Search

You may also like

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss
Neiegkeeten

Dem Erdogan seng Propaganda ënnert däitschem Beschoss

Den Ausseminister an de Justizminister hunn en Dënschdeg zu verstäerkte

An der Tierkei stinn sech Vergaangenheet an Zukunft géinteniwwer
Neiegkeeten

An der Tierkei stinn sech Vergaangenheet an Zukunft géinteniwwer

Zanter elo eppes iwwer sechs Wochen, versichen sech d‘Studenten an

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz
Neiegkeeten

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst

Réiser: Grouss Erausfuerderungen trotz Iwwergangsbudget

Réiser: Grouss Erausfuerderungen trotz Iwwergangsbudget

Och zu Réiser waren d‘Budgete (2017-2018) am Mëttelpunkt vun der Gemengerotssëtzung. Aus deene léisst sech erausliesen, datt esou munch Erausfuerderung op déi LSAP-CSV Koalitiounsgefouert Gemeng duerkommen. De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) bleift awer Zouversiichtlech.

Viru gutt engem Mount hat den Tom Jungen d‘Schäfferotserklärung fir déi nächst sechs Joer virgeluecht an vun engem „ambitiéise Programm“ geschwat. D‘Gemeng Réiser géif viru groussen Erausfuerderunge stoen, och aus finanzieller Siicht. Mat dräi Schwéierpunkten: Schoul a Kannerbetreiung; Wunnengsbau; Verkéier a Mobilitéit, déi sech alleguerten och am Budget erëmfannen, dierft et am Gemengerot net langweileg ginn.

Esou kann een dann och Verständnis hunn, datt de Budget 2018 als Iwwergangsbudget ze gesinn ass. Dat trotz oder och vläicht grad, well een zefridde feststelle kéint, datt den initiale Budget 2017 mat engem „liichte“ Plus vu 400.000 Euro ofgeschloss ginn ass. Dat läit dann allerdéngs dorunner, datt et eng méi héich Dotatioun vum Staat ginn huet.

Fir de Recht muss een dem Buergermeeschter gutt halen, datt een et zu Réiser versteet e Budget opzestellen. Bei de Recettë läit een ëmmer am grénge Beräich. Déi kéinten sech beim Budget 2017 och nach verbesseren, ugesicht der Tatsaach, datt den Decompte fir d‘Maison Relais an d‘Crèche nach net berécksiichtegt konnte ginn. Hei geet ee virsiichteg vun enger Erspuernis an héicht vun 200.000 Euro aus.

Finanziell Stabilitéit

War een d‘lescht Joer nach vun engem Boni ëm déi 1,7 Milliounen Euro ausgaangen, esou dierft et der um Enn 1,85 Millioune sinn. Och de „Rectifié 2017“ liest sech gutt, an hei geet den Tom Jungen dann och vun engem Boni an héicht vun 11,7 Milliounen aus. E Boni deen am Gläichgewiicht mat den Ausgabe vum Investitiounsbudget läit, wou 11,8 Milliounen un Ausgabe virgesi waren.

Datt een zu Réiser eng gewësse finanziell Stabilitéit muss notéieren, huet allerdéngs dann och en Zesummenhang mat net realiséierte Projeten. Net datt een dat express gemaach hätt, mee hei hätten Autorisatiounsprozeduren an „aner“ Verspéidungen eng Roll gespillt. Déi Projeten déi dann 2017 net konnte realiséiert ginn, huet een am „Rectifié 2017“ op Null gesat an am „Ordinäre 2018“ nei alimentéiert.

Fir den „Defizit“ vu ronn 3,7 Millioune bei de Recetten ze erklären, muss gewosst sinn, datt e geplangten Emprunt (2 Milliounen) an d‘Subsiden aus dem Assainissement (1,1 Millioun) ewech falen. Den Emprunt ass net gezu ginn an d‘Subside komme méi spéit, well verschidde Chantieren net an den Delaien ugefaangen oder fäerdeg gi sinn. Déi lescht 600.000 Euro belafen sech op Projeten déi 2018 zum droe kommen.

2018 gëtt e gutt Joer

Beim initiale Budget 2018 si bei de Recetten 22,1 Millioun Euro, géintiwwer 19,1 Millioun Euro Depensen, ageschriwwe. De Benefice sollt bei 3 Milliounen Euro leien. Et steet een sech also och mat engem Iwwergangsbudget gutt do. D‘Dotatioune vum Staat an d‘Luucht gaangen, an d‘Gemeng muss keen Zouschoss méi bei de Paie vun de Enseignanten (knapp 1,5 Milliounen) .

Wat d‘Gewerbesteier ubelaangt, déi fir 2017 eng Recette vu 15,1 Millioun Euro bedeit, esou erhofft ee sech, datt wann d‘Entwécklung esou weidergeet, fir 2018 nach emol eng hallef Millioun méi. An och bei de Bedeelegungen un de Syndikater wier ee gutt opgestallt. D‘Ausgabe fir de SIGI klammen 2018 ëm 11,5% op 183.150 Euro, fir de STEP stinn 970.000 Euro op der Lee, a fir d‘SES (Waassersyndikat) musse 475.860 Euro agedroe ginn. Bei der SES huet et awer domatter ze dinn, datt de Präis pro Kubikmeter vun engem Euro op elo 1,20 Euro/Cbm klëmmt.

Duerch d‘Schafe vum CGDIS huet Réiser dann nach eng Dotatioun an héicht vun 100.000 Euro virgesinn. Wéi an zimlech all Gemeng uechtert Land, sinn och zu Réiser d‘Personalkäschten héich. Mat 8,5 Milliounen Euro (44,38%) läit een hei dann awer bei engem ganz favorabelen Taux. Dat an enger Gemeng déi Outsourcing fir eng Krankheet hält an alles wat geet an eegener Regie mécht.

Geld muss een awer ausginn

Wat een net eleng realiséiere kann, virun allem an de Beräicher Entretien a Maintenance, wäert eppes kléngs iwwert eng Millioun kaschten. D‘Zréckbezuele vun der Schold mécht 2018 11% vun den ordinären Ausgaben aus. Do wou et dann heescht eppes méi déi an d‘Täsch ze gräifen, datt sinn d‘Investissementer. Hei geet ee vun Ausgaben an héicht vu 15,3 Milliounen aus.

An investéiert muss ginn. Esou am Gebai vun der Gemeng – de Biergerzenter um Rez-de-chaussée an d‘Aarbechten zur „mise en conformité“ sti mat 420.000 Euro am Budget – fir d‘Crèche an d‘Maison Relais (710.000 Euro) an déi nei Heizung fir de Fernwärmereseau (430.000 Euro).

Richteg zu Buch schloen d‘Aarbechten am Beräich vum Assainissement. Etüden, Erneierung vun der Pompelstatioun zu Bierchem, Ofschloss vun den Aarbechten un de Pompelstatiounen zu Réiser an zu Béiweng. Den Uewerflächewaasserkanal zu Léiweng an d‘Verbesserung vun der Waasserqualitéit (Interreg-Projet). Dat alles steet mat 2,4 Milliounen Euro am Budget.

An de Wunnengsbau gëtt och eng Millioun gestach, fir d‘Mobilitéit a Stroosseninfrastruktur sinn am Budget 2,8 Milliounen agedroen. Och fir d‘Verlängerung vun der „rue des Sacrifiés“ sinn 2 Milliounen zréckbehale ginn. Laang genuch ass et gefrot ginn, an déi „Mobil“ Léisunge waren net méi Zäitgeméiss also gëtt elo ee feste Skatepark fir ronn 180.000 Euro opgeriicht. Den Tennisterrain mat Buvette an e Veräinssall gëtt et fir 500.000 Euro. Schlussendlech ginn nach 3 Millioune fir de neie Schoulcampus gebraucht.

Finanzéiere loossen sech déi sëlleche Projeten, engersäits duerch d‘Iwwerdroe vu 7,7 Milliounen aus dem ordinäre Budget, anersäits mat jee eng Millioun un Subventioun fir Ofwaasser a Wunnengsbau. Fir de Rescht ginn sech 5,4 Milliounen Euro geléint.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Budget, Gemeng Réiser
Next post Previous post