Search

You may also like

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung
Neiegkeeten

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung

Et huet zwee Wahlgäng gebraucht iert festgestanen huet, datt den

D’Gefore vum digitalen europäeschen Impfpass
Neiegkeeten

D’Gefore vum digitalen europäeschen Impfpass

D’Pirate wëllen drop opmierksam maachen, mat wéi enge Geforen an

D’App SANTE.lu ass a Betrib!
Neiegkeeten

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

Fir der Bevëlkerung den Informatiounszougang zur ëffentlecher Gesondheet ze erliichteren

Der Reform vum Loyersgesetz feelt et u politeschem Courage

Der Reform vum Loyersgesetz feelt et u politeschem Courage

Mam Gesetzprojet 7642, soll d‘Gesetz vum 21. September 2006 betreffend d‘Loyere reforméiert ginn. Déi lénk hu sech den Text an der déift ugekuckt, a bedaueren, datt et dësem gehéierlech u politeschem Courage feelt. Den Text, deen de Logementsminister Henri Kox schon am Juli 2020 virgestallt hat, soll jo zäitno a der Chamber zum Vott gestallt ginn.

Gëschter hunn sech zu dësem Gesetz d‘Nathalie Oberweis (si iwwerhëlt elo d‘Deputéierte-Mandat vum David Wagner), den David Wagner an den déi lénk Spriecher Gary Diderich positionéiert. Et wier „Ee Vull fir d‘Kaz“ an emol dovunner ofgesinn, datt am Gesetz och d‘Colocatioun reguléiert soll ginn, géif et ausser e puer wéineg gutt Usätz, näischt wat een als Reform bezeechne kéint.

D‘Logementskris ass a bleift awer eng vun de virrangege Suerge vun de Leit am Land. Si ass elo och zu enger sozialer Kris erugewuess, déi esouguer déi sougenannte Mëttelschicht an d‘Laberente bréngt. Dat wat ee soss emol als „gudde Loun“ bezeechent hätt, géif haut net méi duer, fir sech eng anstänneg Wunneng ze leeschten. Joerzéngte laang hunn d‘Regierungen dat erausgefuerdert…

Och den Henri Kox (déi gréng) versprécht als Logementsminister „Grousses“ an huet, wann ee sech dem Gesetzestext unhëlt, dann awer näischt Opweises. Eng Baisse vun de Loyeren, jo net emol eng Loyersbrems ass an dësem Text enthalen. Esou wéi d‘Gesetz vun déi lénk interpretéiert gëtt, wäert et Verschlechterunge ginn, an déi puer wéineg „Upassungen“ sinn alles ausser eng „Reform“.

Esou gëtt ervirgehuewen, datt am Fall vun enger „Cession à Titre Gratuit“ vun ale Logementer, vun elo op direkt un déi aktuell Wunnengsmaartpräisser kann ugepasst ginn. Wann e bedenkt datt beim Loyer d‘Hausse iwwer déi Joren, jee no Standuert all Joer tëscht 7% an 11% geklomme sinn, gëtt ersiichtlech, vu wéi enger „Hausse“ en bei enger „Gratis Iwwerdroung“ auszegoen ass.

Wat gutt Usätz kéinte sinn

Mat dëser Decisioun, géif de Minister op en neits vill nei Spekulatiounsforme schaffen, dat dann och nach besonnesch am Beräich vun der Gestioun vum Patrimoine. Et dierft sech d‘Fro gestallt ginn, wiem seng Interessen de Minister vertrëtt. Ouni virgräifen ze wëllen: et sinn net déi vun de Locatairen. Dobäi hätt et gutt Grënn – och wirtschaftlecher Natur – hei méi Konsequent virzegoen.

Am Gesetz soll och de Mëssel mat de Vermëttlungsfraisen an de Loyersgarantie gekläert ginn. Dat sech de Proprietär an de Locataire Vermëttlungsfraise sollen deelen, ass eng onglécklech Wiel, och wann et an déi richteg Richtung geet. Zwee Loyere Garantie statt därer dräi, ass nach dat bescht am ganzen Text. Dobäi hätt sech de Minister bei de Gesetzprojeten (¹) vun déi lénk dierfen inspiréieren.

Interessant och, datt zukünfteg muss d‘Limitt vum „maximale Loyer“ an de Locatiounsvertrag agedroe ginn, awer keng Sanktioune virgesi goufen, fir de Fäll datt sech net dru gehale gëtt. Och deen Deel betreffend d‘Loyerskommissiounen an de Gemengen, léist ze wënschen iwwreg. Déi sollten am gënschtegste Fall, d‘Demande fir eng Baisse vum Loyer traitéieren. Wéi soll dat goen?

Dëser Kommissioune gëtt et kaum, a wann dat klappt et net emol. Woubäi, wéi soll och esou eppes kënne funktionéieren, wann d‘Kommissiounen net entspriechen ausstafféiert sinn a beschtefalls eng consultativ Roll zougestane kréien? Et huet dann och alles den Uschäin, wéi wann et dem Herni Kox just drëms gaange wier kënnen ze behaapten, datt ee gemaach hätt wat „méiglech“ war.

(¹) Gesetzprojete vun déi lénk:

Illustratioun: © Miguel Bruna / unsplash

Related topics déi lénk, Gesetzprojet 7642, Henri Kox, Logementsminister, Reform Loyersgesetz, Spekulatioun
Next post Previous post