Search

You may also like

money
De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus
Kultur Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Opschwong mécht eng Paus

De STATEC: „Am Kontext vum global wirtschaftleche Wuesstemsréckgang huet Lëtzebuerg

Faschistesch Interferenzen am Bundestag
Kultur Neiegkeeten

Faschistesch Interferenzen am Bundestag

Um Donneschdeg huet sech de „Conseil vun den Eeleren“ vum

money
Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg

E Méindeg huet déi däitsch Gesellschaft „Creditreform Luxembourg“ déi zanter

Réimech seet d‘Kavalkad of

Réimech seet d‘Kavalkad of

No der „Escher Fuesent“ ass et och um Réimecher Fuesent-Comité d‘Kavalkad ofzesoen. Et wier wuel eng schwéier mee noutwenneg Decisioun gewiescht, heescht et zu Réimech, nodeems de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot gëschter d‘Annulatioun vun alle Manifestatioune vum Weekend zu Halleffaaschten (22. & 23. Mäerz) confirméiert huet.

Eng Entscheedung awer, déi am Konsens mam Organisatiounscomité vun der Kavalkad an de Responsabele vun der „Harmonie Municipale“ geholl ginn ass. D‘Ursaach ass kloer, an datt si d‘Recommandatioune vum Gesondheetsministère behäerzegen, sollt hinnen net zum Virworf gemaach ginn. Lëtzebuerg ass wuel nach wäitleefeg vum Coronavirus verschount bliwwen, mee et muss ee sech jo och keng siche goen.

Jiddereen dee sech schonn säin Ticket besuergt huet sollt dëse gutt versuergen, deen ass elo och mam Datum „2020“ dat nächst Gülteg.

Wéi et ëm déi Péitenger Fuesent bestallt ass, dat léisst sech zur Stonn nach net soen. D‘Piraten déi am Gemengerot vertruede sinn, hunn awer dem Schäfferot an dësem Zesummenhang eng Rei Froe gestallt. Et géif awer an der Logik leien, déi dës sanitär Kris begleet, och de „Péitenger Wand“ ofzeblosen. Ob eng Entschiedegung fir d‘Veräiner sënnvoll ass, dat ergëtt sech aus der Äntwert…

Illustratioun: Ruth Archer / Pixabay

Related topics Coronavirus, Fuesent, Kavalkad, Péiteng, Réimech
Next post Previous post