Search

You may also like

VDL: D‘Chantiere vum Weekend (03.-06.09.2021
Kultur

VDL: D‘Chantiere vum Weekend (03.-06.09.2021

D’Stad Lëtzebuerg huet eng Rei Chantieren ugekënnegt, déi ab e

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Kultur

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Um 8. November 2018 bitt d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an Zesummenaarbecht

Mini-Entreprise „Case It!“ – Gitt Ärer Mask een Doheem
Kultur

Mini-Entreprise „Case It!“ – Gitt Ärer Mask een Doheem

Mam Zil der Bevëlkerung elo wärend der Pandemie ze hëllefen,

Reider an Ritter um gréissten Mëttelalterfest an der Groussregioun

D’Mëttelalter gëtt oft als grausam an däischter Epoch gesinn, an där Gesetzlosegkeet a Willkür virherrschen. Trotzdeem léisst sech hautdesdaags e gewëssene Mëttelalter-Boom erkennen.  Et ginn ëmmer méi Mëttelalter-respektiv Buergfester, sou wéi dëse Weekend zu Diddeleng.

‘Den vürsten allen wart enboten…’ fir déi 16. Kéier huet Diddeleng Prinzessinnen, Gaukler, Ritter, Minnesänger, Händler a Jongleuren op seng “Buerg” invitéiert. Iwwer 80 Händler, Handwierker a Spill-Leit hunn de Wee op Butschebuerg  fonnt fir d’ Vollek mat hirer Konscht ze verzauberen.

Gen(i)us Loci- Lenks/Riets oder an de Wiesen

Ganz Butschebuerg huet sech an ee Gen(i)us Loci verwandelt: Eng Platz mat enger ganz eegener Atmosphär. Lénks eng Wäirauch-Mëscherei, déi enger Hex gehéiert, ee Kreiderdruid an een Literat den Bicher bënnt. Riets ee Schongmaacher falls d’ Schong de laange Wee bis op Diddeleng net gepackt hunn an eng Tavern fir sech ze stäerken.

An de Wiese fënnt een dann och eppes fir déi Kleng nieft engem mëttelalterleche Riserad, gëtt et “Die Spielerey” eng aus Holz hiergestallte Spillplaz. Jeeër gi keng gebrauch. Fir d’Juegd si Gräifvigel zoustänneg déi mat hire Besëtzer ugereest sinn.

hôchzît- Ee Fest wéi keen zweet

Och wann een seng Gulden all ausginn huet oder se vu Kräizritter während hirem Kräizzuch ofgeholl krut, huet een nach laang net missen Heem goen, well de Programm war gutt gefëllt. De Staathär Danielus ass zum Ritter geschloe ginn. Zu sengen Éieren sinn Ritterturnéier organiséiert ginn. Spill-Leit an Akrobaten hunn de Wee an d’Taverne fonnt fir nach ausgibeg mat dënnen anere mëttelalterleche Gestalten an dem Pöbel ze feieren.

Och den Ofschloss vum Dag war ganz mëttelalterlech oder awer éischter neizäitlech, well um 23.00 Auer gouf  nach eng Hexeverbrennung, also een Feierspektakel organiséiert.

Dimitte mihi peccata mea

No dem grousse Fest an den Taverne brauche verschidde Leit d’Absolutioun. Dofir hunn d’Organisateuren den zweeten Dag eng mëttelalterlech Mass an der Kapellen organiséiert. Ritter, Reider a Maartleit kenne kee Roudag. Dofir waren och Sonndes de ganzen Dag  Kanner-  a Ritterturnéier souwéi ee Maart.

Net nëmmen d’Fairy Tales hunn de ganze Weekend iwwer fir eng Atmosphär wéi an  engem Volleksmäerche gesuergt. Eng duerchaus gelongen Zäitrees an eng friem Epoch geet, den 11. September um 18.30 mat engem feierleche Cortège op een Enn.

Fotoen: Debby Reding

Related topics Burgfest, Dudetown, Fairytail, Mëttelalterfest, Prinzessin
Next post Previous post