Search

You may also like

Kee Stater Maart op Nationalfeierdag
Neiegkeeten

Kee Stater Maart op Nationalfeierdag

De Stater Maart, deen normalerweis all Mëttwoch a Samschdeg op

London: Aarbechtsministesch wennt sech vum Premierminister of
Neiegkeeten

London: Aarbechtsministesch wennt sech vum Premierminister of

Nom Brudder Jo Johnson verléisst eng vun de profiléiertste Politikerinnen

Wien säin Horizont erweidere wëll, ass gutt beroden, eng Sprooch ze léieren – am INL kanns du der gläich 8 léieren
Neiegkeeten

Wien säin Horizont erweidere wëll, ass gutt beroden, eng Sprooch ze léieren – am INL kanns du der gläich 8 léieren

Näischt bréngt engem eng nei Perspektiv op d’Welt, wéi eng

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn

Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch (déi gréng), déi néng Verännerungen am Code de la Route virgestallt. Ännerungen an Neierungen, déi an éischter Linn geduecht sinn, d‘Sécherheet vun de Cyclisten a Foussgänger ze erhéijen.

An dësem Kontext hat de Ministère eng Etüd lancéiert, déi sech de Reegelen a spezifesche Gesetzer an aacht europäesche Länner (Belsch, Däitschland, Dänemark, Éisträich, Frankräich, Holland, Schwäiz a Spuenien) ugeholl huet. Op der Basis vun de Resultater, sinn déi pertinentst Reglementéierunge fir eng Uwennung an der Lëtzebuerger Legislatioun zréckbehale ginn.

Heibäi sinn néng Mesuren als ëmsetzbar erkannt, an esou an de (neie) Code de la Route opgeholl ginn. Zil vun der Reform war et, de Code de la Route un déi spezifesch Besoine vun de Cyclisten a Foussgänger unzegläichen. De Minister betount, datt hei net méi nëmmen drëms geet, de Cyclist ze schützen, mee dësen an de motoriséierten Trafic anzeglidderen.

Den duerchgoenden Trottoir

RouteEng interessant Neierung, well den duerchgoenden Trottoir hält net méi einfach op der Kräizung op, mee riicht weider iwwert d‘Strooss, an d‘Trajectoire vum Gefier dat d‘Richtung ännert, ass ënnerbrach. Eng Mesure déi wuel net iwwerall wäert zur Uwennung kommen, mee grouss Virdeeler bitt. Esou gëtt de Foussgänger privilegiéiert a kann op schnellstem Wee säin Zil erreechen.

Annerhallwe Meter Ofstand beim Iwwerhuele vun engem Vëlo

RouteFir datt den Auto an de Vëlo zukünfteg besser laanscht enee kommen, a virun allem d‘Sécherheet vun de Cyclisten ze erhéijen, muss an Zukunft en Ofstand tëscht dem motoriséierte Gefier an dem Vëlo mindestens 1,50 Meter sinn. Eng kloer Definitioun, déi enger „Interpretatioun“ kee Spillraum léisst. Et ass zudeem eng Mesure déi et esou am Code de la Route nach net ginn huet.

Et däerf elo nieftenee pedalléiert ginn

RouteNei ass och, datt elo den Cyclisten offiziell erlaabt ass niefteneen ze fueren. Ausserhalb an innerhalb der Uertschaft (ausser et gëtt een iwwerholl), mee och an de verkéiersberouegten Zonen. Hei muss allerdéngs uecht gedoe ginn: et dierf net nieftenee gefuer ginn, wou d‘Situatioun geféierlech an oniwwersiichtlech ass, den Trafic onnéideg behënnert gëtt, an Nuets ass et generell net erlaabt.

Nei Schëlter weisen op en empfuelene Vëloswee hin

RouteD‘Aféierung vun engem Verkéiersschëld, dat drop hiweist datt et eng Vëlospist gëtt an och recommandéiert, de Cyclist awer net zwéngt de Vëloswee ze notzen, dierft en Ament brauche bis et an de Käpp ukomm ass. Déi nei Schëlter si véiereckeg statt Ronn. Esou sollen d‘Gestionnaire vu Vëlosweeër d‘Méiglechkeet kréien, den Zwang iwwert d‘Vëlospiste mussen ze fueren, opzehiewen.

Den zousätzleche Signalement bei de roude Luuchten

RouteMat der Schafung vun enger zousätzlecher, de Cycliste reservéiert orange blénkeg Luucht, soll e virukommen erméiglechen, och wann de motoriséierten Trafic „rout“ huet. De Cyclist muss natierlech allen d‘Virfaart oftrieden, déi sech op senger Trajectoire befannen. Fir dëse Punkt ëmzesetze soll mat Pilotprojeten ugefaange ginn.

Kanner mam Vëlo um Trottoir

RouteEntgéint der aktueller Legislatioun, sollen d‘Kanner mam Vëlo bis zum 12. Liewensjoer um Trottoir fueren dierfen. D‘Kanner dierfe vun enger erwuessener Persoun um Trottoir begleet ginn. E Punkt dee schonn eleng dowéinst interessant ass, well en derzou bäidroe kann, datt sech méi Kanner mam Vëlo op de Wee an d‘Schoul maachen.

D‘Vëlosstrooss

RouteMat der Vëlosstrooss entsteet en neie Verkéiersraum, an deem d‘Cyclisten déi „absolut“ Virfaart hunn. Hei dierfen d‘Cyclisten net iwwerholl ginn, an d‘Strooss ass och just fir Riverainen zougänglech. D‘Geschwindegkeet ass op 30 Km/H begrenzt. D‘Vëlosstrooss ass eng gutt Alternativ fir Gemengen, déi aus Plazgrënn keng Vëlospiste uleeë kënnen.

Well eng Sakgaass net ëmmer eng Sakgaass ass

RouteAn nach emol nei Schëlter gëtt et fir d‘Sakgaassen. Eng Sakgaass fir den Auto muss net zwéngend och eng Sakgaass fir de Cyclist oder Foussgänger sinn. Fir datt awer esouwuel de Cyclist, wéi och de Foussgänger erkenne kënnen, datt et fir si e Passage gëtt, soll dat elo op spezifesche Schëlter ugewise ginn. Eng nëtzlech Neierung déi groussen Zousproch sollt erhalen.

Et brauch ee keng giel Sträif méi um Vëlo

RouteWat scho laang net méi Usus ass, vum Code de la Route awer nach ëmmer verlaangt gëtt, déi giel Sträif um hënneschte Schutzblech. Domatter ass elo Schluss, an de Minister ass ee vun den éischten deen dat erfreet. Et ass och net méi zäitgeméiss, emol ganz dovunner ofgesinn, datt e moderne Vëlo, wann en uerdentlech ausstafféiert ass, och sollt gutt siichtbar sinn.

Den 1. Mee geet et lass

De neien, liicht reforméierte Code de la Route trëtt den 1. Mee a Kraaft. Et wäerten déi eng oder aner Mesuren awer eréischt lues a lues ugewannt ginn, wéi beispillsweis déi blénkeg orange Luuchte fir d‘Cyclisten oder d‘Vëlosstroossen. Den Ofstand beim Iwwerhuelen, d‘fueren um Trottoir bis 12 Joer (mat oder ouni Begleedung) an nieftenee fuere geet direkt.

Gutt bei all dësen Neierungen, se kaschten net wierklech vill Geld. Ganz gratis geet et net, mee hei geet et schliisslech och ëm d‘Sécherheet, an e Mënscheliewen huet bekanntlech kee Präis. D‘Aféierung vun dësen neie Punkten am Code de la Route gëtt vun enger Rei Campagne begleet, besonnesch wann a wou e „Blénkert“ un eng rout Luucht bäigeprafft gëtt, sollt kommunizéiert ginn.

De François Bausch bléckt mat senge Beamten zefridden op dat geschaafte Wierk, an alleguerten hoffen se domatter e weidere Schratt an déi richteg Richtung gemaach ze hunn. D‘Sécherheet am Verkéier gëtt jiddefalls zolidd gestäerkt, elo mussen sech d‘Leit nach just drun halen.

Route

De Minister François Bausch huet d‘Verännerungen am Code de la Route virgestallt, an op den éischte Bléck sinn déi agefouert Mesuren eng gutt Entscheedung. D‘Sécherheet vun de Cyclisten an de Foussgänger gëtt jo emol uerdentlech verbessert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fotoen a Grafiken stame vum Ministère du developpemen durable et des infrastructures

Related topics Code de la Route, Cyclisten, Foussgänger, François Bausch
Next post Previous post