Search

You may also like

Schëtzeg ënnerwee
Neiegkeeten

Schëtzeg ënnerwee

Um Donneschdeg an der Nuecht hunn d‘Polizisten, déi géint 23.30

Éischte juristeschen Intermezzo fir den Austrëttsvertrag
Neiegkeeten

Éischte juristeschen Intermezzo fir den Austrëttsvertrag

Bréissel huet wéinst brittesche Verstéiss géint Brexit-Sonnerreegelen an Nordirland ee

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

Reform bei den Exame fir Gemengefonctionnairen

Reform bei den Exame fir Gemengefonctionnairen

Zu Lëtzebuerg schreiwen sech all Joer méi wéi 2.000 Persounen an fir den Examen zum Gemengefonctionnaire ze maachen. Ab Februar 2020 sinn hei e puer Ännerunge bei de Spillreegele virgesinn.

„Net just Wëssen offroen, mee Kompetenzen testen, déi d’Leit op hirer Aarbecht an der Gemeng och wierklech brauche – an dobäi och digital Mëttel asetzen. Dës Reform vum Ustellungsexame wäert dobäi hëllefen, dass d’Gemengen di richteg Leit op di richteg Platze kréien“, sou d’Inneministesch Taina Bofferding. Wéi schonn am Mäerz 2019 annoncéiert, sinn d’Exame moderniséiert ginn: Déi verschidde Prozedure goufen digitaliséiert an d’Exame goufen un déi real Besoine vun de Gemengen, Gemengensyndikater an Gemengenetablissementer ugepasst ginn.

An Zukunft muss de Kandidat an enger éischter Etapp déi generell Prüfung zu generelle Fäegkeete vum Staatsexame packen, ier e sech fir d’Exame vum Gemengesecteur aschreiwe kann.

Gemengefonctionnairen

(v.l.n.r.) Marc Hansen, Minister vun der Fonction Publique; Taina Bofferding, Inneministesch © Inneministère

De Minister vun der Fonction Publique, Marc Hansen, freet sech iwwert d’Synergie: „Eis Ambitioun ass et modern an digital Rekrutementsprozeduren ze proposéieren. Mat der Integratioun vun der Rubrik „Secteur Communal“ op der Plattform Govjobs zentraliséiert een d’Demarchen zum Rekrutement am ëffentleche Secteur, wat et dem Bierger erméiglecht op enger eenzeger Plaz, an transparenter Aart a Weis, all nëtzlech Informatiounen ze fannen.“

Bei den neien Epreuvë ginn déi technesch Kompetenzen, d’Fäegkeete bei der Gestioun vun Informatiounen an d’Verhale vum Kandidat getest. De Schwieregkeetsgrad vun den Tester ännert jee no Funktioun vun de verschiddenen Ënnergruppen, déi am Gemengesecteur existéieren.

All wichteg Informatiounen zu den Examen an de Kalenner mat den Epreuvë sinn ënnert www.govjobs.public.lu ze fannen. D’Aschreiwe ginn iwwregens iwwert déi selwecht Internetsäit gemaach. Zënter Abrëll 2017 konnte méi wéi 3,6 Millioune Visitten op der Säit gezielt ginn.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Anne Tescher, CGPO; Mac Hansen, Minister vun der Fonction Publique; Taina Bofferding, Inneministesch; Mireille Cruchten; Inneministère © Inneministère

Related topics Epreuven, Examen, Gemengefonctionnairen, Gemengesecteur, Kompetenzen, Marc Hansen, Reform, Taina Bofferding, Upassung
Next post Previous post