science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“
Ob en Iwwerwaachungssystem vun enger Entreprise méi vertrauenswierdeg ass, wann
Ob en Iwwerwaachungssystem vun enger Entreprise méi vertrauenswierdeg ass, wann
Am Kampf géint déi negativ Auswierkunge vun der globaler Erwiermung
Duerch d’Anti-Rassismus-Debatten ass grad a leschter Zäit eng richteg Juegd
D’Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger huet 2017 zu London bei de Wildlife Photography Awards an enger Kategorie den Haaptpräis gewonnen. Mat hirem beréierende Bild vun enger Äisbiermamm mat hirem Klengen huet si de Jury faszinéiert.
Am Ganzen hunn Fotografen aus 92 Länner 50.000 Fotoen agereecht. D’Eilo Elvingerhuet sech an der Kategorie „Schwaarz-Wäiss“ de Sig mat senger déierescher Noopnam geséchert. Dës Foto, an nach ganz vill aner Biller vu Gletscheren, dem Äis, den Déieren an dem fantastesche Liicht an der Arktis presentéiert d’Fotografin eis bei engem Virtrag vun hirer Rees, an dat op Lëtzebuergesch.
En Dënschden, den 11 Dezember 2018 kann een sech ab 19:30 Auer dëse flotte Virtrag zu Téiteng an der Schungfabrik (12-14, Rue Pierre Schiltz) ulauschteren.
Hier zwou Reesen op Svalbard, wat mir och als Spitzbergen kennen, huet d’Lëtzebuergerin ënnerholl fir ze dokumentéieren, wéi de Klimachangement an der Natur seng Spueren hannerléisst an datt et och fir den Äisbier ëmmer méi schwéier gëtt fir do ze iwwerliewen.
Méi Detailer kann een ënnert www.eilopict.com fannen.