Search

You may also like

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren
Neiegkeeten

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren

Nodeems et verschiddentlech Virfäll ginn huet, déi alt nees fir

Policebericht: Accidenter, Alkohol a Geraibers
Neiegkeeten

Policebericht: Accidenter, Alkohol a Geraibers

Nodeems mir scho gëschter hu missen iwwert d‘Onvernonft vu gewësse

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…
Neiegkeeten

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der

Relais pour la Vie 2021: Ganzer 614.000 € sinn zesummekomm

Relais pour la Vie 2021: Ganzer 614.000 € sinn zesummekomm

Um 27. an 28. Mäerz huet d’Editioun 2021 vum Relais pour la Vie ënnert dem Slogan „Zesummen a verbonnen“ stattfonnt. Trotz Pandemie ass de Succès enorm: Duerch eng enorm Solidaritéit an den immensen Engagement konnten d’Participanten 614.000 € sammelen, déi am Kampf géint Kriibs genotzt ginn.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer ass iwwerwälteg vun dësem Resultat. An Zäite wou sozial Distanz schonn zur Normalitéit gi sinn, ass si houfreg iwwert d’Generositéit, déi nach ëmmer esou grouss ass, wéi virun der Pandemie.Vun Häerzen dankbar erkläert si: „Dës dausende Leit kënnen haut houfreg zouginn, datt si aktiv am Kampf géint de Kriibs deelhuelen.“

Et waren nämlech 423 Ekippen an 10.610 Persounen, déi um Relais pour la Vie deelgeholl hunn. Jiddwereen huet seng Kilometer op enger anerer Plaz zeréckgeluecht. Am Geescht waren awer wuel all engagéiert Persoune vereent. Déi traditionell Zeremonien a Riede goufe schliisslech per Livestream iwwerdroen.

D’Gewënner vun den Hoffnungs-Trophäen

Och an dësem Joer sinn d’Trophées de l’Espoir verdeelt ginn. A 6 Kategorien ënnerdeelt hu folgend Ekippen eng exzellent Leeschtung erbruecht:

  • Team Italia mat 8.775 €
    Kategorie „Land“
  • Lycée Technique du Centre mat 5.620 €
    Kategorie „Schoul“
  • Allyah mat 8.165 €
    Kategorie „Sympathisant“
  • Maison Relais Monnerech: 11.308 €
    Kategorie „Associatiounen a Clibb“
  • Hôpitaux Robert Schuman – Service Urgences mat 2.490 €
    Kategorie „Gesondheetsberuff“
  • Swiss Re mat 12.570 €
    Kategorie „Entreprisen an Institutiounen“

An dësem Kader weist d’Carole Bauer, Presidentin vun der Fondation Cancer drop hin, datt et déi schéin, emotional a staark Momenter sinn, déi all Relais pour la Vie ausmaachen. D’Editioun 2021 kann een och elo nach op den zwee Livestreamen nokucken. Hei fënnt een ënnert anerem och d’Rieden vu S.A.R. der Groussherzogin, der Europa-Kommissärin fir Gesondheet Stella Kyriakides an dem Premierminister Xavier Bettel. Hei fannt Dir se:

Opmaacherfoto: D’Käerzenzeremonie © Claude Piscitelli

Related topics Carole Bauer, Ekippen, Erfolleg, Fondation Cancer, Generositéit, Kampf géint de Kriibs, Lucienne Thommes, Relais pour la Vie 2021, Solidairtéit, Spëtzeleeschtungen
Next post Previous post