Search

You may also like

D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018
Neiegkeeten

D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018

Vum 19. bis den 30 November organiséiert d’Stad Esch-Uelzecht nees

Reorganisatioun vum Vëlo- a Foussgängerverkéier am Gemengepark
Neiegkeeten

Reorganisatioun vum Vëlo- a Foussgängerverkéier am Gemengepark

De Mëttwoch, de 16. Juni 2021 hunn de Serge Wilmes,

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt
Neiegkeeten

D-Summit Climbing Open: ee Kampf, bis zur leschter Minutt

De jonke Kloter-Club “D-Summit” vun Diddeleng huet den 27. Januar

31 Gemengen hunn d‘Reform vum PAG nach net ëmgesat

Geléngt et dësen net an den nächsten 10 Deeg d‘Kéier ze kréie kann et net zu neie Projete kommen

31 Gemengen hunn d‘Reform vum PAG nach net ëmgesat

D‘Transitiounsphas vun der sougenannter PAG-Erneierung leeft aus an elo ass et dann och net méi d‘Chambre Immobilière eleng, déi sech „veriergert“ weist. 31 vun den 102 Gemengen hätten dann de Sprong an dat 21. Joerhonnert verpasst a géifen sech quasi selwer verwieren, nei Projeten an Ugrëff ze huelen. Am Inneministère ass een do net esou affirmativ, hei gesäit een nach „Chancen“.

Zweedrëttel vun de Gemenge si konform woubäi déi lescht déi sech beweegt krute ware: Beefort, Bettenduerf, Fréiseng, Kiischpelt, Leideleng, Monnerech a Stengefort. Déi hunn hir „Missioun“ erfëllt kritt an anere Gemengen ass se wuel schonn ugelaf, mee d‘Prozedure brauchen eppes Zäit firwat den Termin vum 31. Oktober net ze halen ass. Fir eng Rei Gemengen zitt et sech bis 2020.

Den Emile Eicher, President vum Syvicol, dee Versteesdemech dofir huet, datt d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) de Gemenge keng Fristverlängerung accordéiere wëll, verweist awer op d‘Prozedur selwer, déi zimlech „hefteg“ wier. D‘Reform vum PAG hätt zudeem e Käschtepunkt, deen net ze ënnerschätze wier an esou där enger oder anerer Gemeng och Problemer mécht.

Wat den Awand säitens der Chambre Immobilière betrëfft – hei hat de President Jean-Paul Scheuren vun enger „onwierdeger Situatioun“ geschwat – esou huet d‘Ministesch dovunner zwar Notiz geholl ass awer net gewëllt déi gefuerdert „Drénglechkeetsmoossnam“ ze ergräifen. Verständlech u sech, well d‘Buergermeeschter schliisslech jo och weiderhi Baugeneemegungen ënnerschreiwe kënnen.

Beim Syvicol dogéint ass ee scho ganz zefridden, datt déi „finanziell Sanktiounen“ déi unhänglech wieren, net sollen applizéiert ginn. Zudeem sollt een d‘Féiss um Buedem behalen, et ass ëmmerhin och de Gemengen hiert Interessi sech dëser Reform unzehuelen. Datt et eenzel Gemenge gëtt déi dat net a 15 Joer hikritt hunn, ass dann allerdéngs schonn eppes „aarmséileg“, mee et ass wéi et ass.

Een dee sech „kee Kapp“ mécht, datt ass den neie Logementsminister Henri Kox (déi gréng) an dat obwuel hie bäi wäitem den éischte Concernéierten ass. Sécher wier d‘Situatioun alles anescht wéi „glécklech“, d‘Meenung vun der Chambre Immobilière deelt hien awer net. D‘Prioritéit fir säi Ministère wier och weiderhin d‘Mobiliséierung vun den Terrainen déi an de Bauperimeter leien.

Illustratioun: Gino Crescoli / Pixabay

Related topics Chambre immobilière zu Lëtzebuerg, Inneministère, Logementsministère, PAG, PAP, Syvicol
Next post Previous post