Search

You may also like

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren
Neiegkeeten

Géint d’Mënscherechter: Zwangsaarbecht an onmënschlech Zoustänn fir d’Uiguren

D’Caritas Lëtzebuerg ass besuergt ëm déi uiguresch Minoritéit, déi am

Eltereschoul – Op Ënnerstëtzung kann een zielen
Neiegkeeten

Eltereschoul – Op Ënnerstëtzung kann een zielen

Eltere ginn a sinn ass net einfach. Aus dësem Grond

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)
Neiegkeeten

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Hien a seng neofaschistesch Fidesz gehéiert an der Unioun zu

Rentrée 21/22: Bettel a Meisch besichen d’Schüler zu Kielen

Fir iwwer 53.000 Schüler aus dem ëffentleche Fondamental huet et haut nees geheescht fréi opzestoen a mat neier Energie an d’Schouljoer 21/22 ze starten. Geet et de Klengen a scho méi Groussen aus der Grondschoul vu Kielen no, esou war déi grouss Vakanz zwar flott, mee d’Kolleegen an der Schoul erëm ze gesinn ass nach bal besser.

Ma, an dësem Kader hunn de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an den Educatiounsminister Claude Meisch sech Zäit geholl de Campus ze besichen, selwer Froen ze stellen an de Kanner Äntwerten ze ginn.

An iwwer 30 Klassen sinn ëm 500 Schüler verdeelt, an dës hate grad Paus, wou d’Éieregäscht ukomm sinn. Fir d’Ministeren war dëst den idealen Zäitpunkt fir sech emol ze ëmfroen, wat da wien esou an der Vakanz gezwafft huet.

Rentrée am Fondamental Kielen
© Shari Pleimelding / moien.lu

„D‘Schoul platzt aus allen Néit“

Am Laf vun de Joren ass d‘Schoul zu Kielen ëmmer erëm vergréissert ginn. Gebaier goufe bäigebaut, duerch Spillméiglechkeeten am Haff verbonnen. Lues awer sécher kommen d‘Raimlechkeeten un hir Grenzen an esou schafft d‘Gemeng un engem gréissere Projet fir en neit, modernt an ugepasste Schoulgebai ze bauen, erkläert de Buergermeeschter Félix Eischen.

Nodeems d‘Ministeren am Éierebuch e Message hannerlooss an e klenge Kaddo iwwerreecht kruten, goung et schliisslech an d‘Klassen.

Vum Liblingsiessen, iwwert de Beruffswonsch ass eise Premier esou munches iwwert d‘Kanner vum Cycle 2.1 gewuer ginn. Fir d‘Schüler war natierlech kloer, wien do virun hinne géif sëtzen: De President vun de klenge Kanner Félix Eischen, de Premier Claude Meisch (deen et bei dëser Visitt wuel virgezunn huet, de Staatsminister schwätzen ze loossen) an de Kapitän vun der Ekipp, de Xavier Bettel. Zesumme gouf gelaacht, gegeckst a sech op eng nei Etapp am Liewe gefreet.

Rentrée am Fondamental Kielen
© Shari Pleimelding / moien.lu

Am Bezuch op d‘Pandemie huet d‘Léierpersonal an de Schoulcomité sech iwweraus beandrock gewisen, wéi gutt d‘Kanner déi sanitär Moossnamen unhuelen. „Et ass nach net fäerdeg, mee et ass keng Oppositioun do“, sou de Paul Bodson, President vum Schoulcomité.

Wärend Homeschooling de Schüler just méisseg gefall huet an och d‘Maskeflicht net esou dat war, hunn déi Mannsten nach Angscht virum Virus, Ob si trotzdeem nach ëmmer gutt géifen oppassen? Dës Fro gouf direkt bejot, an och wann et keng generell Maskeflicht méi fir Schüler an Enseignanten gëtt, esou spiere sech Verschiddener méi sécher mat, wéi ouni.

De Xavier, ganz perséinlech

Den Tour goung emol duerch all Alterskategorien, bis schliisslech d‘Schüler vum Cycle 4.2. sech d‘Zepter gekroopt an de Ministere Froe gestallt hunn. „Wou waars du dann an der Schoul?“, „Wéini bass du Premier ginn?“ a „Wéi al bass du?“, ware just e puer Punkten déi déi 11- an 12- Järeg besonnesch interesséiert hunn.

Rentrée am Fondamental Kielen
© Shari Pleimelding / moien.lu

Et sollt awer och nach emol emotional ginn. „Wat ass däin Dram?“ huet ee Schüler de Xavier Bettel gefrot. „Datt geléifte Mënschen een net verloossen“. Nodeems säi Papp fréi gestuerwen ass, besicht eise Premier seng Mamm esou oft et geet. Hien hätt erkannt wéi wichteg Zäit ass, wéi vill ee vun den Elteren a Grousseltere léiere kann, a wéi schued et mat engem „hätt ech…“ zeréckgelooss ze ginn.

Wärend fir déi eng mam éischte Schouljoer den Eescht vum Liewen esou lues ufänkt, bedeit d‘Rentrée 21/22 fir aner Schüler, datt si sech op de Lycée virbereeden. Fir si all kann ee just hoffen, datt et e méi rouegt Joer gëtt, wéi dat virdrun, esou datt d‘Chance op Bildung duerch Presenzunterrecht nees gestäerkt gëtt.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie vun der Rentrée 21/22 zu Kielen © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Beruffswonsch, Bildung, Claude Meisch, Félix Eischen, Fondamental, Gespréich, Grondschoul Kielen, Rentrée 21/22, Schoul, Xavier Bettel
Next post Previous post