Search

You may also like

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt
Neiegkeeten

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt

Bal 40 Joer laang war et am Iran de Fraen

D‘Fauscht an der Täsch
Neiegkeeten

D‘Fauscht an der Täsch

Wéi d‘Maniff an de sozialen Netzwierker ugekënnegt gi war, hätt

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn
Neiegkeeten

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn

Kompensatiounsmoossnamen, wann e Bam, dee laanscht enger Strooss steet, gefält

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land

De Sozialminister Romain Schneider (LSAP) huet an senger Äntwert op déi parlamentaresch Fro (2615) vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser e puer gutt Nouvelle fir d‘Rentner annoncéiert kritt.

Am August hat sech d‘Gewerkschaft OGBL bei de Kolleege vun Editpress sech besuergt gewisen, wat den Ajustement vun de Pensiounen an d‘Allocatioun zum Joresenn betrëfft. Den Deputéierte wollt folgerichteg vum Minister wëssen op – esou wéi dat am Gesetz vum 21. Dezember 2012 jo och virgesinn ass – et zur Upassung komme wäert, a wat et domatter op sech huet, datt déi zum Joresenn virgesinn Allocatioun soll ofgeschaaft ginn.

A senger Äntwert, verweist de Sozialminister Romain Schneider (LSAP) op den Artikel 225bis vum Code vun der sozialer Sécherheet a confirméiert, datt et zum 1. Januar eng Erhéijung vun de Rente gëtt. Dës Hausse, déi am Schreiwes vum Minister ganz ausféierlech erkläert gëtt, bedréit 1,3%. Wat d‘Allocatioun ugeet, esou gesäit den Artikel 219bis vum genannte Code vir, datt déi ausbezuelt gëtt, wann de Cotisatiounstaux 24% net iwwerschreit.

De Minister huet a senger Äntwert un den ADR-Deputéierte preziséiert, datt weder eng Hausse vum Cotisatiounstaux, nach eng Kierzung vun de Renten am Kontext vun der Covid19-Pandemie, vun der Regierung geplangt gëtt.

Illustratioun: © Tiago Muraro / unsplash

Related topics adr, Cotisatiounen, Fernand Kartheiser, LSAP, Pensiounen, Renten, Romain Schneider, Sozialminister
Next post Previous post