Search

You may also like

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag
International Neiegkeeten

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag

Déi zwee koreanesch Staatscheffen hunn sech, beim historesche Sommet op

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen
International Neiegkeeten

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen

D‘Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe muss sech op en Neits mat engem

13. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Duerch de Bildschierm geprost?
International Neiegkeeten

13. Lëtzebuerger Wäibaudeeg: Duerch de Bildschierm geprost?

E Mëttwoch huet déi 13. Editioun vun de Lëtzebuerger Wäibaudeeg

EU Rot: Fir méi Flexibilitéit beim schwankende Fluchverkéier

EU Rot: Fir méi Flexibilitéit beim schwankende Fluchverkéier

Pandemie-bedéngt ass och de Fluchverkéier vun Onsécherheete bei hire Flich an der Anhalung vun Zäiten geplot. Wa reesen mat ëmmer méi Restriktioune verbonne gëtt a Kontaktbeschränkungen sech am Alldag fest integréiert hunn, ginn och manner Fligere besat. Geeschterflich an e Réckgang vum Fluchverkéier sinn d’Konsequenz. Aus dësem Grond huet den EU-Rot e Mëttwoch ugekënnegt, de Fluchgesellschaft duerch eng nei temporär begrenzt Virschrëft ze hëllefen.

Nach virum Ufank vum Summerfluchplang um 28. Mäerz 2021 soll eng Reegelung a Kraaft trieden, déi d’Ufuerderunge fir d’Notzung vu sougenannten Zäitnischen u Fluchhäfen lockert. Doduerch soll dem Secteur den Neistart vereinfacht an d’Konkurrenzfäegkeet gefërdert ginn. Dës Weideren bedeit manner eidel, respektiv geréng besat Fligeren an d’Loft ze schécken, och manner Emissiounen auszestoussen.

„Déi gelockert nei Bestëmmunge fir d’Zäitnischen suerge fir Ausgläich, andeem Fluchgesellschaften dréngend benéidegt Hëllef erhalen, d’Konkurrenzfäegkeet gefërdert an e méiglechst zäitnoe Retour zur Normalitéit virbereet gëtt“, sou de Pedro Nuno Santos, Rotspresident a portugisesche Minister fir Infrastruktur a Wunnengswiesen.

Duerch d’Zäitnische, och Slots genannt, weist de Fluchhafen enger Fluchgesellschaft eng Zäitspan fir ze Starten oder ze Landen zou. Begrenzt ass hir Unzuel duerch d’Kapassitéite vum jeeweilege Fluchhafen (Unzuel u Start- a Landebunnen, zäitlech oder raimlech Fluchverbueter,…).

Allgemeng ass et an der EU esou virgesinn, dass Fluchgesellschaften op mannst 80% vun hiren Zäitnischen fir d’Arrivée an den Depart anhale mussen, fir dës am Joer drop ze behalen. Duerch d’Decisioun vum Rot solle Fluchgesellschaften d’Halschent vun dësen Zäitnischen zeréckkréien. Gefuerdert gëtt allerdéngs, dass si wéinstens d’Halschent vun den iwwrege Slots nach benotzen.

Bei dëser Reegelung kritt d’Kommissioun d’Erlaabnis fir e Joer laang delegéiert Rechtsakten nozeloossen, fir déi zwou uschléissend Saisonen ofzedecken. Zudeem besteet d’Méiglechkeet fir d’Auslaaschtungsquote ze änneren, an et huet een e Spillraum vun 30 bis 70%.

An onsécheren Zäiten offréiert dëse Schrëtt dem schwankende Fluchverkéier flexibel Upassungen.

Opmaacherbild: © Ashim da Silva / Unsplash

Related topics EU-Rot, Flexibilitéit, Fluchgesellschaft, Fluchhafen, Fluchverkéier, Geeschterflich, nei Reegelung, Pedro Nuno Santos, Slot, Zäitnische
Next post Previous post