Search

You may also like

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…
International Money Neiegkeeten

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun

Facebook am Fokus vun der irescher Dateschutzkomissioun
International Money Neiegkeeten

Facebook am Fokus vun der irescher Dateschutzkomissioun

Irland huet e Freideg annoncéiert eng Enquête ageleet ze hunn,

Jidderee fënnt emol säi Meeschter, esou och am Dammefussball
International Money Neiegkeeten

Jidderee fënnt emol säi Meeschter, esou och am Dammefussball

Zu Beetebuerg kann sech de Racing (RFCUL) dräi wichteg Punkten

money

Reprise vun der Weltwirtschaft: OECD Zouversiichtlech

Reprise vun der Weltwirtschaft: OECD Zouversiichtlech

D‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) huet am Kontext vum Ministertreffen zu Paräis, eng besser Konjunkturlag annoncéiert. Nom Pandemie-bedéngten Ofschwong sollt d‘Weltwirtschaft sech 2021 nees erhuelen. Laut de leschte Prognosen, esou déi ganz erfreelech Nouvelle, soll d‘Weltwirtschaft nees ëm 5,8% zouleeën.

Fir Chefekonomistin vun der OECD, Laurence Boone, sinn déi wirtschaftlech Aussiichten elo awer net iwwerall déiselwecht. Wann dovunner auszegoen ass, datt déi meeschte Länner Enn 2022 nees op engem Niveau wéi virun de Pandemie wäerte sinn, esou wier dës Kris awer net iwwerwonnen. Et wier héchst bedenklech, datt opstriewend Natiounen an aarm Länner net genuch Vaccin kréien.

OECD

Béi dësem Sommet zu Paräis op „Ministerniveau“, dee vun den USA presidéiert, a vu Süd-Korea a Lëtzebuerg co-presidéiert gëtt, gëtt et am Kontext vun der globaler Relance ëm d‘Schafe vun enger grénger an inklusiver Zukunft. Haut soll zudeem de Generalsekretär Angel Gurria (zanter 2006 am Amt) vum fréieren australesche Finanzminister, Mathias Cormann, um Spëtzeposten ofgeléist ginn.

Lëtzebuerg gëtt bei dësem Meeting vum Staatsminister Xavier Bettel a eisem Finanzminister Pierre Gramegna vertrueden. Béid Politiker hunn eng zolidd Agenda: hei dierft deen agreabelste Moment d‘Passatioun vum Pouvoir tëscht dem austriedende Generalsekretär an der Mandatsaféierung vum „Neie“ sinn. Dës Zeremonie gëtt vum Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel geleet.

Keng Zäit fir Fisematenten

Am Kontext vun esou Treffen, huet et natierlech och eng helle Wull u bilaterale Gespréicher. Esou wëll sech de Premier ëm déi franséisch-lëtzebuergesch Koordinatioun am Kampf géint de Covid19 – hei besonnesch betreffend déi digital Zertifikater – këmmeren. Et sinn eng Entrevue mam Cédric O, Staatssekretär fir dat Numerescht, wéi dem franséische Regierungschef, Jean Castex, virgesinn.

OECD

Mat dësem dierft sech de Staatsminister iwwert déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht an déi bilateral Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ënnerhalen. Mee Paräis ass och ëmmer eppes Show, firwat sech ee Besuch an der Stëftung Biermans-Lapôtre, déi 2017 hiren 90 Jubiläum geféiert hat. Et ass d‘Haus an d‘Domizil vun de Studenten aus der Belsch a Lëtzebuerg.

Um Programm: en Treffe mat de Lëtzebuerger Studenten an eng Éierebezeechnung fir d‘Diane Miller, där hiert Mandat als Direktesch vun der Fondatioun zu Enn geet. Och de Pierre Gramegna huet Rendez-vousen: esou mam Pascal Saint-Amans, de Direkter vum steierpoliteschen an administrativen Zenter vun der OECD, wéi och sengem franséischen Homolog, Bruno Le Maire.

mat indymedia/par

Related topics Krisenausgank, OECD, Pierre Gramegna, Weltwirtschaft, Xavier Bettel
Next post Previous post