Search

You may also like

De Covid19 perturbéiert d‘Schoulrentrée vun der ISL
Meenung Neiegkeeten

De Covid19 perturbéiert d‘Schoulrentrée vun der ISL

Nodeems an der International School of Luxembourg (ISL) de Covid19

surprise
Si nennen et Flüchtlingslager
Meenung Neiegkeeten

Si nennen et Flüchtlingslager

Pickegen Drot, Zougangskontrollen an Ausgangsspären… et ass eng interessant Approche

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!
Meenung Neiegkeeten

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!

Vill Mënsche waren a sinn och haut nach op der

D’Regierung bedreift Desinformatiounspolitik

D’Regierung bedreift Desinformatiounspolitik

Zanter e puer Woche bedreiwe verschidde Regierungsmemberen eng bewosst Desinformatiounspolitik, déi gezielt dorop ausgeriicht ass, d’CGFP schlecht dohinner ze stellen.

Ëmmer erëm behaapten eenzel Ressortminister an ëffentlechen Erklärungen, datt bis Enn 2022 keng sektoriell Verbesserunge méiglech wieren. Dat mat der CGFP festgeluecht Akommes fir de Staatsdéngscht géing dat net zouloossen. Sou heescht et an der schwaacher Begrënnung vun de Politiker. Dës Ausso gouf méi wéi eemol widderholl an ass schlicht an ergräifend falsch.

D’CGFP huet dem jéngste Besteierungsofkommes eréischt zougestëmmt, nodeems d’Regierung schrëftlech zougesot huet, si wéilt déi haart erkämpfte sozial Resultater och wärend der aktueller Krisenzäit net upaken. Op dës Manéier konnt d’CGFP ënnerschiddlech Verschlechterungen am Staatsdéngscht mat Erfolleg ofwieren.

“An dësem besonnesche Kontext hunn déi ënnerzeechent Parteien ausgemaach, datt dëst Ofkommes keng strukturell Finanzerhéijung enthält”, heescht et.

Tatsächlech ass dës Eenegung mat kengen neie finanzielle Moossname verbonnen. Dëst hënnert d’Regierung net drun, Ofkomme mat Fachverbänn op sektorieller Basis ze festegen. Dës Dräierkoalitioun kann also ouni Weideres de legitimme gewerkschaftleche Fuerderungen an eenzele Beräicher vum ëffentlechen Déngscht Folleg leeschten. D’CGFP, déi sech als Daachverband net a sektoriell Fuerderungen amëscht, huet sech kenge Verbesserunge widdersat. Dofir steet zum Beispill der Aféierung vun neie Primme guer näischt am Wee. Dat selwecht gëllt och fir d’Ëmsetzung vu finanziellen Opbesserungen.

Déi systematesch Verbreedung vu falschen Tatsaache léisst dorop schléissen, datt d’Regierung versicht, d’CGFP-Memberorganisatiounen an hiren Daachverband géinteneen auszespillen. A senger jéngster Sëtzung huet d‘CGFP-Exekutive dës Praktiken op d’Schäerfst verurteelt. Gläichzäiteg gouf d’Entschlossenheet vu méi wéi 60 CGFP-Fachverbänn androcksvoll bekräftegt.

D’CGFP wäert sech géint dës Ënnerstellunge wieren. Am Exekutivrot ass een sech eeneg, datt weider Schrëtt ënnerholl musse ginn, falls d’Regierung hier onméiglech Haltung net ännert.

Genuch Spillraum fir punktuell steiergerecht Moossnamen

Och am Beräich vun der Steierpolitik verstréckt sech Dräierkoalitioun ëmmer méi a Widderspréch. Opgrond vun der Coronaviruskris géif et net genuch finanzielle Spillraum ginn, fir eng Steierreform ëmzesetzen. Gläichzäiteg bretzt d’Regierung sech awer, datt de Lëtzebuerger Staat trotz Pandemie an den éischte sechs Méint an dësem Joer 11 Milliarden Euro u Steieren (an Accisen/Taxen) ageholl huet. Dat ass ee Plus vu 25% géigeniwwer vu leschtem Joer. Mëttlerweil gouf souguer den Niveau virum Covid19 iwwertraff.

Sou erfreelech wéi dës Zuelen och sinn, d’Haltung vun der Regierung ass onverständlech. Och wann déi versprache global Steierreform op déi folgend Legislaturperiod vertässelt ginn ass, sou ass et dach offensichtlech, datt budgetär Mëttelen disponibel sinn, fir wéinstens punktuell Verbesserungen am Sënn vun engem gerechte Steiersystem ze erzielen. D’CGFP gesäit akuten Handlungsbedarf bei der Steierklass 1a a bei den Elengerzéienden. Och d’Upassung vun der Steiertabell ass scho méi laang iwwerfälleg. Déi lescht (deelweis) Upassung war 2009.

Nuancéiert Haltung zu enger méiglecher Coronavirus-Steier

Virun enger Woch huet d’Chamber de Staatsbedéngschteten an de Membere vum parlamentareschem Haushalt- a Finanzausschuss hir Siichtweis duergeluecht. Dobäi huet si sech net ausdrécklech géint eng Aféierung vun enger Coronavirus-Krisesteier ausgeschwat.

D’Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics huet däitlech hier Bedenken zum Ausdrock iwwert eng praktesch Ëmsetzung geäussert. Ze kläre bleift ënnert anerem opgrond vu wéi enge Kritären d’Gewënner vun der Pandemie ausgewielt solle ginn. Onkloer ass och d’Héicht vum Steiersaz. Dës weideren ass net gewosst, ob dës „Stier“ nëmmen eemol oder méi dacks ermëttelt soll ginn.

De Sozialdialog gëtt zur Farce

Ier d’Diskussiounen iwwert eng méiglech Coronavirus-Steier verdéift ginn, sollt d’Regierung sech d’Kees mol genee ukucken. D’Bilanz zéien. An dësem Zesummenhang fuerdert d’CGFP zanter Méint eng national Tripartite. An der Tëschenzäit gëtt ëmmer méi däitlech, datt dee vun de Regierung sou héichgeluefte Sozialdialog zu enger Farce ginn ass. Déi jéngsten Debatte vum Europäesche Semester sinn zu enger traureger Alibi-Veranstaltung verkomm.

De Premierminister Xavier Bettel huet well viru Méint ugekënnegt, datt am Virfeld vu senger Ried zur Lag vun der Natioun een Dräiergespréich stattfanne wäert. Dës Ukënnegung ass en eidelt Verspriechen. Wéi ass et soss ze erklären, datt d’lescht eng Motioun zu enger Tripartite mat de meeschte Stëmmen am Parlament ofgeleent gouf?

Sollt d’Regierung weider all Dialogbereetschaft verweigeren, wäerten sech zukünfteg Verhandlunge méi schwéier gestalten. Fir 2023 muss een neit Akommesofkomme fir den ëffentlechen Déngscht ausgehandelt ginn. Dës Gespréicher wäert d’Regierung mat der CGFP féiere mussen. Mat 21 vun 22 méigleche Sëtzer an der Beruffskummer verfüügt d’CGFP als eenzeg Gewerkschaft iwwert déi national Representativitéit am Staatsdéngscht. Méiglech Versich, dës Stäerkt a soumat de Wielerwëllen ze ignoréieren, wäert d’CGFP verhënneren.

An als eenzeg politesch onofhängeg Vertriedung vun hire Membere wäert d’CGFP sech net virféiere loossen.

matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Illustratioun: © Brooke Campbell / unsplash

Related topics CGFP, Desinformatiounspolitik, Gehälterofkommes, Regierung, Steiergerechtegkeet
Next post Previous post