Search

You may also like

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta
Neiegkeeten

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt
Neiegkeeten

Wann den Etienne zur Zilscheif vun der CSV gëtt

Se si veriergert, jo scho richteg rosen: déi CSV-Deputéiert, Laurent

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!
Neiegkeeten

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!

Kommenden Dënschdeg, wäert Lëtzebuerg ganz am Zeeche vum Black Death

Plangt d‘Regierung e Staatsstreech?

Laut engem Communiqué vun der CSV, wëll de Premierminister d‘Parlament an de Staatsrot entmëndegen

Plangt d‘Regierung e Staatsstreech?

Dat sympathescht Gesiicht täuscht. Hannert dem gewannende Laache verbiergt de Premierminister destruktiv Gedanken, wéi ee Schratt fir Schratt déi demokratesch Institutiounen entmuecht“, esou den aleedende Saz vum CSV-Fraktiounscommuniqué. An bei der CSV weess een dann och wouvu geschwat gëtt.

Esou verweist d‘CSV-Fraktioun op d‘Schafe vum „Haus vum Groussherzog“, wou op „brachial Aart a Weis dat vum Vollek gewielte Parlament an der zur Kontroll vun der Exekutiv geschafene Staatsrot ausgeschalt ginn ass“. Ob een dat, esou wéi et vun der CSV duergestallt gëtt, scho mat engem „konstitutionelle Staatsstreech“ – wéi an enger Banannerepublik – gläichstelle kann? Fir d‘CSV-Fraktioun schéngt deem esou ze sinn, an heifir huet et och Argumenter.

An wat eegent sech besser wéi déi kathoulesch Kierch, fir drun ze erënneren, datt Kierch de facto entmëndegt ginn ass, wéi et zu Lëtzebuerg (endlech) zu Trennung vu Kierch a Staat komm ass. An och datt dem Staatschef, also an eisem Fall de Groussherzog, seng Rechter beschnidde goufen, datt huet ee bei de chrëschtlechsozialen, net esou wierklech verquësst. Elo also den drëtte Streech…

Et gëtt hei awer och drop higewisen, datt d‘Regierung déi sanitär Kris zesumme mat der Chamber an dem Staatsrot gesetzlech ofgeséchert huet. Hei gëtt nach emol déi konstruktiv Participatioun vun der Oppositioun ervirgehuewen. Et ass ab den Deconfinement an Roupaus iwwert d‘Summerméint, wou sech den Däiwel an den Detail ageschlach huet. Hei wier d‘Regierung gutt berode gewiescht, déi jo längst erwaarten zweet well, ze antizipéieren. Dat wier leider net de Fall, esou d‘CSV.

Nolauschteren eleng geet net duer

Vill vun den CSV-Fuerderungen hätt d‘Regierung net behäerzegt: 1) dat gefuerdert Covid19-Spidol, 2) Opbau a Stäerkung vun de Fleegeberuffer, 3) Erweiderung vun den Tracingkapassitéiten, 4) Virbereedung vum Ustuerm op d‘Testméiglechkeeten a 5) d‘ausschaffe vun engem allgemenge Stufeplang. Näischt vun all deem wier gemaach ginn, beklot sech déi gréissten Oppositiounspartei.

An de Reie vun der CSV ass een dann och zolidd veriergert doriwwer, datt d‘Regierung sech ob den neien Erkenntnisser ganz „iwwerrascht“ gewisen huet, datt déi zweet Well op emol do war. Do kann ee verstoen, datt de verbalen Austausch beim Debat zum modifizéierte Covid19-Gesetz partiell aus der Norm gefall ass. Leider hu weder d‘Intervenante vun de Majoritéitsparteien nach d‘Regierung et ronn kritt, déi berechtegt a gutt argumentéiert Bedenke vun der Oppositioun ze widderleeën.

Bei der CSV verfestegt sech dann elo d‘Gefill, datt de Premier vun de Froe säitens der Oppositioun „genervt“ ass, an dëse bestrieft wier dat ofzestellen. Dat heescht keng Froe méi zouloossen, an datt ass et wat d‘CSV-Fraktioun dem Regierungschef dann och iwwerdäitlech ënnerstellt. Deen hätt elo domadder gedreet, souzesoen duerch d‘Hannerdier ee groussherzoglecht Reglement auszeschaffen, mam Zil ouni d‘Parlament an ouni de Staatsrot Entscheedungen/Moossnamen ergräifen ze kënnen.

Wat ass elo un de Virwërf vun der CSV drun? Datt eng Regierung et a Krisenzäite léiwer huet, sech net mussen op éiweg Diskussioune mat der Oppositioun anzeloossen, fir Decisioune méiglechst séier ëmzesetzen ass dat eent, datt et der Oppositioun hir Existenzberechtegung ass, d‘Decisioune vun der Regierung ze kontrolléieren an noutfalls ze verhënneren, dat anert. Et bleift spannend…

Illustratioun: © Kraken Images / unsplash

Related topics CSV, CSV-Fraktioun, Premierminister, Regierungsrot, Staatsrot, Staatsstreech, Xavier Bettel
Next post Previous post