Search

You may also like

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert
Money Neiegkeeten

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert

Um Donneschdeg ass a Florida nees e Mënsch exekutéiert ginn.

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg
Money Neiegkeeten

Een neien Direkter fir de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

De Fuersécherheetszenter (Centre de Formation pour Conducteurs) huet elo annoncéiert,

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren
Money Neiegkeeten

Top 5 Tipps fir gutt an d’Vakanz ze fueren

Mam Summer start och d’Vakanzenzäit. Dobäi vergësst een an der

money

Regierung erhéicht de Mindestloun, d‘UEL protestéiert

De Mindestloun un d‘Liewenshaltungskäschten unzepassen, gefält deenen déi e bezuele mussen awer esou guer net

Regierung erhéicht de Mindestloun, d‘UEL protestéiert

E Freideg no der Sëtzung vum Regierungsrot, hat de Premierminister Xavier Bettel bestätegt, datt d‘Regierung de Mindestloun géif erhéijen. Dee soll ab dem 1. Januar ëm +2,8% gehéicht ginn an esou vun 2.141,99 Euro Brutto op dann 2.201 Euro Brutto fir den onqualifizéierte Mindestloun, a vun 2.570,39 Euro Brutto op dann 2.642 Euro Brutto, fir de qualifizéierte Mindestloun klammen.

Dat gëllt natierlech och fir dat sougenannten Akommes zur sozialer Inklusioun (REVIS) an et soll och d‘Gromperegeld ëm 10% ugehuewe ginn. Well esou eppes beim Patronat éischter schlecht bis guer net gutt ukënnt, an déi jo zolidd ënnert der Coronaviruskris ze leiden hunn, sollen de Betriber dës Ausgabe kompenséiert ginn. Eng Hëllef déi als Subventioun eemoleg soll zougewise ginn.

Esou géif eng Entreprise 500 Euro pro Salarié erhalen, deem säi Gehalt gläich oder méi héich wéi den onqualifizéierten, an gläich oder méi kleng wéi den onqualifizéierte Salaire ass. Dëst Geld gëtt fir all Employé dee virum 31. Dezember 2021 agestallt gëtt an/oder wärend dem éischte Semester 2021 an Aktivitéit war. Kléngt interessant, mee schéngt net fir all d‘Entreprisen ze gëllen.

Dës Subventioun riicht sech un déi am stäerkste vun der Kris betraffe Secteuren, wéi Horesca, Tourismus, Kultur an Evenementiel. Och den Eenzelhandel an d‘Organismen déi Weiderbildungen ubidden, sollen an de Genoss vun dëser Finanzhëllef kommen. Esou duergestallt, sollt ee mengen, datt sech iwwert d‘Decisioun gefreet gëtt. Mee wéi esou oft leie Freed a Leed ganz no beienaner.

Et ass dann och d‘Unioun vun de Lëtzebuerger Entrepreneuren (UEL) déi als éischt aus der Këscht gesprongen a sech d‘Fro stellt, ob d‘Regierung eng mat der Dänn huet – wat streng geholl zu dëser schéiner Joreszäit passe géif – a fuerdert vun dëser dat séier, also quasi direkt, nees Réckgängeg ze maachen. Et wier eng Zoumuddung sonnergläichen a géif d‘Schafe vun Aarbechtsplaze behënneren.

D‘Entrepreneuren si wuel net op d‘Allocatioun fir dat deiert Liewen ugewisen, mee all Cent dee si an d‘Paie stiechen, kënnen net un Aktionären ausbezuelt ginn, jo net emol fir de Kaf vum nächste Porsche opgewannt ginn. Datt d‘Liewen zu Lëtzebuerg esou deier ass, wier jo net hir Schold, och dann net, wann d‘Loyeren onbezuelbar sinn. Et gëtt jo genuch Wunnraum hannert der Grenz…

Si stellen zudeem fest, datt de soziale Mindestloun an de leschten zwee Joerzéngten ëm ganzer 70% geklommen ass. An de leschten zwee Joer esouguer ëm 7%. Déi lescht Zuel entsprécht grossomodo der Hausse vun de Loyeren, läit awer wäit ënnert dem Zouwuess vum Akommes vun eben deenen, déi elo hei deraart jéimeren, datt ee scho bal genéidegt ass hinnen ee Rettungsfong anzeriichten.

D‘Erhéijung, esou déi séier Rechnung vun der UEL, géif d‘Entreprise iwwer 60 Milliounen Euro kaschten. U wat si dës Zuel festmaachen ass net gewosst, mee esou eng Zuel soll och éischter d‘Argument stäipen, wéi eng der Wourecht ugepassten Ausso sinn. A wien dann elo der Meenung ass, datt d‘UEL Recht huet, ka sengem Patron jo d‘Differenz dann zréck iwwerweisen…

Illustratioun: Et sinn erschreckend Biller, déi zanter dem Freidegowend an de sozialen Netzwierker zirkuléieren. Patronen, Manager jo esouguer Direkter déi onverhofft an Tréinen ausgebrach sinn, an dat nëmme well ee liberale Premierminister verkënnt huet, datt deenen äermsten eppes méi Geld sol zougewise ginn. © Tom Pumford / unsplash

Related topics Gromperegeld, Mindestloun, Premierminister, Regierungsrot, REVIS, UEL, Xavier Bettel
Next post Previous post