Search

You may also like

Erneit en Attentat op eng Moschee am Afghanistan
Neiegkeeten Stories

Erneit en Attentat op eng Moschee am Afghanistan

Nodeems et leschte Freideg zu Kundus iwwer 40 Affer bei

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
Neiegkeeten Stories

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
Neiegkeeten Stories

Fiktioun oder awer Realitéit – Alien-Invasioun um Belval

Befanne mir eis nach an der realer Welt oder si

Chamber fir partiell Reouverture vum Horesca-Secteur

Chamber fir partiell Reouverture vum Horesca-Secteur

Nodeems an der Gesondheetskommissioun decidéiert gouf, den Amendement vum Covid19-Gesetz betreffend d‘Ouverture vun den Terrasse guttzeheeschen, huet de Mëtteg de Rapporter vum Gesetz a President vun der Gesondheetskommissioun, Mars di Bartolomeo, dat Ganzt an der Chamber elo zum Vott virgeluecht. D‘Oppositiounsparteien hunn de Rapport awer net ugeholl.

De Mars di Bartolomeo war allerdéngs däitlech. Et wier ee gewote Schratt, och wann ersiichtlech wier, datt de Risk vun der Kontaminatioun an dësem Kontext éischter geréng ass. Zudeem sinn nach weider Oplage fir d‘Terrasse bestëmmt ginn. Déi wichtegst: maximal zwou Persoune pro Dësch, Mindestofstand tëscht den Dëscher 150 Zentimeter. De Regëster fir d‘Clienten ass och vum Dësch.

Fir de Claude Wiseler (CSV) war et wichteg, datt hei de richtegen Equiliber muss am A behale ginn, an een och muss berécksiichtegen, datt d‘Zuele laang net esou gutt sinn, wéi se verschiddentlech interpretéiert ginn. D‘Weiderféiere vun den am Januar beschlosse Mesuren, huet zudeem net zur Reduktioun vun den Infektiounsfäll gefouert. Hei stellt sech dann alt nees d‘Fro vun der Zilsetzung.

D‘CSV-Fraktioun fuerdert zanter Méint ee Stufeplang. Dat gëtt ëmmer nees verworf, well et kee Sënn géif maachen. Laut dem Claude Wiseler eng seriéis Feelaschätzung. Zudeem verléiert ee mat dëser Aart a Weis d‘Situatioun ze geréieren, ëmmer weider u Kredibilitéit. D‘Ouverture vun den Terrassen, esou wéi se encadréiert gëtt ass Ok, mee et freet sech op et fir de Secteur eng Hëllef ass.

Wann ee bannent der CSV-Fraktioun och net erfreet ass, wéi d‘Koordinatiounsaarbecht vun der EU gelaaf ass an nach leeft, esou huet een dat awer ënnerstëtzt. De Claude Wiseler ass nämlech der Meenung datt d‘Regierung eleng dat net hi kritt hätt. Hie géif awer de Premier invitéieren – och wann d‘EMA nach keng gréngh Luucht ginn huet – sech bei de Russen Impfstoff ze besuergen.

Och mat der Impfstrategie ass een net wierklech averstanen, an dann ass do nach déi Saach mam Impfpass/Green Card. Et wier een net fir en Zweeklassesystem, mee et géif een dat awer och elo ënnerstëtzen. Fir de Recht hätt gären eng kloer Uso, a wéi eng Richtung et soll weider goen. A wat ass mat de Schnelltester? 1,5 Millioune schéngt wéineg fir ee systemateschen Asaz vun den Tester.

Gedëlleg, impfbereet awer midd

D‘CSV ass also mam Text averstane kann dësen awer net matstëmmen, well et nach ëmmer keng legal Basis gëtt, déi esou net akzeptabel sinn. Fir de Fraktiounschef vun der DP, Gilles Baum zielt wat an der Lëtzebuerger Press steet, an déi soll déi lescht Woch verbreet hunn, datt 70% vun de Residenten impfbereet wieren. Déi hätte fir hir Gedold dann elo och emol ee Merci zerguttst.

De Gilles Baum weist awer drop hin, datt een nach net aus der Affär ass, eis Noperen nees ufänken nervös ze ginn. Hie gleeft awer der EU-Kommissioun, wann déi behaapt, datt bis de Juli 70% vun allen erwuessenen EU-Bierger geimpft oder immun sinn. Wat bedenklech wier, bezitt sech op d‘Renitenz vun de Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur, déi d‘Impfung verweigeren.

Hei misst een eng ënnerhuelen, wann ee kee kann zwénge, sollt e versiche bekannt Gesiichter aus Sport & Kultur ze fannen, fir eppes positiv Propaganda ze maachen. Zur CSV just esouvill: et ass net ersiichtlech wat se Well, et ass net emol ersiichtlech wien eppes ze soen huet. Ass et d‘Partei, ass d‘Fraktioun sinn et Eenzelfäll? Den „Iwwerfall“ op d‘Familljeministesch war dann och Thema.

De Gilles Baum betount nach emol, datt näischt ënnert den Teppech gekiert gouf a ganz Transparent mat den dramatesche Virfäll vun Nidderkuer a Käl ëmgaange gouf. D‘Regierung géif wierklech alles ënnerhuelen, fir de Bewunner vun den Alters- a Fleegeheemer, wéi och de Leit a betreite Strukturen de gréisstméigleche Schutz ze garantéieren. Leider gëtt et nach keen 100% Schutz.

Zu den Terrassen: hei wënscht sech den DP-Fraktiounschef, datt et méiglechst gutt Wieder soll ginn. Hie verweist och nach op eng Etüd, déi géif verdäitlechen datt de beschte Schutz nach ëmmer de sozialen Ofstand ass. An dësem Sënn géifen Ausgangsspär an Oplage fir den Handel sech berechtegen. Hir rifft d‘Land och dës Kéier nees zum Zesummenhalt an Duerchhalen op.

Routine gëtt et net

De LSAP-Fraktiounschef Georges Engel, weist op d‘Komplexitéit vum System hin, a bedauert dat vill Leit sech weder mam Prinzip nach dem Inhalt ausenanersetzen. Och hie gräift nees op vill Zuelen zou, wat de Leit déi nolauschteren/nokucken, dat mat der Komplexitéit allerdéngs éischter nach méi komplizéiert virkomme loossen. Besonnesch wou de Sozialist nach net aus dm Bësch ass.

D‘Terrassen opzemaachen, wier eng Lackerung vun de Mesuren. Sécher kéint een elo iwwert d‘Auerzäiten, d‘Unzuel vun de Leit pro Dësch a villes méi streiden. Mee et gëtt de Leit Hoffnung, an de Betriber Perspektiven. Dat natierlech wärend ee sech um lafenden hält, wat d‘Noperen esou maachen. Et wier awer richteg, datt mir als Lëtzebuerg eise Wee ginn,

Vun do aus ze behaapten, datt d‘Oppositiounsparteie géint d‘Gesetz stëmmen an esou folglech géint d‘Ouverture vun den Terrassen ass, ass dann awer eng zolidd Ligen a Verdréinung vun den Tatsaachen. Hei geet et dem Deputéierte just drëms dat de Saz am Verbatim steet, fir deen an de Walen nach emol zu passender Geleeënheet ervirzehiewen. Mee och dann ass nach ëmmer gelunn.

Hien ënnerstellt dann och der CSV, datt si d‘Corinne Cahen als déi Verantwortlech fir den Dout vun de ville Senioren an de Strukture presentéiert, wärend ee vun hire Leit, de Marc Fischbach am Radio d‘Aarbecht vun der Familljeministesch luewe géif. D‘CSV sollt emol hir eege Problemer léisen, iert se anere Feelverhalen, jo esouguer grav Feeler bis déidlech Feeler géif ënnerstellen.

Datt d‘Spärstonn bäibehale gëtt, kann ee jo unhand wëssenschaftlechen Etüden (Uni Oxford) gutt beweisen, woubäi et géif duergoen, sech déi riseg Sauerei op den Dräi Eechelen zu Gemitt ze zéien, fir selwer ze erkennen, wéi wichteg d‘Spärstonn ass. De Sozialist géif sech ofschléissend net engem Asaz vum Sputnik V verwieren. Et misst jiddefalls doriwwer diskutéiert an nogeduecht ginn.

Der Hoffnung eng Chance ginn

D‘Josée Lorsché Fraktiounspresidentin vun den déi gréng stellt aleedend fest, datt et bei der CSV fréier emol Markant Nimm ginn hätt. Dat kann een esou am Raum stoe loossen. Si begréisst datt et zu Lackerung kënnt, gemengt ass d‘Ouverture vun de Terrassen. Dat wier sécherlech net ganz wirtschaftlech, mee et géif de Mënschen d‘Gefill vermëttelen, nee Fräiheeten zeréck kritt ze hunn.

Si huet sech fir d‘Impfstrategie an d‘bäibehale vum Large Scale Testing (LST) ausgeschwat. Si weess wéini mir wéi eng Unzuel vu wéi engen Dose kréien, mengt datt ee gutt berode wier och d‘Hausdokteren an d‘Impfcampagne anzebannen. Et verschléisst ee sech net dem Sputnik V, wann och déi aner dësen Impfstoff géifen uwennen. Eng eesäiteg Decisioun wier hei net ubruecht.

Zu de Selbsttester: si géifen eng grouss Roll am Zeenario spillen. Et wier och keng Konkurrenz fir d‘PCR-Tester. Si solle maximal an de Schoulen an de Strukture fir Senioren agesat ginn. Op se eppes daachen? Eventuell wier et net esou genee wéi de PCR-Test, mee et géif keng Alternativen. Dat dierft d‘Hiersteller vun den Tester an d‘Aktionäre frëndlech stëmmen. Mee gutt, ass eben esou.

Da gëtt och op déi séilesch Problemer vun de Kanner a Jugendlechen higewisen, woubäi dat bei den Erwuessenen net besser ausgesäit. Laut den Josée Lorsché wier de Konsum vu Psychopharmaka zu Lëtzebuerg ëm 30% geklommen. E weidere Problem: d‘Aktivitéiten an de Veräiner. Hei ass d‘Josée Lorsché „hoffnungsvoll optimistesch“, datt d‘Veräiner an de Benevolat d‘Kris gutt iwwerstinn.

De Konter aus der Oppositioun

Am Kader vun der x-ter Verlängerung vum Covid19-Gesetz, begréisst de Jeff Engelen (ADR) natierelch d‘Ouverture vun den Terrassen, bleift awer bei senger Fuerderung, de Secteur ganz opzemaachen. Wat d‘Ëffnungszäite betrëfft: um 6 Auer moies ass et wuel nach eppes däischter, 18 Auer ass dogéint eppes fréi fir zur Nuecht giess ze hunn. Hei wier 21 Auer wuel besser gewiescht.

Fir d‘ADR ass d‘Impfung ee wichtegt Mëttel am Kampf géint d‘Pandemie, mee et gëtt drop bestanen, datt d‘Leit dat mussen aus eegene Stécker maachen. Et dierf dann och folgerichteg net zu ënnerschiddlecher Behandlung vu geimpften an netgeimpfte kommen. Datt sech op Bréissel verlooss gëtt, fir un d‘Impfstoffer ze kommen, ass weiderhin ee wichtege Kritikpunkt vun der ADR.

Den Dout vun de ville Mënschen an de Strukture fir Senioren (Nidderkuer a Käl) gëtt och hei der Familljeministesch ugelaascht. Problematesch gesäit de Jeff Engelen och den Ëmgang mam AstraZeneca a bedauert, datt sech hei op d‘Recommandatioun vun der EMA verlooss geet. Hie wéist och gäre wien am Fall vun Niewewierkunge „mat Folgen“ dann d‘Verantwortung huet.

Si hu vun Ufank un géint d‘Gesetzer gestëmmt, well se net mat de Grondrechter vereenbar sinn, a wäerten och dësen Text net stëmmen. Den David Wagner (déi lénk) stellt dréche fest, datt ëmmer déi selwecht Deputéiert, déi selwecht Sätz-Bausteng ervirbréngen. Wärend Wochen a Méint hätt een stänneg d‘Zuelen ëm d‘Ouere geschloe kritt, a domat d‘Fermeture vum Horesca jo och justifizéiert.

Ob dës Ouverture elo wirtschaftlech sënnvoll ass? D‘Symbolpolitik vun der Regierung ass et awer jiddefalls net. Gutt ass jiddefalls, datt de Regëster séier vum Dësch war. Datt dat aus dem Gesetz geholl ginn ass, also eng gutt Decisioun. Datt no engem Joer, nach ëmmer keen an der Regierung capabel ass ee Gesetz virzeleeën, datt juristesch haltbar ass, dat sollt engem ze denke ginn.

Den David Wagner mengt dat Kierche sollte Symbolpolitik maachen an net d‘Regierung, firwat elo no sechs Méint Spärstonn ab 23 Auer sollt Schluss sinn. Dofir gi méi streng Mesure an de Betriber (Sanitär Schutzmoossnamen) gefuerdert. Déi lénk kënnen och net novollzéien, datt déi Mesuren déi eeler Leit solle Schützen, anscheinend net do ugewannt sinn, wou se essentiell wieren.

Ofschléissend gëtt nach emol bedauert, datt een et hätt kënne besser maachen, dat awer politesch wuel ze vill verlaangt ass. Och de Sven Clement (Piraten) begréisst d‘Ouverture vun den Terrassen, och wann et mat den Auerzäiten hätt besser dierfe sinn. Mee et ass emol ee kleng Schratt, deen de Leit awer eppes Hoffnung gëtt. Dobäi steet fest, datt trotz an net wéinst den Zuelen opgemaach gëtt.

D‘Gesetz ass dann och a senger 14. Versioun nach ëmmer éischter Traureg. D‘Fuerderung no engem separate Vott, fir just den Artikel „Terrassen“ gouf ugeholl. De Recht vum Text kënnen d‘Piraten och dës kéier net matdroen. De Sven Clement ass och nach emol kuerz op de Regëster gaangen, a wéi een eppes esou schlecht kann ugoen, datt et engem herno selwer peinlech ass.

De Chef huet dat lescht Wuert

Hien huet dann eleng Stellung geholl, well d‘Gesondheetsministesch nach an Erhuelung. Datt dat wat haut decidéiert gouf kee grousse Worf wier war gewosst, mee et hätt ee keen anere Choix gehat. Et wier awer flott den Enthusiasmus bei de Betraffe vum Secteur ze gesinn, och wann et wuel nach kann eekeleg kal ginn. Zudeem stëmmt et datt et nach ëmmer eng Hausse bei den Infektioune gëtt.

Dës Hause awer, esou de Xavier Bettel, wier „linear“ an net „exponentiell“ firwat mir nach besser dostinn. Zudeem ass Lëtzebuerg solidaresch mat sengen Noperen, an huet och nees Patienten aus Frankräich, mee prezis der Regioun Grand Est, a sengen Intensivstatiounen opgeholl. Dat soll da wuel heeschen, datt de Risk deen d‘Ouverture vun den Terrasse mat sech bréngt anzeschätzen ass.

An dann ass do jo och d‘Wieder… ee lackelegt Fréijoerswieder. Hei gëllt et wierklech all d‘Gest Barrière anzehalen an d‘Mask unzedoen. Wat méi responsabel agéiert gëtt, wat een der Sortie méi no kënnt. De Premier insistéiert och op de Fait, datt kee gezwonge gëtt säi Bistro/Restaurant opzemaachen. Hie rappelléiert och, datt de Vaccin net garantéiert d‘Kontaminatioun ze stoppen.

De Premier mécht nach emol däitlech, datt och mat oder trotz gudder Impfstrategie, dës Pandemie eis nach eng Zäit laang begleede wäert. Wat d‘Virwërf a Richtung EU-Kommissioun ugeet, esou war et richteg d‘Bestellung zesummen ze maachen. Datt et do Problemer huet, an hie de Verdacht net lass gëtt datt dat vun den Hiersteller ausgeet. Wat de Sputnik betrëfft, hei brauch et Gedold.

Et wier een direkt bereet de Sputnik V ze bestellen, esou wéi d‘EMA dësen zouléisst, et kann een awer näischt bestellen, dat sech net benotze léisst. A wëll de Vaccin och en Oflafdatum huet, kann een eréischt drop zougräifen, wa geséchert ass, datt en och agesat ka ginn. Et wier elo dann och geséchert, datt déi lafend Bestellunge vun de Produzente sollten honoréiert ginn. Au Vote….

Art2: 58 Jo – 2 Nee

de Rescht: 31 Jo – 29 Nee

Illustratioun: Op ee Maufel oder just e Patt, fir unzefänke sinn emol zwee Leit un engem Dësch zougelooss (ausser et ass deselwechten Haushalt). Et ginn also kleng Dëscher gebraucht. © Lily Banse / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Impfstrategie, Ouverture, Terrassen, Verlängerung
Next post Previous post