Search

You may also like

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?
Neiegkeeten

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?

Mam I.P.A. vun Happkapp & Friends, kéint ee mengen op

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché
Neiegkeeten

D’Tendenz ass gutt um Aarbechtsmarché

Et kommen erëm gutt Noriichten vum Aarbechtsmaart. D’ADEM stellt an

dislike
Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet
Neiegkeeten

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An

D’Reform vum Educateursberuff an de Verloscht u Qualitéit

D’Reform vum Educateursberuff an de Verloscht u Qualitéit

Alt erëm ass et net zu engem sozialen Dialog virun enger wichteger Decisioun komm. Esou bedaueren de Syndikat Gesondheet, sozial an edukativ Servicer vum OGBL, den SEW/OGBL, d’APCCA an d’APESS, datt den Educatiounsminister Claude Meisch quasi op eege Fauscht de Beruff vum Educateur reforméiere wëll.

Um 11. Mee gouf de Projet presentéiert, scho bei der kommender Rentrée soll d’Reform ëmgesat ginn, wouduerch et Persoune mat engem Lycéesdiplom a soziale Wëssenschaften (GSO) erméiglecht gëtt, d’Formatioun zum Educateur an engem, amplaz an dräi Joer ze absolvéieren. Säitens dem Minister Meisch soll de Beruff méi attraktiv gestalt a géint de Manktem u Personal ugekämpft ginn.

D’Syndikater sinn allerdéngs besuergt ëm d’Qualitéit. Schliisslech limitéiert sech d’Formatiouns am LTPES net nëmmen op theoretescht Wëssen, mee och obligatoresch Stagen vun am Ganze 26 Woche solle praktesch Kenntnisser vermëttelen. Erfarungen ze hunn a säi Beruff ze beherrschen ass essentiell, awer net an engem eenzege Schouljoer méiglech.

Grad déi sanitär Kris huet gewisen, datt Educateuren beispillsweis fir den Accueil vu Kanner a Famillen, d’Participatioun un der Bildung oder d’Prise en Charge vun de Kanner vum Fleegepersonal, eng wichteg Stäip vun eiser Gesellschaft sinn.

Heibäi bedaueren den OGBL, den SEW/OGBL, d’APCCA an d’APESS viru vollend Tatsaache gestallt ze ginn ouni am viraus Bedenken äusseren ze dierfen. Si ënnerstëtzen dës Reform net, fuerderen dofir d’Zeréckzéie vum Projet an invitéieren de Minister an Zukunft Gespréich mat deene Leit ze sichen, déi Anung hunn.

Opmaacherbild: School photo created by creativeart – www.freepik.com

Related topics apcca, APESS, Bedaueren, Bildung, Claude Meisch, Educateur, Formatioun, LTPES, Schouljoer, SEW-OGBL, Verloscht u Qualitéit
Next post Previous post