Search

You may also like

Kanner hunn och Rechter
Money Neiegkeeten Stories

Kanner hunn och Rechter

Den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) huet gëschter den

Gemengerot Esch-Uelzecht: Schwiereg Verhältnisser, den éischten Akt
Money Neiegkeeten Stories

Gemengerot Esch-Uelzecht: Schwiereg Verhältnisser, den éischten Akt

E Freideg war déi lescht ëffentlech Sëtzung vum Escher Gemengerot

Mamer Theater Container – E Mount Kultur ënnert fräiem Himmel
Money Neiegkeeten Stories

Mamer Theater Container – E Mount Kultur ënnert fräiem Himmel

Nom immense Succès vum Autokino a Concerts on Wheels presentéiert

money

Brauch et eng Reguléierung vum Wunnengsmaart?

Brauch et eng Reguléierung vum Wunnengsmaart?

Datt et „aarm“ Leit op der Welt gëtt, ass net der Handelskummer oder engem vun hire Memberen seng Schold. An et brauch déi „Aarm“, well et zum enge soss keng „Räich“ géif ginn, an zum aneren, wëll Gott (hei dierf sech een erausgesicht ginn) dat senge Kreaturen esou an de Liewenslaf geschriwwen huet. Esou war et, esou ass et an esou soll et bleiwen…

Wann dann eng Regierung kënnt, vun där erwaart gëtt, datt se zumindest mécht wei wann se sech ëm d‘Wuel vun den Awunner géif suergen, an do ee Gesetzprojet (7642) ausschafft, mat deem de Loyer soll eppes reguléiert ginn, geet d‘Angscht ëm, datt een den Elitten am Land hir Privilegie wéilt beschneiden. Bei enger jäerlecher Plus-value vu 7% bis 11%, ass dat absolutt novollzéibar.

Wunnen, egal ob de Proprietär ee richissime Geschäftsmann/Affekot/Deputéierten/Dokter asw. ass, wier ee Mënscherecht, behaapte gewëssen Organisatiounen, a verkennen doranner erwisenermoosse wien de Kommando huet. Dat ass nach ëmmer de Proprietär, dee sech net nëmmen eraushuele ka wien a senger Gemaier dierf residéieren, mee och de Loyer no eegenem Gusto ka festleeën.

Elo huet d‘Politik zu Lëtzebuerg awer mindestens 30 Joer – bewosst an absichtlech zum Wuel vun ee puer Copainen – ni eppes ënnerholl, a vermëttelt och weiderhi just den Androck abordabelen a soziale Wunnengsbau virunzedreiwen. Leider gëtt et multipel Krisen (Covid19, Klima a Wirtschaft) a fir de soziale Fridden ze erhalen, gëtt unerkannt, datt et och eng Logementskris am Land gëtt.

Där kann ee mëttlerweil och mam subventionéierte Loyer net méi begéinen, an ëmmer nëmme Wunnenge verspriechen ouni der ze liwweren, geet sech op dauer net op. Zudeem klëmmt den Drock, wéi unhand enger Rei gréisserer Manifestatiounen däitlech ze notéieren. Fir de grénge Logementsminister Henri Kox, huet sech eng Legiferatioun imposéiert, well gewollt ass se net…

Handelskummer weess wat gebraucht gëtt

Elo ass et fir ee Politiker net Opportun dem Wielerwëllen d‘Stir ze bidden an et gëtt esou lues och nees Zäit, Punkte fir déi nächst Walen ze sammelen. An der Handelskummer mécht sech, wann et zu „entgéintkommenden Aussoen“ säitens der Politik fir de Pöbel kënnt, ëmmer eppes Panik breet. Si gesinn doranner ëmmer direkt eng Beschneidung vun hire Rechter an Acquisen…

Woubäi op der Handelskummer schaffen ëmmer méi Salariéeën, déi sech an der tëscht de Loyer zu Lëtzebuerg och net méi leeschte kënnen. Dat dierft mat ee vun de Grënn sinn, firwat den Avis vun der Handelskummer dës Kéier, wesentlech méi nuancéiert – wann och bedauerlecherweis eenzeg an eleng rhetoresch – ausgefall ass, wéi een sech dat am Kontext vun der Logementskris erwaart hätt.

Esou ergëtt et sech, datt d‘Handelskummer behaapt dovunner iwwerzeegt ze sinn, datt et bezunn op d‘Kris am Logement an der Volatilitéit vun de Loyeren, eng gutt iwwerluechten Aktioun vun der Politik brauch, fir dës Hausse nees an de Grëff ze kréien. Si gëtt allerdéngs och ze bedenken, datt am presente Fall d‘Plus-value vu verschiddenen Dispositiounen dreet de Géigendeel ze bewierken.

Si sinn also an der Handelskummer och zur Conclusioun komm, datt den Desequiliber tëscht der Offer an der Nofro en zolitte Problem ass. Eng Léisung kann et folgerichteg nëmmen da ginn, wa méi Wunnenge gebaut ginn, an et der Politik gutt zu Gesiicht géif stoen, manner urbanistesch Oplagen ze erfannen an d‘Promoteure gewäerden ze loossen. Dat awer hëlleft deenen aarmen net…

Hongerleider einfach ausweisen

Wann elo d‘Handelskummer hei vu „méi Bauen“ schwätzt, well eng gréisser Offer de Präis dréckt, dann ass dat zwar glat gelunn, mee wei gesot, och hir Lounsklave mussen sech tëscht Wunnen a Kafkraaft entscheeden. Et ass een dann och net ganz esou géint den „abordabele Logement“ wann et ëm de Wunnraum fir héichqualifizéiert Mënsche geet, déi eng wirtschaftlech Plus-value hunn.

Jo och d‘Handelskummer huet erkannt, datt de komplizéierten Accès zu Wunnraum, en Impakt op de Wuesstem huet. Si denken do allerdéngs manner un déi Leit, déi um ënneschte Wupp vun der Akommesleeder stinn. Enger „Botzfra“ oder dem „Lagerist“ si laang Faartzäite bis op d‘Schaff jo zouzemudden, wärend beim „qualifizéierte“ Mataarbechter net geet, där huet der net genuch…

D‘Handelskummer weist dann op eis Achillesseen hin: de permanente Wuesstem. Wa Lëtzebuerg seng gesellschaftlech Entwécklung virundreiwe wëll, an zäitgläich de Lëtzebuerger Sozialmodell bäibehale soll, muss d‘Wirtschaft exponentiell mat wuessen. Dat implizéiert en dynamesche Wunnengsmaart a bréngt mat sech, datt déi aarm sech gefällegst „anescht“ organiséiere sollen.

Si empietéieren op d‘Privilegie vun de besser ausgebilten. Eigentlech sinn déi sozial schwaach Leit dorunner Schold, datt déi benéidegt Fachleit fir d‘Lëtzebuerger Wirtschaft et esou schwéier hunn, eng Wunneng am Land ze fannen. An hirem Avis weist d‘Handelskummer och drop hinn, datt déi intentionéiert Verbesserungen esou gesinn, net wäerten duer goen d‘Situatioun ze verbesseren.

Dräi Haaptkritikpunkten

Am Gesetzprojet sinn 3 Dispositioune virgesinn, déi der Handelskummer suggeréieren, datt alles vervillschlëmmert gëtt: 1) d‘Loyersgarantie vun 3 op 2 Méint reduzéieren; 2) d‘Täschegeld fir d‘Agence déi de Logement vermëttelt zu gläichen Deeler op de Locataire an de Proprietaire ze partagéieren; 3) de Reklassement vun engem zäitlech definéiertem Bail, op een onbestëmmten Zäitraum bei Vertragsverlängerung.

Datt alles, esou d‘Meenung vun der Handelskummer, géif mat grousser Sécherheet zum Effet Contraire féieren an d‘Präisspiral am locative Logement ëmmer weider an d‘Luucht dreiwen. Et gëtt nach bedauert, datt alles wat bis ewell esou versicht gouf, ëmmer zimmlech isoléiert Aktioune waren. Zudeem géif sech op d‘Demande, statt op d‘Offer konzentréiert ginn, wat näischt bréngt.

Et misst een awer un der Offer schaffen, dat méiglechst mat enger globaler Approche (et geet aus dem Avis net ervir, wéi auslännesch Investisseuren hei solle privilegiéiert ginn). Ganz flott fënnt et d‘Handelskummer, datt „Alternative“ wéi Wunngemeinschafte gestäipt ginn. Datt et a Gemenge soll eng Loyerskommissioun ginn, gëtt begréisst, well hei eng juristesch Lück zougemaach gëtt.

Fir de Recht bleift ee sech bannent der Handelskummer trei. Wien net genuch verdéngt fir sech hei ee Loyer ze leeschte soll gefällegst an d‘Groussregioun wunne goen. De Staat soll méi séier finanzstaarke Promoteuren Terrainen zur Verfügung stellen, an dës zousätzlech mat Subventiounen encouragéieren. Dann hätt ee séier déi feelend Logementer zesummen. Ma dann…

Illustratioun: © Jessy Smith / unsplash

Related topics Avis, Gesetzprojet 7642, Handelskummer, Henri Kox, Logement
Next post Previous post