Search

You may also like

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger
Neiegkeeten

Dräi Joer am Asaz fir d’Escher Bierger

Esou wéi de Koalitiounsaccord tëscht der CSV, DP an déi

Och kleng Schrëtt soll ee luewen
Neiegkeeten

Och kleng Schrëtt soll ee luewen

De charismateschste vun allen US-Presidenten hat wärend senger Regierungszäit Sanktiounen

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch
Neiegkeeten

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch

E Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch de Projet zur

D’Reorganisatioun vum RGTR-Reseau op September verréckelt

D’Reorganisatioun vum RGTR-Reseau op September verréckelt

Nodeems een agesinn huet, datt och ee klengt Land wéi Lëtzebuerg dauerhaft am Wandel a vu Wuesstem, neie Besoinen an enger gewësser Entwécklung betraff ass, gouf an de leschte 4 Joer an enker Kollaboratioun mat de Gemengen a Bierger ee Plang zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau opgestallt. Ma, och hei zwéngt d’Pandemie vum Covid-19 déi éischt Changementer, déi eigentlech fir Mee 2020 virgesi waren, no hannen ze verréckelen.

Déi 1. Phas vun der Reorganisatioun, duerch déi ab dem 9. Mee 2020 nei Horaire virgesi waren, gëtt elo op September 2020 verréckelt. Vir d’Rentrée 2020/2021 soll et esou zu den éischten Ännerungen am RGTR-Reseau kommen. Déi final Phas, déi eigentlech fir September 2021 geplangt war, wäert sech soumat och ëm 4 Méint no hanne verschiben.

Opmaacherfoto: © Reinaldo Kevin / Unsplash

Related topics Coronavirus, Covid-19, Ëffentlechen Transport, Ëmstrukturéierung, Neiorganisatioun, RGTR-Reseau
Next post Previous post