Search

You may also like

Presenz vu Jelliskäpp am Stauséi
Meenung Neiegkeeten

Presenz vu Jelliskäpp am Stauséi

Säit Ufank September konnten am Stauséi ëmmer méi Jelliskäpp fonnt

LëtzSmile: …déi „aner“ Zännseef
Meenung Neiegkeeten

LëtzSmile: …déi „aner“ Zännseef

Wa mir eis en Ament vun der Pandemie lassgeléist kréien,

ILR: Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum
Meenung Neiegkeeten

ILR: Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum

Den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) bemierkt a sengem Rapport

Reklammen an der Bréifkëscht: Muss dat sinn?

Reklammen an der Bréifkëscht: Muss dat sinn?

Den Deputéierte vun der Piratepartei, Marc Goergen, huet de Ministere Claude Turmes (Energie), Carole Dieschbourg (Ëmwelt) a Xavier Bettel (Kommunikatioun) wëll a senger parlamentarescher Fro (1380) wëssen, wéi vill Offall zu Lëtzebuerg duerch d‘Reklammen an der Bréifkëscht entstinn.

An Holland, esou de Marc Goergen, hätte verschidde Stied zanter engem gudde Joer den Offall am Beräich vum Pabeier durech eng einfach Mesure drastesch reduzéiert kritt. Esou kënnen an Holland d‘leit per „Opt-in“ entscheeden, ob si Reklamm a Pabeierform an hirer Bréifkëscht wëllen oder och net. Zudeem dierf keng Reklamm ouni Averständnes, et sief si wier direkt un d‘Persoun adresséiert ginn ageworf ginn. Den Deputéierte wëll dann och wëssen op Lëtzebuerg net och dem Beispill vun den Hollänner follege kéint?

Eigentlech hu mir zu Lëtzebuerg schonn zanter Joren d‘Méiglechkeet mam Autocollant vum Mouvement Ecologique (MeCo): „Keng Reklammen! w.e.g“ dem Bréifdréier an allen anere Gesellen déi Reklamme verdeele matzedeelen, datt si hire Pabeier hale sollen. Dësen dach awer däitlechen Hiwäis, gëtt allerdéngs brutal mëssuecht a sollt een emol eng „Persoun“ drop opmierksam maachen, datt si datt ze respektéieren hätt, dann heescht et direkt „Dat ass keng Reklamm, mee eng Informatioun fir de Bierger“.

Wann et esou einfach sollt sinn, also eng Aart Interpretatiounsspillraum ze hunn, ka sech de Bierger schlecht wieren. Aus dësem Bléckwénkel mécht dem Deputéierten seng Fro un déi zoustänneg Ministeren dann och nees Sënn. Woubäi et schonn immens traureg ass, datt duerch en eklatante Mangel u Respekt, et tatsächlech Noutwenneg erschéngt hei missen ze legiferéieren. Den Ierger beim Bierger ass grouss, an oft wandert d‘Reklamm vun der Bréifkëscht ouni Ëmwee direkt an der bloer Dreckskëscht. Dat misst alles net sinn.

Zudeem sollt een och emol de wirtschaftlechen Notzen/Schued bedenken, deen dës onséileg a wéineg erwënschte Reklamme maachen. D‘Post an aner „Betriber“ déi den „Offall“ verdeele verdénge sécherlech gutt dorunner, ginn awer iergendwéi och zum „Pollueur“, während d‘Käschten zur Offallbesäitegung de Leit (Poubelle-Tax) an der Allgemengheet (Offallentsuergung/Recycling) op d‘A gedréckt gëtt. Dat kléngt da schonn direkt anescht.

Wa mir et mat eise Klimaziler a ganz besonnesch de Volet „Klimaplang“ eescht huele wëllen, da misst eigentlech och eng Entsuergung-Tax fir Reklamme ginn, déi geduecht sinn op Bréifkëschte verdeelt ze ginn. Zudeem missten déi Entreprise wou d‘Reklamme verdeelen, verflicht ginn se zréckzehuelen, wann se trotz Hiwäis „Keng Reklammen! w.e.g.“ déi nees sichen ze kommen. Esou géif et séier besser ginn, mee dat traut sech och nees keen. Vläicht misst een d‘Leit ermonteren déi „onerwënscht“ Reklammen ze sammelen an um Krautmaart virun d‘Chamber ze leeën…

Foto: © Serhat Beyazkaya / unsplash

Related topics Bréifkëscht, Marc Goergen, parlamentaresch Fro 1380, Piratepartei, Reklammen
Next post Previous post