Search

You may also like

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa
International Neiegkeeten

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et

Terror iwwer Sri Lanka
International Neiegkeeten

Terror iwwer Sri Lanka

Op Ouschtersonndeg ass et zu Sri Lanka bannent 30 Minutten

Piraten-Partei: Groussen Engagement géint den Artikel 13
International Neiegkeeten

Piraten-Partei: Groussen Engagement géint den Artikel 13

D’Partei vun de Pirate bedaueren zu déifst, datt d’EU-Deputéiert an

Regierungsbildung an Israel

Op en neits ass dem ënner Korruptiounsverdacht stoende Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanjahu net gelongen eng Regierung forméiert ze kréien. Et war jo och eréischt de véierte Versuch bannent zwee Joer…

Regierungsbildung an Israel

D‘Frist fir d‘Regierungsbildung ass um Mëtternuecht ausgelaf an natierelch stellen sech dem Bibi seng Géigner haut de Moien déi kruzial Fro: „Gi mir dem 71 järege kriminelle Beruffspolitiker elo endlech an definitiv lass?“ Eng kloer Äntwert kann et natierlech net ginn, wëll et besteet esou eppes wéi politesch Paritéit vun der Onvernonft. An „no de Walen“ ass jo dann och „virun de Walen“.

Ob et elo der Oppositioun – déi sech och net gréng ass – gelénge kann, dëse Premierminister vum Troun ze stoussen an dofir Suerg ze droen, datt de Mann zu sengem Prozess fir Korruptioun an Amtsmëssbrauch oder et nees zu Neiwale kënnt, berout elo emol an éischter Linn op der Decisioun déi de Staatspresident Reuven Rivlin haut huele muss. Déi politesch Kris bleift awer bestoen.

De Benjamin „Bibi“ Netanjahu war 12 Joer duerchgoend un der Muecht a béis Zongen am Land vun de grousse reliéise Géigesätz an engem latent ausaartende Judeo-Faschismus, behaapten datt keen anere besser politesch Ambitiounen, National an International Opweises huet. Trotzdeem soll elo emol den Oppositiounsleader Jair Lapid (Zukunftspartei) versichen eng Regierung ze bilden.

Realistesch Chancen eng Koalitioun ze bilden déi „Regierungsfäeg“ wier, gëtt et den Ament awer nëmmen um Pabeier. Bei deene meeschte Parteien huet een dann och den Androck, datt sich an der Roll vun der Oppositioun wuel fillen. Ass jo och praktesch, wierklech vill Verantwortung huet een do keng an et kann een ëmmer alles wat net „esou leeft“ dem politesche Géigner virwerfen.

A Groussbritannien wéi och an Asien gëtt vill a gären op Neiwale gewett. Déi dierften am Juli oder August stattfannen. Et gëtt dann elo och Israelien, déi scho virgeschloen hunn, einfach auszelousen. Dat wier vill méi bëlleg wéi ëmmer Walen ze organiséieren, an d‘Aussiichten op eng funktionell Regierung géifen duerch dat Verfaren net wesentlech anescht ausfalen, wéi dat bis ewell de Fall ass.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Toa Heftiba / unsplash

Related topics Benjamin Netanjahu, Beruffspolitiker, Israel, Korruptioun, Regierungsbildung
Next post Previous post