Search

You may also like

Humanitär Hëllef an Haiti mat zwee weidere Pompjeeën vum CGDIS
Neiegkeeten

Humanitär Hëllef an Haiti mat zwee weidere Pompjeeën vum CGDIS

Nom Äerdbiewen an Haiti sinn zwee weider Pompjeeën vum CGDIS

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare
Neiegkeeten

D’Police seet: Maacht lues, et gëtt véier nei Radare

Wéi et vun der Administratioun vun de Ponts & Chaussées

Kino um Glacis mat Drive & Walk-In
Neiegkeeten

Kino um Glacis mat Drive & Walk-In

Vum 21. Juli bis den 1. August 2021 verwandelt sech

Rentrée an der Policeschoul: 200 Stagiaire fänken hir Formatioun un

Gëschter goufen 200 zukünfteg Poliziste an der neier Policeschoul um Findel begréisst. Hei wäerte si iwwert ee Joer theoretesch a praktesch Erfarunge sammelen, ier et op den Terrain geet. An dësem Kader hunn den Henri Kox, Minister fir Bannesécherheet an de Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police dës Rentrée um digitale Wee verfollegt.

Um 26. Abrëll 2020 ass d’Policeschoul ageweit ginn an duerft gëschter schliisslech seng Dieren fir d’Stagiairen opmaachen. Fir den Henri Kox ass dëst direkt en Erfolleg op dräi Niveauen: Dat neit Gebai um Findel konnt trotz Pandemie fäerdeg gestallt an opgemaach ginn, et konnt ee genuch Persoune fir de Beruff vum Polizist rekrutéieren an och d’Formatioun ass un d’Besoinen um Terrain ugepasst ginn.

All Joer kënnen hei 200 Stagiairen opgeholl an ënnerriicht ginn, wat ganz den Ziler vum grousse Rekrutement vun 2020 entsprécht. Fir de Minister e Grond méi sech houfreg ze weisen, mee och op d’Responsabilitéite vun den zukünftege Poliziste géigeniwwer der Zivilgesellschaft hinzeweisen.

Wärend hirem Openthalt an der Policeschoul kréien d’Stagiairen theoretescht a praktescht Wësse vermëttelt. Dozou gehéieren d’Verënnerleche vu verschiddensten Techniken, d’Aspekter vun der Sécherheet, d’Gesetzer an d’Rechter vun der Police, Coursen zur administrativer Police an der Kriminalpolice, kierperlech Aktivitéiten fir déi eege Fitness a Konditioun, sou wéi den Ëmgang mat Waffen.

Ass dat Joer erfollegräich ofgeschloss, geet et fir d’Stagiairen schonn op den Terrain. Ganz nom Motto „Learning by doing“ solle si hir Erfarungen verdéiwen, andeem si d’Realitéit dobausse kenneléieren, ouni dobäi a Gefor ze geroden.

Billergalerie: © MSI / Police grand-ducale

Related topics Findel, Henri Kox, Minister fir Bannesécherheet, Philippe Schrantz, Policeschoul, Polizist, Rekrutement, Rentrée, Stagiaire
Next post Previous post