Search

You may also like

E gellege Pleséier, net nëmme fir d‘Krapperten
Neiegkeeten

E gellege Pleséier, net nëmme fir d‘Krapperten

Dir gehéiert zu deenen déi ni erwuesse wollte ginn, an

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza
Neiegkeeten

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a

Expo „Fil rouge“ vum Serge Koch am Schlassgoart
Neiegkeeten

Expo „Fil rouge“ vum Serge Koch am Schlassgoart

Ënnert dem Numm „Fil rouge“ bitt den Artist Serge Koch

Reschtoffallanalys 2018/2019: Eng Reduktioun vum Reschtoffall vun 13,2 % pro Awunner

Reschtoffallanalys 2018/2019: Eng Reduktioun vum Reschtoffall vun 13,2 % pro Awunner

Zënter 1992 féiert d’Ëmweltverwaltung vu Lëtzebuerg a reegelméissegen Ofstänn eng Analys zu de Reschtoffäll duerch. Bei der Analys vun 2018/2019 fält op, datt d’Reschtoffallopkommen – am Verglach zu 2013 – ganzer 13,2 % ofgeholl huet. Louch een deemools bei 223,2 kg pro Awunner a Joer, kënnt ee mëttlerweil op 193,7 kg pro Awunner a Joer. Generell gesäit d’Verwaltung dëst Resultat als globalen Erfolleg vun allen Acteuren un.

D’Offallgewiicht vun 193,7 kg pro Awunner pro Joer ënnerdeelt sech dobäi an 32,4 kg Konschtstoff (17 %), 61,2 kg Biooffall (31 %), 18,6 kg Kierperhygiènesartikelen (10 %), 34, 7 kg Pabeier/Kartong (18 %) an 46,8 kg aner Stoffer (24 %).

Reschtoffäll

Bei der Analys vum Offall, deen an eiser schwaarzer Tonn lant, stinn 16 Gemengen representativ fir all d’Lëtzebuerger Gemengen. Den Dreck ass dobäi a verschidde Gruppe sortéiert a méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn (méi Informatiounen dozou ënnen). Folgend Punkte sinn ervirzehiewen:

  • Problemstoffer: Bei der Analys vun 2013/2014 si virun allem Problemstoffer, wéi beispillsweis Medikamenter, Faarwe, Lack, Gasflächen oder och Elektroschrott opgefall. D’Zuel ass mëttlerweil liicht zeréckgaangen, d’Freed hält sech awer a Grenzen. Medikamenter a Kosmetik gi schliisslech geziilt a verstäerkt vun der SuperDrecksKëscht, respektiv op spezielle Recyclingplazen oder an Apdikte separat agesammelt.
  • Hygiènesartikelen: Heizou gehéieren ënnert anerem Fiichtdicher, Tampons, Binden an aner Einlagen oder och Wëndelen. Hei ass d’Zuel staark geklommen, woubäi d’Majoritéit vum Offall op d’Wëndelen zeréckzeféieren ass, déi duerch hiert Gewiicht an hir Mass schnell d’Dreckskëscht fëllen. Stoffwëndelen sinn hei eng Alternativ.
  • Kaffikapselen: D’Analys huet erginn, datt héichgerechent 956 Tonne Kaffiskapselen, wat ronn 54,6 Millioune Kapselen entsprécht, fir 2018/2019 ugefall sinn. An der Vergaangenheet louch een héichgerechent bei ronn 40,8 Millioune Kapselen, an dat trotz separate Sammelsystemer.
  • Biooffall: Nach ëmmer ass den Undeel vu Biooffäll immens héich (bis zu 30 % vum Reschtoffall). Bei der Aarbecht um Sortéierband hätt een direkt bemierkt, op eng Gemeng eng Biotonn ubitt oder och net. Gëtt nämlech eng extra Biotonn offréiert, läit ee bei 18,7 kg pro Awunner, wat däitlech ënnert dem Wäert vu Gemengen ouni Biotonn, läit. D’Verwäertung a spezielle Kompostéierungs- oder Biogasanlagen ass, laut Ëmweltverwaltung, net nëmmen obligatoresch, mee och méi sënnvoll an ëmweltfrëndlech.

Bemierkt gëtt, datt duerch obligatoresch Wäertstofferfaassungssystemer bis zu 63,5 % vum Reschtoffall vermeit kéint ginn.

Reschtoffäll

E puer Erklärungen zu Analys

Zënter 1992 si ganzer 5 Analysen zum Reschtoffall duerchgefouert ginn. Generell versteet een ënnert Reschtoffall de gemëschten Dreck, deen zu Lëtzebuerg an der schwaarzer Tonn lande soll. Fir dës Ënnersichung schafft ee sech manuell duerch d’Dreckskëschte vu representative Gemenge, fir uschléissend Réckschlëss zum Offallverhalen vu Lëtzebuerger Menagen treffen ze kënnen.

Virun allem wëll een esou Äntwerte fannen, wéi eng Elementer a grousse Mengen ze fanne sinn, wat fir Ënnerscheeder et zu fréieren Analyse ginn, op onerwaart nei Zorten un Offall an héijer Quantitéit optrieden a wéi sech déi offallwirtschaftlech Moossnamen op d’Zesummesetzung vum Ewechgeheiten auswierken.

Zil ass et déi verschidden Aarte vun Offall ze dokumentéieren, déi sech an eiser Dreckskëscht befannen. Ee besonnescht Aemierk gëtt op separat Sammelsystemer geluecht: Verpackungen, Liewensmëttelreschter, Metall, Textilien a villes méi sollt schliisslech, fir den eventuelle spéidere Recyclage, getrennt ginn.

Reschtoffäll

© Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Wéi leeft d’Analys vum Reschtoffall of?

Stellvertriedend fir all Gemeng vum Land goufe Prouwe vu 16 representative Gemengen an 2 Sortéiercampagnen (jeeweils 4 Wochen) geholl a méi genee ënnert d’Lupp geholl. D’Stéchprouwe goufen dobäi strategesch an no geographeschen (Syndikater), demografeschen (Vevëlkerungsdicht) an offallwirtschaftlech (Containervolumen, Biotonnenuschloss,…) Kritären ausgewielt.

Dobäi sinn 11 verschidde Fraktioune – vu Plastik a Pabeier, iwwert Textilien, Liewensmëtteloffäll, bis hin zu Problemstoffer, wéi beispillsweis Kosmetik- oder Hygiènesartikelen – getrennt a beziffert ginn. Fir nach weider an den Detail ze goen, goufen dës Fraktiounen nees a 34 Ënnerkategorien ënnersicht. Bei der 2. Sortéiercampagne sinn dunn Eeweekonschtstoffproduiten (Tellere, Becher, Stréihällem, Wattestäbchen, …) separat erfaasst ginn.

Saisonal Aflëss si bei de Prouwen, déi jeeweils ee Mol am Wanter (Februar) an ee Mol am Summer (Juni) gemaach ginn, berécksiichtegt ginn. Fir eng onangenehm Gerochs- a Keimbildung ze vermeiden an de Schutz vum Personal ze garantéieren, sinn déi grouss Offallbehälter een Dag no der „Liwwerung“ op d’Sortéierplaz op Kolmer-Bierg transportéiert a schnell manuell sortéiert ginn. No der Analys gëtt den Offall fachmännesch entsuergt.

An dësem Kader erënnert d’Ëmweltverwaltung nach emol u seng Null Offall Strategie, duerch déi een a Richtung Kreeslaf-Ekonomie a Reduktioun vum Eewee-Plastik histeiere wëll.

Related topics Biooffall, Eeweeplastik, Ëmweltverwaltung, Kaffikapselen, Konschtstoff, Offallverhalen, Pabeier, Plastik, Problemstoffer, Reschtoffallanalys, Schwaarz Tonn, SuperDreckskëscht, Wëndelen
Next post Previous post