat gëllt dann och besonnesch fir eis Haaptstad, an hei op deem Deel vum Boulevard Royal, beim spéideren Akafszenter „Royal Hamilius“, also tëscht der Avenue Emile Reuter an der Bréisseler Plaz.

Hei misst d‘Strooss, hisiichtlech der geplangter Tram-Trasse, esou ageriicht ginn, datt eng reell Verkéiersberouegung entsteet, an den Autosverkéier entspriechend reduzéiert gëtt. Beim Projet wéi en aktuell geplangt ass, wier dat, esou déi lénk, net de Fall. Et gëtt awer drop higewisen, datt mat der Ouverture vum „Royal Hamilius“ an dem neie Pôle d‘Echange, méi Foussgänger a Cyclisten ugezu ginn. Déi lénk stellt sech an dësem Zesummenhang dann och eng ganz Rei Froen.

Firwat ass hei net un eng Vëlospiste geduecht ginn? Wier et net am Sënn vun der Sécherheet generell besser gewiescht, op dëser Plaz d‘Vitesse erofzesetzen, am Plaz un den zoulässege 50/Kmh festzehalen? Eng Vitesse, déi jo awer aktuell schonn unhand dem Trafic net erreecht ka ginn. Owes allerdéngs, geséichen sech vill Automobilisten animéiert hei mat engem Kavaléierstart opzefalen. Eng Geforequell, déi duerch „verkéiersberouegend Moossnamen“ kann ausgeschloss ginn.

Sécher Vëlospiste sinn e „must“

Déi lénk bedauert dann och nach, datt unhand de Pläng déi hinne virleien, keng Vëlospisten an den Avenue Monterey an Emile Reuter virgesi sinn, dat op de Strecken tëscht dem Boulevard Prince Henri an dem Boulevard Royal. Un engem Beispill kann dat verdäitlecht ginn:

En Cyclist dee sech sécher vum Rollengergronn op den Hamilius fuer wëll, an dobäi d‘Avenue Emile Reuter benotzt, ass bal gezwongen den Ëmwee duerch de Park ze maachen, an dann iwwert d‘Avenue Marie-Thérèse erauszefueren. Aktuell ass dat déi eenzeg Achs déi esou amenagéiert ass, déi de Cyclisten en eenegermoosse sécheren Iwwergang vum Boulevard Royal erlaabt.

Wann dëse Cyclist sech elo entscheet säi Vëlo an der Garage stoen ze loossen, an dee selwechten Trajet mat sengem motoriséierte Gefier zeréckleet, kann hien direkt iwwert d‘Avenue Monterey fueren, fir sech da spéider am ënnerierdesche Parking vum Akafszenter ze Parken, an herno duerch d‘Avenue Emile Reuter erausfueren. Dat, esou déi lénk, wier eng Absurd Situatioun.

Esou wéi de Projet aktuell geplangt ass, wier en net op der héicht vun der Politik wéi se a villen europäesche Stied verfollegt gëtt. Eng Reduzéierung vum individuelle motoriséierte Verkéier sollt d‘Zil vun all Stad sinn, déi d‘Liewensqualitéit vun der Bierger an de Gäscht aus dem In- an Ausland eescht huelen. Dofir fuerdert déi lénk vum Schäfferot an der Regierung:

  • d‘Vitesse um Boulevard Royal op 30/Kmh erofzesetze;
  • den Cyclisten d‘Méiglechkeet anzeriichten, d‘Avenue Monterey a Reuter bis zum Boulevard Royal eropzefueren, a falls noutwenneg, d‘Autoen déi an entgéintgesater Richtung fueren, Schrëttgeschwindegkeet ze fueren;
  • d‘Zuel vun de Passage fir d‘Cyclisten um Boulevard Royal ze erhéijen;
  • Vëlospisten um Boulevard Royal ze amenagéieren (a falls dat net méiglech wier, soll de Cyclisten erlaabt ginn d‘Busspuer ze notzen, ausgeholl bei der gemëschter Sektioun Bus/Tram um Arrêt Hamilius)
Related topics Cyclisten, déi lénk, Foussgänger, Stad Lëtzebuerg, Vëlospisten
Next post Previous post