Search

You may also like

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum
International Neiegkeeten

Nordkoreanesche Staatschef stellt US-President en Ultimatum

Et klengt iergendwéi verréckt an awer passt et zum Bild

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin
International Neiegkeeten

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin

Et steet zanter gëschter Owend fest: d‘EU-Kommissioun gëtt fir d‘éischt

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!
International Neiegkeeten

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!

Gëschter Moien huet den Transportminister François Bausch 29 neie Kontrolleure

Am persesche Golf feieren se d‘Renaissance vun der Atomkraaft

Déi Vereent Arabesch Emirater (UAE) hunn d‘Course géint Saudiarabien fir sech entscheet

Am persesche Golf feieren se d‘Renaissance vun der Atomkraaft

Si sinn déi éischt déi am arabesche Raum en Atomkraaftwierk a Betrib geholl hunn: déi Vereent Arabesch Emirater (UAE). Den Emir vun Dubai, Scheich Mohamed bin Raschid al-Maktum leet grousse Wäert drop der Welt ze bestätegen: „Mir bedreiwen deen éischte friddleche Kärreakter an der arabescher Welt“.

An den UAE liewe ronn zéng Millioune Mënschen, an ee véierel vun dären hirem Energieverbrauch soll iwwert dëst Atomkraaftwierk mat senge véier Reakteren ofgedeckt ginn. Fir vill Leit kann et verwonnerlech sinn, datt ee Land mat gréisseren Ueleg- a Gasreserven, dat zudeem déi ideaalste Viraussetzungen huet d‘Solarenergie bal onbegrenzt ze notzen, op Atomstroum setzt.

Datt huet dann awer weder domadder ze dinn, datt d‘Emiraten net d‘Gefore géife kennen, déi esou een Atomkraaftwierk mat sech bréngt, an och si hunn absolutt keng Ahnung wat mam Atomoffall soll geschéien. Nee et geet nëmmen ëm Politik, an aus energiepoliteschen Erwägungen ass dëst Atomkraaftwierk dann och opgeriicht ginn. An de Besoin u Stroum hëlt an den UAE stänneg zou.

Atomkraaft

Den 1. August ass d‘Atomkraaftwierk „eropgefuer“ ginn, an alles huet sech esou erginn, wéi dat vu laanger Hand geplangt war. © Emirates Nuclear

Op där anerer Säit ass et och eng ekonomesch – sécher eng falsch mee esou gëtt et argumentéiert – Iwwerleeung déi hei matgespillt huet. De Maart fir Ueleg a Gas ass an der lescht éischter „volatil“ a längst net méi esou rentabel wéi dat schonn emol de Fall war. Ëmmer méi Industrielänner op der Welt ginn op de „grénge Wee“ an esou wëllen sech d‘Emirater fir d‘Zukunft rëschten.

Diversifikatioun vum Energiesecteur

Natierlech ass Atomkraaft keng „gréng Energie“ an och soss kee Seege fir Natur an Ëmwelt, mee an hiren Ae méi propper wéi déi fossil Brennstoffer. Zudeem hu si dat néidegt Geld a wuel och eppes Geltungsbedarf. Et ass och dat éischt Atomkraaftwierk, dat Israel net an d‘Luucht gejot huet a vun der US-Regierung toleréiert gëtt. De Gas an den Ueleg soll elo den Asiaten zerguttst kommen.

An et gëtt vernënfteger Weis net nëmmen op Atomkraaft gewett. Déi energetesch Transitioun gëtt och mat erneierbaren Energien, an hei virrangeg Solarenergie, ugestrieft. Am Summer 2019 haten d‘Emirater eng vun de weltwäit gréisste Solaranlagen a Betrib geholl. Ganz esou friem ass hinnen de Gedanke vu Klimawandel an Ëmweltschutz elo net, zudeem hannerléisst et en gudden Androck.

AtomkraaftMee wéi gesot, et huet vill mat Politik ze dinn. De Bau vun dësem Atomkraaftwierk huet ganz kloer och eng strategesch Bedeitung. Als éischt arabesch Natioun esou eng Anlag opgeriicht ze hunn an dobäi och nach de „Konkurrent“ Saudiarabien hannert sech gelooss ze hunn, ass muechtpolitesch vu grousser Bedeitung an niewebäi och eng Leeschtung. De Programm gouf eréischt 2009 opgeholl.

Autokraten ticken anescht, oder?

E weideren Aspekt, deen hei net dierf ausser Uecht gelooss ginn, ass de Fait, datt entgéint enger neoliberaler Approche wéi mir se hunn, wann et ëm Energie geet, d‘Emirater hir Atomkraaft net privatiséieren. Sécher wäert och doriwwer nogeduecht gi sinn, mee d‘Kontroll iwwer d‘Energie ze hunn, heescht och den autokratesche System oprecht ze erhalen. Dat mécht Sënn…

Vläicht denkt een net ëmmer direkt dorunner, mee vill Länner am arabesche Raum bezéien hir politesche Legitimitéit och duerch déi „gratis“ Energie an aner essentiell ëffentlech Leeschtunge wéi Bildung a Gesondheet, fir déi kee Bierger bezuele muss. Et ass dat wuel eng éischter kënstlech „sozial Kohäsioun“ mee fir den Ament geet et op a fir de Rescht gëtt et repressiv Mëttel.

AtomkraaftDe Bau vum Atomkraaftwierk ass an Zesummenaarbecht mat der internationaler Atomagence IAEA realiséiert ginn. Et war dem Emirater immens wichteg, zumindest den Androck ze prägen, datt Atomkraaft fir si nëmme kann e friddlechen Notzen hunn. Si wëllen net, datt een hinne kéint aner Absichten ënnerstellen. Eng gutt Reputatioun an der globaliséierter Welt schéngt hinne wichteg.

mat indymedia/tlv

Foto: D‘Atomkraaftwierk Barakah entsprécht de héchsten internationale Sécherheetsstandarden. © Emirates Nuclear

Related topics Atomkraaft, Atomkraaftwierk, Barakah, Emirates Nuclear, UAE, Vereent Arabesch Emirater
Next post Previous post