Search

You may also like

Am Kampf géint d’Pandemie: De Premier an d’Inneministesch besichen de CIS Diddeleng an d’Zentral vum 112
Kultur Neiegkeeten

Am Kampf géint d’Pandemie: De Premier an d’Inneministesch besichen de CIS Diddeleng an d’Zentral vum 112

Zënter iwwert engem Joer steet de CGDIS mat un der

Owesiesse fir de Brexit
Kultur Neiegkeeten

Owesiesse fir de Brexit

D‘Verhandlungsdelegatiounen, geleet fir d‘Britte vum David Frost a fir d‘EU

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!
Kultur Neiegkeeten

JINJER an der KuFa: 4 Mol an d’Schwaarzt getraff!

Vollt Haus an alleguer voll aus dem Haischen: War de

Loscht op ee Rendezvous an de Gäert?

Loscht op ee Rendezvous an de Gäert?

Vum 4. bis de 27. Juni fënnt déi éischt Editioun „Rendezvous an de Gäert“ statt. Proprietären a Verwaltunge vun historeschen, zäitgenësseschen, privaten an ëffentleche Gäert hunn op d’Aluedung vum Kulturministère reagéiert an elo spezifesch Veranstaltunge fir d’Ëffentlechkeet organiséiert.

Dës Rendezvouse sollen d’Leit dozou encouragéieren, d’Gäert duerch Féierungen, Konferenzen an aneren Aktivitéite kennenzeléieren. Mat Concerten, Ausstellungen, Liesungen ass fir jiddwereen dat passend dobäi. Méi wéi 3.000 Parken a Gäert aus 20 europäesche Länner maache bei dëser éischter Editioun mat. En europäescht Gaardefest, wat besonnesch Momenter fir eis prett hält.

Duerch seng Participatioun wëll de Kulturministère eist landwirtschaftlecht Ierwen an de Gaart als wichteg Ressource vun eisem Planéit ervirhiewen, andeems op d’Schéinheet, wéi och op d’Emotiounen vun esou engem Besuch higewise gëtt. Et kann ee Saachen entdecken, déi engem Monument aus engem Musée gläichen. De Gaart ass eng Plaz fir zou sech ze kommen, fir sech ze erënneren. A fir mat anere Leit nei Erënnerungen ze schafen.

E weidert Zil ass, datt de Wëllen zur Erhalung an zum Schutz vu Gäert vereent ka ginn. Europawäit.

Eigentlech waren dës Deeg just vum 4. bis de 6. geplangt, mee d’Ëffentlechkeet war esou begeeschtert, datt d’Organisateuren decidéiert hunn d’Dauer vum Rendezvous ze verlängeren. Dofir fannen se elo vum 4. bis den 26. Juni statt. Den offiziell leschten Dag ass dann de 27. Juni mat der 18. Editioun vum Festival Oppe Gaardepärtchen, déi vun der Ligue luxembourgeoise du coin de terre a vum Foyer organiséiert gëtt.

En décke Programm

Mat bal 80 Veranstaltungen bitt den aussergewéinleche Programm Visitten an historesche Gäert, ënnert anerem zu Iechternach, Munneref, Beefort, dem Pafendall, sou wéi an der Villa Vauban un. Zu Wolz an am Naturgaart Eschduerf kombinéieren ëffentlech Liesungen a Concerten d’Konscht mat der Natur.

Zanter 2020 steet d’Juegdhorn op der Lëscht vum immaterielle kulturelle Patrimoine vun der UNESCO, a wäert dofir an de Parke vun der Uewerstad ze héiere sinn. Besich a Rousegäert erënneren un d’Rousekultur vum Land, et ginn Aféierungen an Ökosystemer an d’Permakultur ugebueden. Dobäi gëtt d’Verantwortung géigeniwwer eisem Planéit groussgeschriwwen!

A fir interesséiert Persounen stinn divers Kachworkshoppen um Programm. Des weidere gëtt e Buch mat 200 technesche Blieder iwwert den Ubau vu Rouse verëffentlecht.

Weider Informatiounen iwwert de wierklech volle Programm fannt Dir op www.jardinsluxembourg.lu.

Related topics Kulturministère, natierleche Patrimoine, Natur, rendez-vous aux jardins 2021, Rendezvous an de Gäert, Ressource, Rousen, Visitten
Next post Previous post