Search

You may also like

Aarbechtsmaart: Nei Modalitéite fir d‘Kuerzaarbecht
International Neiegkeeten

Aarbechtsmaart: Nei Modalitéite fir d‘Kuerzaarbecht

Um Donneschdeg hunn d‘Ministere Fayot (Wirtschaft) a Kersch (Aarbecht), am

Nashville am Noutstand
International Neiegkeeten

Nashville am Noutstand

No der Explosioun vun engem Camper zu Nashville ass de

ASTA: E vill ze waarme Wanter!
International Neiegkeeten

ASTA: E vill ze waarme Wanter!

De Mënsch ass renitent wa vum Klimawandel rieds ass, a

Politik op der grousser Leinwand

Regisseur Nawalny iwwerrascht russeschen Zar mat perséinlechem Dokumentarfilm

Politik op der grousser Leinwand

De Kremlkritiker an erkläerte Géigner vum russesche President Vladimir Putin, huet eng interessant Approche zum politesche Konflikt. No senger „Aventure“ déi hien um direkte Wee an d‘Charité op Berlin gefouert hat, wou Wëssenschaftler bestätege konnten datt den Alexej Nawalny vergëft ginn ass, huet dëse kierzlech entscheet zréck an d‘Heemecht ze goen. Hei gouf den Dissident verhaft.

No der Publikatioun vun engem Dokumentarfilm mam Titel „Ee Palais fir de Putin“ ass gewosst, datt déi ganz Aktioun: „Zréck an d‘Heemecht“ – wou vu vireran kloer war, datt d‘Police géif op hie waarden – Deel vun engem grousse „Programm“ muss sinn. Obwuel Homophob an Antisemit, ass sech den Alexej Nawalny der Ënnerstëtzung vun den Amerikaner an den Europäer sécher.

Dëse Video, dee vu ville Medien als Sensatioun verkläert gëtt, soll den Dissident wärend sengem Openthalt zu Berlin erschafen hunn. Well de Mann, dee ganz oppen de Vladimir Putin bezichtegt hannert dem Gëftmorduschlag ze stiechen, am Bing sëtzt hu seng Matstreider dësen epeschen „Dokumentarfilm“ verëffentlecht. Den Zar dierft allerdéngs net esou begeeschtert gewiescht sinn.

An dëser Nawalny-“Road Movie“-Produktioun ass de fréiere KGB-Offizéier an haitege Regent vu Russland den „Held“. Woubäi éischter de Palais um Schwaarze Mier, eng Residenz am Wäert vun angeblech enger Milliard Euro, déi eigentlech Haaptroll spillt. Am Video gëtt dës Villegiature ganz ëmfangräich, unhand vu Fotoen, Dokumenter an dem Bauplang, dem Public ugebueden.

Et heescht, datt dëst Uwiesen zu Gelendschik esou opulent ausstafféiert gi wier, datt esouguer déi fréier Zaren op den Haushär neidesch wieren. 17.000 Quadratmeter grouss, Casino, Theater an eng olympesch Schwämm. Vill Stuckatur, vergëlle Miwwelen a räich verzierten Artefakten… den Zar Vladimir I weess wat engem Staatschef zu Éiere gereecht. Mee ass hien ee verréckten Imperator?

E gefleegten Ëmgang mat der Provokatioun

Dem héchst dubiéisen Oppositiounspolitiker seng Dokumentatioun, gëtt vun der grousser Politik, besonnesch natierlech an Europa, wéi och an Amerika gestäipt. Ob alles esou stëmmeg ass, ob et méiglecherweis eppes „Hëllef“ ginn huet, dat gëtt an der haiteger Welt net hannerfrot. Wäit iwwer 25 Millioune Mënschen hunn sech dësen epeschen Dokumentarfilm schon op YouTube ugekuckt.

Et ass wesentlech méi einfach d‘Welt a „Schwaarz & Wäiss“ opzedeelen, firwat een entweder Fan vum Vladimir Putin ass oder dëse bei der Däiwel wëll joen. Sécher, den Zar vu Russland ass, wéi seng Homologe Xi Jinping an den neie Locataire vum Wäissen Haus, ee vun de weltleche Leader, wat jee no politeschem Standpunkt an deels och Bildungsniveau, iwwer Léift an Haass entscheet.

Mir liewen an enger komplexer Welt, an dovunner auszegoen datt den Alexej Nawalny sech keen esou ee Luxus gënne géif, wann hien dann den Zepter vu Russland géif schwéngen, wier ee Feeler. Fréier hu politesch Prisonéier am Prisong Bicher geschriwwen, elo dréinen zukünfteg politesch Prisonéier e Film iert se hanner Gitter geroden. Och de Polit-Marketing, dréit schéin nei Friichten.

Wien am Glashaus mat Steng geheit…

Datt den Alexej Nawalny selwer gären Zar wier, dat ass net nei. Net nei ass och de Fait, datt d‘USA an d‘Europäer sech vun dësem éischter finanziell a wirtschaftlech ausgeriichte Faschist vill erhoffen an et wier esouguer virstellbar, datt ënnert him d‘NordStream2-Pipeline kee Problem méi wier. Hien awer géif déi annektéiert Krim och net zréck ginn, a géif sech d‘Ukrain och nees gären averleiwen.

Ob elo déi westlech Medien sech iwwert d‘Affär „Nawalny“ freeën – et lenkt jo eppes vum Virus of a Russland ass nach ëmmer ee brauchbart Feindbild – kann een net klärend beäntwerten. Gekläert ass allerdéngs, datt dës „beweegte Biller“ eng Krichserklärung un d‘Regierung an de Vladimir Putin sinn. Am Virspann ginn d‘Russen opgefuerdert ee Samschdeg géint de Regimm ze Demonstréieren.

Nawalny

Mam „Ee Palais fir de Putin“, soll ënnert der russescher Bevëlkerung den Näid an den Haass géint de russeschen Establishement accentuéiert ginn. Ob sech ganz Russland un dësem Kampf wäert erfreeën? Ganz esou blöd wéi ee kéint unhuelen, sinn awer och d‘Russen net. Déi kennen – dat alles ass wéi gesot net nei – hir Pappenheimer a wëssen, datt béid Géigner virun allem u sech denken.

Loscht op ee „politesche Kampf“ am Sënn vu Revolutioun an Stroosseschluechten, hunn déi meescht Russen net. Op der Plaz zu Gelendschik, gouf wuel iwwert de Palais a de Luxus geschwat, et soll sech net „immens gefreet“ gi sinn, mee um Enn akzeptéiert et déi russesch Séil dann awer. A Russland huet jo (bal) jidderee seng Datscha, ab datt dem Zar Vladimir I seng eppes gréisser ass…

mat indymedia/mow/tlv

Illustratioun: © Denise Jans / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Dokumentarfilm, politesche Gefaangenen, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post