Search

You may also like

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken
Neiegkeeten

D‘Villfältegkeet vun de Familljen entdecken

Am Kader vum Dag vun der Diversitéit (15. Mee) organiséieren

Buschbränn an Australien: Zuel vun den Affer klëmmt weider
Neiegkeeten

Buschbränn an Australien: Zuel vun den Affer klëmmt weider

Bei Temperature vu bis zu 50°C sinn d’Buschbränn zu engem

GARDEN SOUNDS – Kultur zu Wolz erliewen!
Neiegkeeten

GARDEN SOUNDS – Kultur zu Wolz erliewen!

Vum 29. August bis de 26. September 2020 gëtt mat

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence

Ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, huet dëse Freideg de Regierungsrot eng Sëtzung ofgehalen. An dësem Kontext ass sech iwwert déi aktuell international an europapolitesch Politik ënnerhale ginn.

De Rot huet bei dëser Geleeënheet d‘Prioritéite vun der Lëtzebuerger Presidence vum Comité vun de Ministere vun der Benelux-Unioun fir 2019 ugeholl. Lëtzebuerg huet dës Presidence den 1. Januar iwwerdroe kritt. Si geet den 31. Dezember op en Enn. Zu de Prioritéite vun der Benelux-Presidence gehéiere folgend Themen:

  • de Kampf géint de Klimawandel verstäerken an déi energetesch Transitioun stimuléieren;
  • de Bannemaart stäerken;
  • d‘Digitalisatioun fërderen;
  • den neie Benelux-Traité zu Police-Kooperatioun ëmsetzen;
  • d‘Zesummenaarbecht vun de Regierunge verdéiwen.

Am Kontext vun – engem méiglecherweis „haarden“ – Brexit, hunn sech d‘Minister iwwert de Statut vun eise britesche Matbierger ënnerhalen. Detailer dozou, fannt déi ënner „Brexit: d‘Rechter vun de Bierger“.

Vum Ministerrot ass de Projet vun engem groussherzogleche Reglement ugeholl ginn, deen eng Modifikatioun vum groussherzogleche Reglement vum 23. Dezember 2013 virgesäit. Deen handelt vum autonome Recht op d‘Bestëmmung vun den Accisen an aner Dispositiounen iwwer den manufakturéierten Tubak.

Heibäi geet et drëms d‘Hausse vun der Taxatioun vum Tubak (klenggeschnidden) dee fir „selwer ze dréinen“ ass. Et muss sech dem Minimum-Taux vun de globalen Accisen, vun 48% vum duerchschnëttlech Verkafspräis am Eenzelhandel, esou wéi dat an der EU-Direktiv 2011/64/UE vum 21. Juni 2011 virgesinn ass, ugepasst ginn.

mam SIP

Related topics Benelux, Benelux-Presidence, Brexit, Regierungsrot, Tubak, Xavier Bettel
Next post Previous post