Search

You may also like

Haut geet et ëm de Brexit
Neiegkeeten

Haut geet et ëm de Brexit

Den EU-Kommissär Michel Barnier soll laut diplomatesche Quellen, gëschter Owend

Kënschtleresch Innovatioun wärend der Pandemie
Neiegkeeten

Kënschtleresch Innovatioun wärend der Pandemie

Trotz oder grad wéinst der sanitärer Kris hunn d’Artiste misse

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
Neiegkeeten

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm

48 Refugiéen aus Italien sinn op Lëtzebuerg komm

Am September 2015 huet de Conseil  “Justice et affaires intérieures” (JAI) entscheet, datt Lëtzebuerg bis Enn 2017 577 Refugiéen aus Griicheland an Italien muss ophuelen. Dëst geschitt am Kader vum Relokalisatiounsprogramm.

Wat ass de sougenannten “mécanisme de relocalisation”? Beim Relokalisatiounsprogramm gi Leit, déi Schutz brauche vun engem EU-Memberstaat an een aneren EU-Memberstaat transferéiert.

Aus wei enge Länner kommen déi meeschte Refugiéen (Stand 2015)?

2015 hunn 30.755 Italiener eng Demande d’asile gestallt, wat e plus vu 27% zou dënne Joer virdrun ass. Aus Griicheland sinn 7.475 Demanden agaangen an aus Ungarn 98.072 Demanden. D’Zuel vun den Demanden aus Ungarn ass ëm 1.290% erop gaangen.

Letzebuerg ass bereet seng Verflichtungen anzehalen

Lëtzebuerg ass “déterminé à ce que ce mécanisme fonctionne et poursuit ses engagements” wei et am Communiqué vun der Regierung heescht. De 7. September 2017 sinn 48 néi Refugiéen aus Italien ukomm, dovunner si 44 Erwuessener a véier Kanner.

D’Refugiéë si vu Vertrieder vun der Direction de l’immigration du ministère des Affaires étrangères et européennes, vum OLAI, vun der Administration sous tutelle du ministère de la Famille et de l’Intégration a vun Doktere vum Ministère de la santé um Fluchhafen empfaange ginn. Soulaang wéi “Demande de protection internationale” vu Refugiéen nach net ofgeschloss ass, gi si vum Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration (OLAI) bei hiren alldeeglechen Demarchen ënnerstëtzt.

 

Related topics EU, Flüchtlingen, Lëtzebuerg
Next post Previous post