Search

You may also like

12 Méint an 12 Geschichten: D’Johanna zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Johanna zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

Si all hunn eppes gemeinsam: Si sinn Persounen am autistesche Spektrum.

Een planzlecht Treffen: Zorteversich an der Landwirtschaft
Neiegkeeten

Een planzlecht Treffen: Zorteversich an der Landwirtschaft

Vergaangene Méindeg huet de Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft,

Verhalensreegelen am Stau
Neiegkeeten

Verhalensreegelen am Stau

Regierungsrot: Changementer am Covid19-Kontext

Regierungsrot: Changementer am Covid19-Kontext

E Freideg hat et eng Sëtzung vum Regierungsrot ginn an entgéint de virege Berichter schéngen sech d‘Ministeren ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier Bettel dës Kéier net iwwert déi international an europäesch Politik ënnerhalen ze hunn. Zumindest geet dat esou aus dem vum Presse- an Informatiounsdéngscht (SIP) weidergeleete Communiqué ervir.

De Regierungsrot huet dofir nees de Punkt zur Situatioun am Bezuch op d‘Covid19-Pandemie gemaach. An dësem Kontext huet de Regierungsrot eng Rei Amendementer zum Gesetzprojet N°7645 déi d‘Gesetz vum 17. Juli 2020 (geännert de 24. Juli 2020) sech bezéiend op d‘Aféiere vun enger Rei Mesuren am Kampf géint d‘Covid129-Pandemie, mat deene folgend Gesetzer ofgeännert ginn:

Bei dësen Amendementer geet et notamment drëms d‘Definitioun vun der Mask ze preziséieren a kloer ze stellen, ënnert wéi enge Konditioune Persoune kënne vum Droe vun der Mask an/oder dem sozialen Ofstand, aus medezinesche Grënn, kënnen ausgeholl ginn.

Och soll den Tracing vun de Kontakter vu Persounen, déi iwwert de Loftwee zu Lëtzebuerg ukommen, acceleréiert ginn. Dofir gëtt et elo en Dokument datt d‘Passagéier zwéngend ausfëlle mussen. Dës Donnéeë ginn dann och automatesch un den Direkter vun der Santé weidergeleet.

Laut dem Communiqué wier sech am Regierungsrot och drop verstännegt ginn, d‘Dauer vun der Gültegkeet vum Gesetz vum 17. Juli 2020 bis zum 31. Dezember ze verlängeren. Dat muss dann allerdéngs nach vun der Chamber esou ugeholl ginn. Hei dierften sech just d‘Oppositiounsparteien onzefridde weisen (oder och net).

Illustratioun: © Freestocks / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, Medikamenter, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post