De Prënz Guillaume gëtt neie Scoutechef
Nom dout vum Groussherzog Jean, deen zanter dem Enn vum
Nom dout vum Groussherzog Jean, deen zanter dem Enn vum
Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een
D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll
Vum 4. bis den 8. Juli huet déi 28. Sessioun dës Kéier zu Lëtzebuerg stattfonnt. Mat 57 Memberstaaten op dräi Kontinenter (Nordamerika, Europa an Asien) ass d’OSZE déi weltwäit gréisst Sécherheetsorganisatioun, déi sech duerch de politeschen Dialog an nohalteg praktesch Aarbechte fir d’Stabilitéit, de Fridden an d’Demokratie vu méi wéi enger Milliard Mënschen asetzt.
Fir méi genau ze sinn ass d’Organisatioun fir ee breede Spektrum u Sécherheetsfroen, sou wéi als Plattform fir gemeinsam Aktioune verantwortlech. Zil ass et d’Liewensbedingunge vun all eenzeler Persoun an der Gemeinschaft ze verbesseren. Heibäi gëtt déi politesch-militäresch Dimensioun, d’Wirtschafts- an Ëmweltdimensioun, sou wéi déi mënschlech Dimensioun matenee verbonnen. Duerch d’Zesummenaarbecht vun esou ville Memberen hofft een Konflikter virbeugen oder besäitegen ze kënnen, Krisemanagement ëmsetzen ze kënnen an Differenzen tëscht de Staaten ze iwwerwannen, fir esou nees Vertrauen opzebauen.
Opmaacherfoto: 1 Rei: S.A.R. De Groussherzog ass ëmginn (v.l.n.r.) vum Margareta Cederfelt (Schweden), Vize-Presidentin; dem Kari Henriksen (Norwegen), Vize-President; dem Doris Barnett (Däitschland), Tresorière; dem George Tsereteli (Georgien), President; dem Fernand Etgen, President vun der Chamber; dem Roger Wicker (USA), Vize-President; dem Victor Paul Dobre (Rumänien), Vize-President – 2 Rei: Peter Bowness (Groussbritannien), Vize-President; Sereine Mauborgne, franséisch Deputéiert vum Departement Var; Roberto Montella (Italien), Generalsekretär; Azay Guiliyev (Aserbaidschan), Vize-President; Kristian Vigenin (Bulgarien), Vize-President; Pascal Allizard (Frankräich), Vize-President © Cour grand-ducale / Sophie Margue