Search

You may also like

Gutt Nouvelle vun der Aarbechtsfront
Neiegkeeten

Gutt Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Zum 31. Mee esou d‘ADEM, hat et 17.340 ageschriwwen Demandeuren.

money
Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher
Neiegkeeten

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

Eigentlech leeft d‘Konzessioun vum Munnerefer Casino 2000 eréischt am Juni

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt
Neiegkeeten

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt

Egal wéi een et dréint a kéiert, d’Universum geet iegendwann

Regierungsrot: „Näischt Neies wësse mir net“

Op de Premierminister et drop uleeë wëll de kommunikativen Dissens mat de Medien an eng nei Dimensioun ze féieren ass net gewosst, mee heiansdo ass näischt gesot… ze vill gesot

Regierungsrot: „Näischt Neies wësse mir net“

Wéi um Freideg am Nomëtten de Communiqué zur Sëtzung vum Regierungsrot an de Redaktioune gelant ass, war deem an engem Saz ze enthuelen, datt de Punkt zur aktueller Situatioun, bezunn op d‘Covi19-Pandemie, gemaach gouf. Wat si beschwat hunn, op et besser oder schlechter gëtt, wat et mat der sanitärer Lag an der Evolutioun vun den Neiinfektiounen op sech huet, dozou kee Wuert.

Eigentlech hätt een sech erwaart, datt no der Kakophonie bei der offizieller Kommunikatioun iwwer déi lescht Deeg, d‘Regierung esouvill Verstand hätt do Kloerheet ze schafen. Dat de Chef vun der Covid19-Asatzgrupp, de Professer Ulf Nehrbass géintiwwer de Mikroe vu Bertelsmann verkënnt huet, datt et bei der flächendeckenden Testcampagne keng „falsch“ negativ Resultater ginn hätt, gouf jo bekanntlech vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert däitlech widderluecht.

Medien

De Journalist vum „Honnertkommasiwen“ trëfft den Nol op de Kapp.

Si huet schrëftlech an enger Äntwert op eng Parlamentaresch Fro drop higewisen, datt bis zu 20% vun de Tester feelerhaft kéinte sinn. Dat léisst keen aner Schluss zou, wéi datt do gehéiereg eppes schif leeft. Eis Gesondheetsministesch ass éischter dofir bekannt, sech mat hiren Experten op eng gemeinsam Äntwert ze concertéieren, firwat esou géigesätzlech Aussoe ganz geféierlech sinn.

Allgemeng Veronsécherung

Am virleiende Fall kann awer nëmmen eng Ausso stëmmen a well et bei Tester/Analyse ganz normal ass, datt et do eng Feelerquot gëtt, ass dovunner auszegoen, datt entweder den Här Professer sech onglécklech ausgedréckt oder d‘Kolleege vu RTL net de ganze Wuertlaut verbreet hunn. Esou eppes bitt Spekulatioune vill Spillraum, an deen ass dann och grousszügeg genotzt ginn.

Wien sech net dorunner bedeelege wollt a gehofft huet, datt et nom Regierungsrot zu enger fir all Mënsch verständlech Erklärung komme géif, ass enttäuscht. Och zu där ominéiser „Kaart“ déi dem Ministère entwutscht ass, hu sech vill Journalisten eppes Opklärung erwaart. Dat alles ass hinne verwiert bliwwen a kann net als „vertrauensbildend Moossnam“ bewäert ginn. Wann d‘Zilsetzung allerdéngs sollt déi allgemeng Veronsécherung vun de Bierger gewiescht sinn, leien se nees richteg.

Medien

Esouguer eis war dem Kolleg Claude Biwer säin Tweet eng Äntwert wäert.

Dat selwecht betrëfft de Constat vun de Beamte vun der Gesondheetsinspektioun, déi een éischter beonrouegend Bild am Bezuch op d‘Anhale vun der Quarantaine gezeechent hunn. Leit déi aus der Vakanz heemkomm sinn a positiv getest goufen, wat esou eng Quarantaine duerchaus berechtegt, wieren net opzefannen (?) wat am Kontext vum Kontakt-Tracing scho problematesch ass.

De gudde Wëlle geet net duer

E weidere Problem betrëfft déi vun eisen Noperen nees operluechte Restriktiounen, well mir jo elo ee Risikogebitt sinn. Besonnesch fir Studenten déi an Däitschland nees hir Studie sollen ophuelen, wier et noutwenneg, kloer Informatioune bereet ze stellen. Net ze vergiessen, datt d‘Paulette Lenert huet missen intervenéieren, well Lëtzebuerger Patienten – trotz negativem Test – an engem däitsche Spidol ofgewise goufen. Et gëtt also genuch, wat eng Erklärung vun der Regierung fuerdert.

Sech do mat engem Communiqué nom Motto „Näischt Neies wësse mir net“ zefridden ze ginn, ass weder gescheit nach opportun. Et feelt bekanntlech och hei am Land net un de Skeptiker an bezunn op den „nach“ marginale schlechte Beholl vu wéinegen, sollten d‘Bierger vun der Regierung erwaarden dierfen, voll ëmfänglech an éierlech opgekläert ze ginn. Dat war gëschter net de Fall.

Medien

Et ass dann elo och net esou, wéi wa mir déi eenzeg wieren, déi mat der Kommunikatioun vun der Regierung e Problem hätten. Och den Traditiounsmedien am Land geet déi Strategie vun eisem Premierminister a senger Ekipp lues awer sécher gehéiereg géint de Stréch.

Vun de Medien an all hire Formen erwaart d‘Regierung eng opklärend Berichterstattung déi dann och méiglechst fräi vu polemeschen oder onverständlechen Inhalt ass. D‘Medie kënnen awer elo och nëmmen dat weiderginn an déi Informatiounen interpretéieren déi si kréien. Et ass jo gewosst, datt Journalisten och da schreiwen, wa si keng Äntwerten op hir brennend Froe kréien. Mee vläicht huet d‘Regierung och einfach keng Loscht méi a wier léiwer an der Vakanz…

Illustratioun: Onmanéierlech? Dat kënne mir och, besonnesch wa mir esou léif derzou opgefuerdert ginn. (Stefan Keller / Keller)

Related topics Covid19, Kakophonie, Kommunikatiounsstrategie, Regierungsrot, Situatiounsiwwersiicht, Vertrauensmëssbrauch
Next post Previous post