Search

You may also like

Aktioun Bambësch fir Ouschteren
Neiegkeeten Sport

Aktioun Bambësch fir Ouschteren

Säit elo méi wéi véier Joerzéngten, bitt d‘Stad Lëtzebuerg de

Handicap International: Eng Ënnerschrëft, ee Mann dee Steet
Neiegkeeten Sport

Handicap International: Eng Ënnerschrëft, ee Mann dee Steet

Dëse Samschdeg kënnt et op der Plëss an der Stad,

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie
Neiegkeeten Sport

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie

Wien eng zweet Editioun organiséiert, dee muss och un eng

Prett fir de Relais pour la Vie 2021?

Prett fir de Relais pour la Vie 2021?

De Weekend ass et souwäit, an net nëmmen d’Fondation Cancer freet sech iwwert d’Begeeschterung. Den 27. an 28. Mäerz wäerte méi wéi 350 Equippen an 8.000 Participanten mam Relais pour la Vie hier Solidaritéit mat Kriibspatienten an hire Famillje weisen.

Et ka getrëppelt, gelaf oder pedalléiert ginn – dat Wichtegst ass d’Aktioun, an dobäi ass et egal vu wou. Sief dat an der Schoul, doheem oder eleng am Bësch. Am Kampf géint de Kriibs sinn deen Dag all Participanten verbonnen.

Relais pour la Vie
Relais pour la Vie – Luxembourg / Facebook

Dëse Relais pour la Vie gëtt live op www.relaispourlavie.lu gestreamt. Samschdes a Sonndes kann ee vun 16:00 bis 17:00 Auer erakucken. Dofir ginn d’Raimlechkeeten vun der Coque iwwerholl. Dës weideren ass jiddereen dozou invitéiert, sech dem Chat unzeschléissen, wou Messagen, Fotoen a Videoen gedeelt kënne ginn.

Och Erfarungsberichter vu Patienten stinn um Programm: Hei hunn haaptsächlech d’Patienten, hir Familljen an d’Equippen d’Wuert. Duerch hir Message gëtt een drun erënnert, firwat Solidaritéit wichteg ass. Och de Premierminister Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert weisen sech solidaresch a gehéieren zu den Éieregäscht.

Natierlech ginn och déi emotional Momenter vun der Käerzenzeremonie, sou wéi de Survivors & Caregiver Tour live iwwerdroen.

Den 28. Mäerz ginn dann d’Gewënner vum Relais por la Vie mat den Trophées de l’Espoir ausgezeechent.

Bei den Organisateuren – der Fondation Cancer – stelle sech elo kuerz virum Relais Opreegung, Houfert an Dankbarkeet an: „Mir sinn iwwerwältegt, mee och iwwerrascht iwwert d’Begeeschterung vun dësem Relais pour la Vie. Mir wëllen den Equippen dofir Merci soen, dat huet eis belieft“, erkläert d’Direktesch Lucienne Thommes.

Duerch déi Spenden déi erakommen, kënnen si weiderhi Patienten a Familljen déi Ënnerstëtzung ginn, déi si op dësem schwéiere Wee brauchen, awer och Fuerschungs- a Präventiounsprojete finanzéieren.

Weider Informatioune fannt op www.relaispourlavie.lu.

Related topics Coque, Fondation Cancer, Käerzenzeremonie, Kriibspatienten, Lafen, Paulette Lenert, Relais pour la Vie 2021, Solidaritéit, Xavier Bettel
Next post Previous post