Search

You may also like

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen
Neiegkeeten

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen

Säit dem 27. November an nach bis den 22. Dezember,

Mat Mask an d‘Schoul
Neiegkeeten

Mat Mask an d‘Schoul

De ganze Schoulsystem am Frankräich wäert wuel nach laang vun

Cyclissem: Endlech ass et un den Dammen!
Neiegkeeten

Cyclissem: Endlech ass et un den Dammen!

Laang hunn d‘Damme vum Peloton missen drop waarden, dëse Samschdeg,

Villa Thilges: Wolz presentéiert säi restauréiert Gemengenhaus

Ganzer véier an en halleft Joer, sou wéi 7,1 Milliounen Euro hunn d’Renovéierungsaarbechte vun der Villa Thilges, dem eigentleche Gemengenhaus an der Wolzer Groussgaass gefuerdert. Leschte Freideg duerft dat historescht Gebai endlech ageweit ginn. Den ale Charme konnt e bäibehalen, wärend bei de Materialien op Natierlechkeet an Nohaltegkeet gesat gouf.

Als éischt awer emol e klengen Exkurs an d’Vergaangenheet. D’Patrizierhaus aus dem Joer 1880 gouf ursprénglech vum Gierwer Michel Thilges erbaue gelooss a konnt nieft de ville Fortschrëtter vun deemools glécklecherweis och déi zwee Weltkricher iwwerliewen. Am Joer 1963 huet d’Gemengeverwaltung d’Villa Thilges schliisslech fir 7 Millioune Lëtzebuerger Frang kafe kënnen.

Wolz Gemengenhaus
Bei der Aweiung dobäi waren och d’Inneministesch Taina Bofferding an de Patrick Sanavia, Direkter vum nationale Service des Sites et Monuments © Commune de Wiltz / Inez Verharen

Siwe Joer ass et elo hir, datt d’Renovéierungsaarbechten an de Raum gehäit goufen. E Lift fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit sollt agebaut, d’Büroe op iewescht Etage verluecht an e puer kleng Boboe riets a lénks restauréiert ginn. Schliisslech huet een awer misse feststellen, datt verschidden Holzdunne morsch waren – statesch Problemer ware virprograméiert.

De Plang gouf iwwerschafft. Dräi Joer drop gouf matgedeelt, datt baussen a banne renovéiert misst ginn, een déi zweet Etage an de Späicher vergréisseren wéilt an och den Dach frësch gemaach soll ginn. Am Abrëll 2017 ass d’Villa Thilges als nationaalt Monument klasséiert ginn. Mam Service des Sites et Monuments huet een e wichtege Partner gewonnen. Esou vill original Elementer sollte bäibehale ginn, wéi et nëmme méiglech ass.

Heizou huet de Fränk Arndt, Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz erkläert: „De Bau vun engem neie Gemengenhaus op enger anerer Plaz wier sécherlech méi schnell an einfach gaangen. Mee egal wéi wieren zousätzlech Renovatiounsaarbechten un der Villa Thilges noutwenneg gewiescht, well d’Gebai en architektonesch an historesch wichtege Wäert fir Wolz huet.“

Bei der Renovatioun huet d’Gemeng sech fir natierlech Materialien, wéi beispillsweis Lehmgips entscheet, fir esou e gudde Klima bannen garantéieren ze kënnen. Gläichzäiteg huet een op net-recycléierbar Materialien verzicht, déi fréier Miwwele gi weider genotzt, an zousätzlech Planze solle fir eng gutt Atmosphär a Loft suergen.

Wolz Gemengenhaus
© Commune de Wiltz / Inez Verharen

Dës weidere goufe Waasserspender installéiert, d’Liichtkonzept ugepasst a Beweegungsmelder agebaut, fir esou bei der Beliichtung Stroum ze spueren. D’Aarbechte belafe sech op 7,1 Milliounen Euro, wouvun en Deel vum Inneministère an dem Kulturministère iwwerholl gëtt.

Ab elo sinn nees all Gemengeservicer an engem eenzege Gebai ze fannen. Dëst wäert am September bei guidéierte Visitten presentéiert ginn – weider Detailer dozou kommen no. Op enger Fläch vun insgesamt 1.100 m² befanne sech 41 artisanal Entreprisen an 8 Büroe fir Etüden a Conseilleren. D’Aarbechten hu vun November 2016 bis Mee 2021 gedauert.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie mat Andréck aus dem renovéierte Gemengenhaus zu Wolz © Commune de Wiltz / Inez Verharen

Related topics ale Charme, Aweiung, Fränk Arndt, Gemeng Wolz, Gemengenhaus, Michel Thilges, Nohaltegkeet, Patrick Sanavia, Renovatiounsaarbechten, Restauratioun, Service des Sites et Monuments, Taina Bofferding, Villa Thilges
Next post Previous post