Enger fantastesch Festival- an Erliefniswelt: Esch2022 presentéiert säi REMIX Opening

E Samschdeg, de 26. Februar huet d’Waarden en Enn! D’Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 wäert säi faarwefrout Joer voller Kultur a Passioun mat enger participativer Erëffnungszeremonie lancéieren. Detailer zum sougenannte REMIX Opening gouf et am fréiere Kino Ariston zu Esch-Uelzecht.

Vu Live-Musek a -Performancen, iwwert Projektiounen, Liicht- a Videoinstallatiounen, hin zu Workshops gëtt souwuel am Zentrum vun Esch-Uelzecht wéi och am Universitéitsquartier Esch-Belval e räichhaltege Programm gebueden, bei deem déi kreativ Energie spierbar gëtt. Ënnert anerem stinn 18 Concerte vun nationalen an internationale Museker un, dat verdeelt op 4 Bünen.

REMIX Opening
© Markus Zumbansen

All Visiteur gëtt hei op eng Missioun geschéckt

Wien um REMIX Opening deelhuele wëll, muss am viraus e gratis Ticket bestellen. Unhand vun engem Froebou gëtt gekuckt, wéi ee Charakter hannert der jeeweileger Persoun stécht an uschléissend ee vun de 4 Profiller zougewisen, déi eng ganz Rei Missioune matbréngen:

  • Iron Furnace: Erënnert un d’Stolindustrie, d’Feier an d’Energie an den Héichiewen. Dëse Profil riicht sech u leidenschaftlech Mënschen. Si solle beim Evenement laachen, sech beweegen an Héchstleeschtunge vollbrengen;
  • River Alzette: Erënnert natierlech un d’Uelzecht, ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Flëss. Hei gëtt sech u loyal a virsuerglech Mënschen geriicht, déi awer och no Diversitéit sichen;
  • New Horizons: Virwëtz, Loscht op Innovatioun a Fantasie stinn hei am Virdergrond. Bei dësem Profil sollt de Visiteur op der Sich no Erfindungen an Aventure sinn;
  • Red Earth: Net ze vergiessen ass de roude Buedem, fir deen d’Minettregioun bekannt ass an deen un déi industriell Vergaangenheet erënnert. De Profil bezitt sech op stabil a buedemstänneg Mënschen déi aus Erfarunge léieren.

REMIX Opening
© Battle Royal Berlin

„Déi aktiv Participatioun vun den Awunner a Visiteuren zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d’Programmatioun vun Esch2022. Als Startschoss soll d’Erëffnungsfeier, de REMIX Opening, eent vun de gréisste participativen Events, dat jee an der Groussregioun stattfonnt huet, ginn“ betount d’Nany Braun, Generaldirektesch vun Esch2022. Jidderee soll op seng perséinlech Aart a Weis d’Kulturhaaptstad matgestalten.

A fir d’Vergaangenheet mat der Zukunft, d’Stolindustrie mat der Innovatioun an Technologie ze verbannen, steet d’Stad Esch ganz am Zeeche vun der Raumfaart. Esou verwandelt sech Esch-Uelzecht an eng Aart Weltraumrakéitenzentrum, wärend de Belval zur Rakéitebasis gëtt.

REMIX Opening
© Markus Zumbansen

Ma, nach méi participativ gëtt de REMIX Opening duerch säin hybride Charakter. Schliisslech kann d’Evenement weltwäit digital verfollegt ginn. Dobäi ass den Online-Publikum net nëmmen op d’Kucke reduzéiert, mee kann aktiv interagéieren a beaflossen.

Dernières nouvelles