Search

You may also like

„Wann d’Alan Kurdi mech deemools net fonnt hätt, wär ech net méi um Liewen“
International Neiegkeeten

„Wann d’Alan Kurdi mech deemools net fonnt hätt, wär ech net méi um Liewen“

D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea Eye huet den 28. Februar 2021 hiert neit

Sozialplang bei IBM beschäftegt Conciliateur
International Neiegkeeten

Sozialplang bei IBM beschäftegt Conciliateur

Nodeems virun engem Mount IBM Lëtzebuerg annoncéiert hat eppes iwwert

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport

Lëtzebuerg wot éischt Schrëtt zeréck an d’Normalitéit. Ab e Méindeg,

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?

Wou sinn se drun, d’Reforme vun der Eurozon?

Eng vun de Prioritéite vun der EU ass de Schantje vun der Reform fir d’Eurozon. Se läit dem franséische President Emmanuel Macron um Häerz, mee kënnt einfach net virun. Schold dorunner déi grouss Differenzen tëscht de Memberstaaten.

Ufank Mäerz haten aacht nordesch Länner – Holland, Estland, Litauen, Lettland, Finnland, Irland, Dänemark a Schweden – hir Suerge géintiwwer de Reformen ausgeschwat. Si hu gefuerdert, datt déi ambitiéist Virschléi op ee spéideren Zäitpunkt verluecht ginn.

D’Gespréicher waren awer och „hänke bliwwen“, well et bis gëschter keng uerdentlech Regierung an Däitschland ginn huet. De Punkt ass gekläert, an d’Reform vun der Eurozon steet op der Dagesuerdnung vum EU-Sommet den 23. Mäerz.

D’Parlament fir d’Eurozon: „Begruewen“

De Gedanken e spezifescht Parlament fir d’Eurozon anzeféieren, datt d’Entscheedunge soll kontrolléieren, schéngt schonn Enn 2017 begruewe ginn ze sinn. Hei huet dann och den Emmanuel Macron, deen de Virschlag selwer gemaach hat, Waasser a säi Wäi geschott.

Däitschland hat eng Zäit laang d’Iddi begleet, mee dëst Parlament hätt nëmmen e consultative Rôle gehat. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet sech awer net ginn, a stänneg widderholl, datt hie keng Sympathie fir dëse Virschlag huet. Dat wier eendeiteg d’Aarbecht vum EU-Parlament.

De Superfinanzminister: „Verluecht“

Op dësem Punkt war de franséische President zimlech ondäitlech, och wann hien der Usicht ass, datt dat déi wierklech „Exekutive“ fir d’Eurozon sollt sinn. Bréissel hat virgeschloen en Europaminister fir Finanz a Wirtschaft anzeféieren.

Dofir sollt d’Vizepresidence vun der EU-Kommissioun an d’Presidence vum Eurogrupp – wou déi 19 Finanzminister vun der Eurozon zesummesëtzen – fusionéieren. D’Ministere vum Eurogrupp hunn de Virschlag zréckgewisen, an hunn et virgezunn dem Portugis Mario Centeno am Dezember fir zweeanenhalleft Joer d’Verantwortung ze iwwerdroen.

E Budget fir d’Eurozon: „Komplizéiert“

Dat ass de Punkt iwwer deen sech zanter Méint d’Memberstaaten streiden. Déi eng, Frankräich un der spëtzt, stellen sech e spezifeschen a konsequente Budget vir, mat deem d’Eurozon ka stabiliséiert ginn, sollt et zu enger Wirtschaftskris kommen.

Anerer, wéi Däitschland, wënschen sech just e Budget, dee geduecht wier déi strukturell Reformen ze ënnerstëtzen. An et gëtt och déi, wou der Iddi guer näischt ofgewanne kënnen. Och bei der Kommissioun ass een der Usiicht, datt dëse Budget net vum allgemengen EU-Budget ka getrennt ginn.

Et wäert dann awer eng Fro sinn, déi sech laangfristeg zu Bréissel dierft halen. „Mir wäerten eis ni honnertprozenteg eens ginn“, esou d’Ausso vun engem héije Verantwortlechen. „Mee mir wäerte schonn eppes fannen, datt sech mat der Zäit verbessere léisst“.

D’Bankenunioun: „Diskutabel“

D’EU gesäit dës Fro als eng déi liicht ze beäntwerten, mee och ambitionéiert ass. Konkret Fortschrëtter solle schonn am Juni virgeluecht ginn. Heibäi geet et notamment ëm d’Schafe vun enger europäescher Garantie fir D’Geld vun de Clienten.

Fir unzefänke sollen d’Risken an de Memberlänner reduzéiert ginn, méi spéit kéint een dann d’Riske vergemeinschaften. D’Gespréicher, déi zanter Jore gefouert ginn, trëppelen awer op der Plaz, an dat obwuel de politesche Wëlle schéngt do ze sinn.

Elo gëtt sech dann erhofft, wou d’Regierung an Däitschland sech gebilt huet, datt een nees viru kënnt. Allerdéngs stinn och hei déi nordesch Länner am Wee. Déi gesinn net an, firwat hir Banke fir déi aus dem Süde sollten opkommen. Hei besonnesch déi italienesch, deene virgeworf gëtt, net ganz „éierlech“ ze sinn.

Den europäesche Währungsfong: „Aktéiert“

Zu Bréissel hunn déi 28 déi zukünfteg Transformatioun vum ESM (Europäesche Stabilitéitsmechanissem), deen den Optrag huet d’Prêten fir d’Länner „a Schwieregkeeten“ ze iwwerwaachen, aktéiert. Den ESM soll also zu engem europäesche Währungsfong ëmgebaut ginn.

Hannert dësem Numm – deen net dierft erhale bleiwen – ginnn sech d’Europäer dann awer nees net eens doriwwer, wéi Missioune genee, de Währungsfong soll iwwerhuelen. Soll sech dës Institutioun op europäeschem Niveau den IMF (Internationale Währungsfong) ersetzen?

Eens ass ee sech bis ewell just, datt dësen „europäesche Währungsfong“ als „Backstop“ (lescht Instanz wou et nach Sue gëtt) fir a Nout gerode Banke soll agräifen. Dat och nëmmen dann, wann all Rettungsmechanissem versoen.

mam Clément Zampa/AFP

Related topics EU-Kommissioun, Eurozon, Reformen
Next post Previous post