Search

You may also like

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

money
Bertelsmann/RTL: Finanziell Schiflag wéinst Covid19
Neiegkeeten

Bertelsmann/RTL: Finanziell Schiflag wéinst Covid19

De gréissten europäesche Mediegrupp, deen aus gudde Grënn säi „Sëtz“

Wann et der einfach net gelénge wëll
Neiegkeeten

Wann et der einfach net gelénge wëll

Gëschter Owend huet de BoJo säin éischte politeschen Armageddon iwwerstanen,

Restart Tourism: Esou soll Lëtzebuerg touristesch opbléien

Stabiliséieren. Adaptéieren. Promovéieren

Restart Tourism: Esou soll Lëtzebuerg touristesch opbléien

Scho virun der sanitärer Kris huet Lëtzebuerg ee grousst touristescht Potential gebueden. Zënter senger Amtszäit als Tourismusminister promouvéiert de Lex Delles ëmmer nees eist Land, hieft d’Schéinheet an déi immens Diversitéit ervir a weist, datt Vakanz Doheem duerchaus derwäert ass. Jo, den Tourismussecteur gouf immens vun der Pandemie getraff, an awer wëll ee mat zuelräiche Moossnamen d’Rad erëm un d’Rulle bréngen.

Vum Hebergement, iwwert Aktivitéiten dobaussen an dobannen, bis hin zu kulturellen a gastronomeschen Erliefnisser ka Lëtzebuerg ganz gutt mat sengen Nopeschlänner mathalen. Eng Etüd vun TNS-Ilres vum Mäerz 2020 weist kloer, datt den Tourismus ee positiven Impakt op d’Bild, d’Ekonomie, de Patrimoine an d’Offer vum Land huet. Trotz der Kris dierf een elo de Kapp net hänke loossen, mee et muss een ëmsou méi staark ervirtrieden.

Finanziell Ënnerstëtzung fir de Fräizäittourismus

De Fräizäittourismus wier ouni de Benevolat net dat, wat en haut ass Zuelräich Associatiounen, Syndicats d’Initiatives an aner Asbl’en geréieren Attraktiounen an Infrastrukturen. Fir si ze ënnerstëtzen ass een Tourismusfong vun 3 Milliounen Euro ageriicht ginn. Dës finanziell Hëllef geet besonnesch un d’Asbl’en aus dem Secteur a muss net zeréckbezuelt ginn. De Montant variéiert dobäi vu Fall zu Fall.

Restart Tourism

Den Tourismusminister Lex Delles bei der Presentatioun vu Restart Tourism – Stabiliséieren. Adaptéieren. Promovéieren © MECO

D’Begeeschterung ass grouss

Als éischt e puer Zuelen: Eng weider Etüd vun TNS-Ilres, déi kuerz virun der Kris lancéiert gouf, huet gewisen, datt 88 % vun de Residenten un de kulturellen Evenementer deelhuelen, 80 % hu schonn Muséeën an 76 % Schlässer an der Heemescht besicht oder och zu Fouss (71%), respektiv um Vëlo (57 %) d’Land entdeckt.

Dem Statec no kommen 88 % vun den Touristen aus Europa, just 7 % vun hinne komme mam Fliger op Lëtzebuerg. Dat beweist, datt d’Clientèle virun allem aus der Ëmgéigend bei eis op Besuch kënnt. Ganzer 14 Milliounen Bierger aus Däitschland kéinte sech virstellen eng Vakanz zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Net nëmmen am Ausland, mee och am Inland besteet een immens positiivt Bild vum Land an der eegener touristescher Offer.

Lëtzebuerg – Dat ass Vakanz!

Mat der Campagne „Lëtzebuerg – Dat ass Vakanz!“ soll de Groussherzogtum als éischt Wiel beim Choix vun der Vakanzendestinatioun ervirkommen. Wien aus den eegene véier Wänn eraus wëll, dee muss net wäit fueren, fir eppes ze erliewen oder ze entspanen.

Fir de lokale Maart ze stäerken kritt all Lëtzebuerger Resident an och de Frontalier iwwer 16 Joer ee Bong am Wäert vu 50 €, fir am Groussherzogtum Vakanz ze maachen. Dëse Bong ka just am Beräich Hebergement – also zum Beispill fir eng Nuecht am Hotel, um Camping oder an der Herberg – ageléist ginn, ass duerch ee QR-Code personaliséiert a kann bis zum Enn vum Joer genotzt ginn.

Ronn 700.000 Bongen wäerten deemnächst verschéckt ginn. Ma, et wiere genuch Méiglechkeeten do, fir datt jiddwereen vun dëser Offer profitéiere kann.

Lëtzebuerg huet vill verschidde Facetten, an dës ginn unhand vu Broschüren virbildlecht. Heizou gehéiert beispillsweis „Si grad um Sprong“ mat de beschte Waasser-Spots a fräier Natur, „Dobaussen Doheem“ mat Tipps zu Trëppeltouren an inspiréierenden Erliefnisser, oder och „Mol séier entschleunegen“ mat super Tier fir d’Land zu Fouss ze entdecken.

Restart Tourism

D’Digitaliséierung gouf beschleunegt

Fir d’Konkurrenzfäegkeet ze garantéieren wëll Lëtzebuerg besonnesch op d’Digitaliséierung setzen. Zesumme mat de verschidden Acteuren gëtt elo no Verbesserungsméiglechkeeten am digitale Beräich gekuckt a Strategien ginn ausgeschafft fir beispillsweis online Ticketing-Servicer op-, respektiv auszebauen, oder och op déi virtuell Realitéit opzebauen.

Unhand vun de gesammelten Informatioune, Fotoen, Videoen a méi kann déi gesamt Offer méi einfach presentéiert ginn, wouduerch och d’Experienz fir de Visiteur nei Dimensiounen unhëlt.

De Secteur Business Events als grouss Erausfuerderung

De Beräich vun de Business Events – dozou gehéiere beispillsweis Kongresser a Foiren – kënnt engem wuel net direkt an de Sënn, wann ee vun Tourismus schwätzt, ass awer ee wichtege Pilier. Geschat gëtt, datt ëm d’Zuelen u Visiteuren ëm d’Halschent wäert erofgoen am Verglach zum Joer 2019.

Besonnesch hei huet d’Digitaliséierung schnell misse virugoen, wouduerch d’Majoritéit vun den Evenementer virtuell oder och am hybride Format (physesch a virtuell Presenz) organiséiert gi sinn. Et kann a well ee kee Schrëtt zeréckgoen, mee dëst Potential an Zukunft notzen.

Fir de gesamten Tourismussecteur heescht et elo net de Courage ze verléieren an dat Bescht aus der aktueller Situatioun ze maachen. An enker Zesummenaarbecht mat de concernéierten Acteuren wäert een et aus der Kris packen, do ass sech de Minister sécher.

Hei fannt Dir nach emol déi komplett Pressekonferenz:

Den Tourismusminister Lex Delles bei der Presentatioun vu Restart Tourism – Stabiliséieren. Adaptéieren. Promovéieren © MECO

Related topics 50 Euro Bong, Business Events, finanziell Hëllef, Fräizäittourismus, Lëtzebuerg – Dat ass Vakanz!, Lex Delles, Tourismusministère, Tourismussecteur, Vakanz Doeem
Next post Previous post