Search

You may also like

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“
Neiegkeeten

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“

D‘Nathalie Arthaud, Spriecherin vu Lutte Ouvrière (LO) huet e Sonndeg,

This day in history: D‘Entdeckung vum Neptun
Neiegkeeten

This day in history: D‘Entdeckung vum Neptun

Den 23. September 1846 huet den däitschen Astronom Johann Gottfried

Déi däitsch Police huet kee Problem mam Rassismus
Neiegkeeten

Déi däitsch Police huet kee Problem mam Rassismus

D‘SPD-Cheffin Saskia Esken hat ee „latente Rassismus bei der Police“

Referendum zu Sandweiler

Ee Sonndeg ware d‘Awunner vun der Gemeng Sandweiler agelueden sech fir oder géint den Erhalt vun der Märei auszedrécken

Referendum zu Sandweiler

Zanter ee puer Méint dréint sech der „Gewerbesteier-Schlofgemeng“ alles ëm déi 20 Joer al Märei. Déi konservativ Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz (CSV) vu Sandweiler, wëll d‘Gebai dem Buedem gläich maachen, déi sozialistesch a liberal Oppositioun, well d‘Mauere behalen. Am Januar gouf sech dann op de 25. Abrëll verstännegt, fir d‘Bierger decidéieren ze loossen.

Beim Referendum vu gëscht, konnten sech eng 1.800 vun de ronn 3.600 Awunner vun der Gemeng mat hirer Stëmm fir d‘Erhale vun der Märei, wéi fir d‘Ofrappe vun de Märei ausschwätzen. Datt et elo d‘Bierger sinn déi mussen entscheeden – wat bei esou Projeten eigentlech sollt d‘Norm sinn – nodeems och no iwwert engem Joer keng politesch Léisung méiglech war, ass awer net üblech.

Sécher géife vill Lëtzebuerger et begréissen, wann ee, wéi an der Schwäiz, méi Referende géif bei Projeten organiséieren, an esou der Meenung vun de Bierger misst Rechnung droen. Et ass nämlech net esou, datt just well een eng politesch Majoritéit huet, datt d‘Majoritéit vun de Bierger och mat allem missten averstane sinn. An am Fall vu Sandweiler schéngt et sech genee esou ze bestätegen.

Dräi Froen eng Meenung

Elo ass awer virauszeschécken, datt et sech heibäi nëmmen ëm ee consultative Biergerentscheed handelt, also de Schäfferot, dem Avis vun den Awunner net muss Rechnung droen. D‘Resultat u sech awer, dierft der Buergermeeschtesch net gefalen. 1.016 Awunner hu fir den Erhalt, 358 hu fir d‘Ofrappe gestëmmt. Un a fir sech en eendeitegt Resultat, dat een net esou einfach iwwergoe kann.

Beim Referendum hat sech de Schäfferot awer – bezunn op d‘Rhetorik vun de Froen – ugestrengt fir d‘Chancen op dat eegent Virhunn ze vergréisseren. Fro 1: Wëllt dir d‘Spillplaz tëscht dem Kulturzentrum an der Izeger Strooss fir d‘Bierger erhalen? (Nee: 364 – Jo: 977) Fro 2: Wëllt dir datt déi administrativ Servicer weider an engem Gebai ugebuede ginn? (Nee: 555 – Jo: 773) Fro 3: Wëll dir eng nei Gemeng op dem aktuelle Site? (Nee: 1.016 – Jo: 358)

Wéini sech elo de Schäfferot mat dësem Referendum ausenanersetze wëll ass nach net gewosst. Et dierf een awer dovunner ausgoen, datt d‘Oppositioun d‘Zuelen oder villméi d‘Resultat vun dësem Referendum wäert ze genéissen a politesch ze notze wëssen. Sécher bleift dat lescht Wuert beim Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot, wierklech vill Spillraum hu se jo elo net.

Illustratioun: Mat der Broschür „Eis Gemeng… gëschter, haut a muer…“ war de Projet vun der neier Märei de Bierger nach emol publizistesch virun Ae gefouert ginn.

Related topics buergermeeschtesch, Märei, Oppositioun, Referendum, Sandweiler, Simone Massard-Stitz
Next post Previous post