Search

You may also like

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn
Neiegkeeten

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn

1993 gegrënnt, ënnerstëtzt déi lëtzebuergesch ONG SOS Faim, eng nohalteg

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!
Neiegkeeten

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet elo matdeelt soll de Produzent TADAL S.A. Säi

dislike
Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?
Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d‘Leit, déi zu Lëtzebuerg keng Sozialversécherung hunn?

D‘Regierung huet e Méindeg op en Fro vun der LSAP-Deputéiert

Reform vun de Gesondheetsberuffer: Bachelor un der Uni.lu geschwënn méiglech

Reform vun de Gesondheetsberuffer: Bachelor un der Uni.lu geschwënn méiglech

Scho virun der sanitärer Kris huet Lëtzebuerg e Manktem u Personal an de Gesondheets- a Fleegeberuffer erlieft. D’Verstäerkung aus dem Ausland war an ass onerlässlech. Ma, spéitstens mat der Pandemie ass d’Opmierksamkeet op d’Noutwennegkeet vun engem fonctionnéierende Gesondheetssystem, zesumme mat sengem professionellen a motivéierte Personal geluecht ginn. An dësem Kader gouf elo d’Reform vun de Gesondheetsberuffer presentéiert, iwwert déi net nëmmen d’Attraktivitéit vun dem Secteur gesteigert, mee och Qualitéit um Terrain soll garantéiert ginn.

Spéitstens ab dem akademesche Joer 2023/2024 wäerten zu Lëtzebuerg Héichschoulstudien an der Medezin a Gesondheet ugebuede ginn. No enger Etüd vun 2019 vu Marie-Lise Lair, déi op Demande vum Gesondheetsministère gemaach ginn ass, huet eist Land nämlech net genuch Personal, fir seng eege Populatioun ze versuergen. Dobäi geet een dovunner aus, datt an de kommende Joer weider grouss Erausfuerderungen op eis duerkommen an een spéitstens dann d’Situatioun besser handhabe muss.

Esou huet de Regierungsrot um 30. Abrëll 2021 d’Reform zum Exercice an zu de Formatiounen a verschidde Kategorie vun de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg (Aide-Soignant, Infirmier, spezialiséierten Infirmier, Hiewan) presentéiert. An dësem Kader huet d’Familljeministesch Corinne Cahen preziséiert, datt d’Gesondheetsberuffer permanent mat der aktueller Situatioun evoluéieren a grouss Ofwiesslung mat sech bréngen. De Professionellen am Gesondheetsberäich üübt méi wéi just e Beruff aus, et ass eng Passioun zum Service fir anerer.“

Reform vun de Gesondheetsberuffer
Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun © MSAN

Nei Formatiounen a Méiglechkeeten un der Uni.lu

  • De Bachelor als Infirmier/Infirmière an der genereller Fleeg: D’Formatioun gëtt ab dem akadamesche Joer 2023/2024 ugebueden, dauert 3 Joer an ass fir jiddereen accessibel, deen en Schoulofschloss am Lycée huet.
  • 4 Bachelor-Programmer zum spezialiséierten Infirmier / zur spezialiséierter Infirmière (180 ECTS): Dës Programmer bezéie sech op d’Beräicher vun der technesch medezinescher Assistenz an der Chirurgie, dem Infirmier / der Infirmière an der Anästhesie a Reanimatioun, dem Infirmier / der Infirmière an der Pediatrie, sou wéi dem Infirmier / der Infirmière an der Psychiatrie. D’Formatioune ginn ab dem akademesche Joer 2022/2023 oder 2023/2024 ugebueden, a sinn méiglech fir jiddereen, deen e BTS Infirmier an der genereller Fleeg oder en unerkannten Diplom als Infirmier an der genereller Fleeg huet.
  • 2 Bachelor-Programmer an der Formatioun zur Hiewan an der technesch medezinescher Assistenz an der Radiologie: D’Ausbildung gëtt ab dem akademesche Joer 2023/2024 ugebueden an ass fir all interesséiert Persoun mat Ofschloss am Lycée.

Ma, zousätzlech dozou soll e Bachelor-Programm fir den Infirmier „Plus“ opgestallt ginn. No 3 Joer Formatioun erhält een den Infimiersdiplom an der genereller Fleeg, ier d’Formatioun vun engem Joer usteet, fir dann de „Plus“ drugehaangen ze kréien. Dëst zousätzlecht Joer soll weider a méi déif Kenntnisser opbauen, fir esou op d’Demande un spezialiséiert Infirmieren äntweren ze kënnen.

Reform vun de Gesondheetsberuffer
Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir Héichschoul a Fuerschung © MSAN

Fir den Héichschoulminister Claude Meisch stellt d’Reform en Investissement an d’Qualitéit duer. „Déi lescht Méint hunn eis gewisen, datt eis Gesondheet an déi vun eise Léifsten eng absolut Prioritéit ass. De Beruff vum Infirmier an der genereller Fleeg an a verschidde Spezialisatiounen um Universitéits-Niveau ass e wichtege Schrëtt fir de Gesondheetssecteur, a fir d’Lëtzebuerger Universitéit.“

Den technesche Lycée fir Gesondheetsprofessiounen (LTPS) bleift weiderhin e wichtegen Acteur bei der Formatioun am Secteur. D’Synergie tëscht dem Lycée an der Uni soll op déi steigend Demande vum Land reagéieren. Eng Evaluatioun vun der Situatioun ass fir d’Joer 2028 geplangt.

D’Moossnamen goufen 2020 vum interministerielle Comité (CIM) proposéiert an zesummegestallt . Dëse Comité besteet aus Representante vum Gesondheetsministère, der Gesondheetsdirektioun, dem Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, dem Ministère fir sozial Sécherheet, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Ministère fir Héichschoul a Fuerschung.

Eng Petitioun am Bezuch op d’LTPS-Formatioun

Erwähne sollt een nach, datt um selwechten Dag, un deem dës Reform presentéiert gouf, d’Chamber eng Petitioun passend zu dësem Thema validéiert huet. Um 16. Februar huet den Théo Duhamel nämlech d’Petitioun „Recht op ee BAC +3 fir d’Infirmierstudenten (LTPS-Formatioun attraktiv maachen)“ deposéiert a konnt domat 4.891 Ënnerschrëfte sammelen.

Zil ass et – esou seet et den Text op petitiounen.lu – „d’Aussbildung vum Infirmier sou attraktiv ze maachen ewéi nëmmen méiglech, an dësem Fall duerch d’Belounen vun enger schwéierer Ausbildung mat engem Anstännegen Diplom an zwar een BAC +3. (BACHELOR)“. Aktuell bitt den LTPS e BAC+2 un. Et bleift also spannend, wat den Debat an der Chamber nach mat sech brénge wäert.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a Minister fir Héichschoul a Fuerschung; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun © MSAN

Related topics Anästhesie, Bachelor, Chirurgie, Fleegesecteur, Formatioun, Gesondheetssecteur, Hiewan, Infimier Plus, Infirmier, LTPS, Pediatrie, Psychiatrie, Radiologie, Reanimitatioun, Reform vun de Gesondheetsberuffer, spezialiséierten Infirmier, Uni.lu
Next post Previous post