Search

You may also like

Alles Guddes, Sebastian Fitzek!
Money Neiegkeeten

Alles Guddes, Sebastian Fitzek!

Zanter sengem éischte Psychothriller schreift dëse Berliner ee Bestseller nom

Haut ass de Weltdag vun de Mierer
Money Neiegkeeten

Haut ass de Weltdag vun de Mierer

Um haitege Weltdag vun de Mierer soll d’ekologesch Bedeitung vun

Jair Bolsonaro verweigert Offer vun de G7
Money Neiegkeeten

Jair Bolsonaro verweigert Offer vun de G7

Um G7-Sommet zu Biarritz hunn d‘Staats- a Regierungscheffen sech fir

money

Reklamm fir Wueren déi net essentiell sinn

Reklamm fir Wueren déi net essentiell sinn

De LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, deen och de Rapporter vun de Covid19-Gesetzer ass, ass verwonnert iwwert de Fait, datt obwuel d‘Vente vun allen net fir den Alldag noutwennege Wueren eigentlech ënnersot ass, firwat jo d‘Regierung och vun de Supermarchéeën an Tankstelle gefuerdert dës Rayonen zou ze maachen, oder d‘Artikel ewech ze raumen, de Leit nach ëmmer masseg Reklammen an d‘Bréifboîte gehäit ginn, déi op Promotioune vun esou Artikel hiweist.

Hei ass de sozialisteschen Deputéierten dann och eppes méi Rosen, well dës Reklammen net drop hiweisen, wéi eng Modalitéite virgesi sinn, betreffend de „Click & Collect“, d‘Livraisoun a wat soss nach esou erlaabt ass. Hie wëll folgerichteg vum Mëttelstandsminister Lex Delles wëssen, ob et richteg ass, datt dës Reklammen net mam bestoende Gesetz konform sinn. Hie well och vum Lex Delles op dëse weess ob d‘Reklamme virun der Aféierung vum Gesetz scho gedréckt waren.

Weider wëll de Mars Di Bartolomeo wëssen, ob de Minister net och der Usiicht ass, datt dës Form vu Reklamm zu „Mëssverständnesser“ féiere kann. Fir deem ze begéinen, wëll den honorabelen Deputéierten dann och nach wëssen, ob de Minister eventuell gedenkt, d‘Direktioune vun den Akafszenter/Supermarchéeën anzelueden, fir dësen nach emol d‘Grondlage vum Gesetz ze erklären a bei dëser Geleeënheet Präzisiounen zur Validitéit vun dëse Promotioune vun dësen ze kréien.

A senger Äntwert weist de Minister drop hinn, datt hien direkt nodeems hien d‘Fro erhalen huet, sech mat Supermarchéeën a Relatioun gesat huet, fir de Kontext ze klären. An „Jo“ et ass richteg, datt esou Reklammen am Kader vun „i-mail“ vun der POST un d‘Menagen zu Lëtzebuerg verdeelt goufen. Hie confirméiert och, datt dës Reklammeblieder zäitlech wäit am Viraus virbereet ginn, fir datt den Operateur dës „Päck“ kann zesummestellen. Et huet also eppes mat der Logistik ze dinn.

Et wier deemno richteg, datt en Deel vun de Reklammen net am Aklang mam Gesetz wieren, mee d‘Distributioun war wuel net méi ze stoppen. Dat huet och domadder ze dinn, datt d‘POST netz bezuelt gëtt fir d‘Reklammen op de Recycling ze féieren. D‘Haiser – also déi mat deene geschwat gouf – hunn dem Minister bestätegt, datt si awer op d‘Ëmstänn reagéiert hätten an op hire Säiten an/oder New Letter, oder sozial Netzwierker d‘Ëffentlechkeet iwwert de Kontext informéiert hunn.

Illustratioun: Press & Star / Pixabay

Related topics Covid19-Gesetz, DP, Lex Delles, LSAP, Mars di Bartolomeo, Mëttelstandsminister, Reklamm
Next post Previous post