Search

You may also like

Mazedonien wëll an d’EU
Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU

De Sozialdemokrat Zoran Zaev, deen haut als Premierminister vu Mazedonien

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!
Neiegkeeten

What the Fakt – Esou geet musikalesch Revolutioun!

Theobald Böhm – een Numm, deen de Wéinegste bekannt wäert

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?
Neiegkeeten

Bass du fit genuch fir dësen Lëtzebuergesch-Test?

[onionbuzz quiz-id=142][/onionbuzz] Lëtzebuergesch schreiwen huet nach laang net jiddereen an

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz

Am Biodiversum „Camille Gira“ zu Rëmerschen ass dës Woch eng méi lass: d‘Woch vum Buch am Naturzenter bitt nieft der Geleeënheet vill ganz interessant Bicher zur an iwwert d‘Natur kennen ze léieren, och Liesungen an e sëllechen Atelieren un.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mat „Natur & Ëmwelt“ kënnen sech nach bis den 23. Februar d‘Kanner (a selbstverständlech och déi Erwuessen) mat de villen ënnerschiddlechen Themen aus dem Beräich „Natur“ ausenanersetzen. E besonneschen Akzent gëtt bei der 4. Editioun vun dëser Aktioun op de Klimawandel geluecht, wat ugesiichts der Aktualitéit duerchaus sënnvoll ass.

Op allen dräi Stäck vum Biodiversum kann ee esou eng 200 Wierker entdecken (a kafen). Villes heivunner bezitt sech wéi scho gesot op déi klimatesch Verännerung a wéi ee mat eppes richtegem Handelen ëmweltverantwortlech an d‘Zukunft blécke kann. D‘Ressource richteg a verstänneg notzen, Plastik an Offall generell vermeiden a villes méi… an dat ass elo just de Volet „Ëmwelt“.

Nieft dësem zentralen Thema, gëtt et awer och – et ass jo déi richteg Zäit dofir – villes zu de Vullen an ganz besonnesch den hei bedreeten Aarten. Bis de 26. Januar war „Wantervullenzielung“ an och 2020 sinn d‘Zuelen net ermonterend. An enger Broschür déi zu Rëmerschen disponibel ass, gëtt de Public drun erënnert, datt vun 131 Vullenaarten, déi bei eis heemesch waren, de 13 verluer sinn…

Vun den 118 Aarten déi eis verbliwwen, esou d‘Warnung, stinn der mëttlerweil iwwert 60 op der rouder Lëscht. Datt deem esou ass, ass eisem Ëmgang mat der Natur geschëlt. De Mënsch huet net nëmmen den Habitat vun de Vullen deziméiert, mee duerch d‘Ausbrénge vu Pestiziden och vill Insekten eliminéiert, déi awer d‘Ernierungsgrondlag vun de meeschte Vullenaarten ass.

Fir d‘Knetzelen an d‘Krapperten

E Samschdeg war den Optakt mat ville Liesungen an engem Atelier, fir deen een dann awer huet misse 35 Euro op den Dësch leeën. Hei huet d‘Mireille Dondelinger eng Aféierung an d‘Mandala-Konscht ugebueden. Eigentlech ass et eng spirituell Aktivitéit déi aus dem Buddhismus iwwerholl ginn ass, an zanter enger Rei Joren am „Okzident“ ëmmer méi Unhänger fir sech gewanne konnt.

Buddhistesch Mönchen zerstéieren dann och hir Wierker wa se bis fäerdeggestallt goufen. Si wëlle weisen datt alles vergänglech ass an ee sech net u Saachwäerter banne soll. Datt bei engem Präis vu 35 Euro net jidderee gewëllt war „säi Konschtwierk“ nees ze zerstéiere verständlech, awer leider net ziilféierend, zumindest wann ee berécksiichtegt datt „Mandala“ ee preziist Zil verfollegt.

Mee déi Leit déi sech heifir entscheet haten hunn uschléissend een esou zefriddent Gesiicht gemaach, datt ee bal Jalous war net dorunner Deel geholl ze hunn. An esou „zefridde Mënschen“ dierft et der nach méi ginn, zumindest sollt dat op all déi zoutreffen, déi eleng oder mat de Butzen de Wee an de Biodiversum fannen. D‘Redaktioun vu moien.lu kann dat och nëmmen empfeelen…

Foto: © Sonja / Biodiversum Rëmerschen

Related topics Biodiversum Camille Gira, Fuesvakanz, Natur an Ëmwelt, Rëmerschen, Woch vum Buch
Next post Previous post